Search

You may also like

Editorial: Spannung pur am Streaming!
International Neiegkeeten

Editorial: Spannung pur am Streaming!

Streaming Portaler wéi Netflix rëselen d’TV-Industrie wakereg. Dat ass gutt

Vakanz mam Hausdéier: Wourop opgepasst MUSS ginn!
International Neiegkeeten

Vakanz mam Hausdéier: Wourop opgepasst MUSS ginn!

D’Vakanzenzäit steet kuerz virun der Dier. Soumat erënnert de Ministère

ACL: Dir braucht eng Vignette fir an d’Schwäiz oder Éisträich?
International Neiegkeeten

ACL: Dir braucht eng Vignette fir an d’Schwäiz oder Éisträich?

Ab haut verkeeft de Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) déi nei Vignetten

Prokurdesch HDP soll verbuede ginn

D‘Tierkei géif de Kurden allgemeng gären ee Lous wéi sengerzäit den Armenier vergënnen...

Prokurdesch HDP soll verbuede ginn

De Sultan Erdogan a säin Dram vun engem neien osmanesche Räich, dat nees als Weltmuecht an der Welt Unerkennung fanne soll, ka Kurde grondsätzlech net ausstoen. Wärend et him a Syrien liicht gemaach gëtt, seng Verbriecher zu Mord, Terror a Vergewaltegung unzedreiwen; wiert sech d‘HDP géint de Progrom deen d‘Kurden zanter Joren ausgesat sinn.

D‘HDP (Haklarin Demokratik Partisi) ass déi drëtt gréisste Partei an der Tierkei, a zweetgréisst Oppositiounspartei. An der HDP, déi erwisenermoosse prokurdesch ass, gëllt als „lénks“ a vertrëtt zudeem och d‘Rechter vun de Fraen an der LGBT-Communautéit. Vill gutt Grënn fir dem Recep Tayyip Erdogan säi Bluttdrock a geféierlech Beräicher ze leeden. Mee d‘Kurde mussen als éischt eliminéiert ginn, dat sinn alles Mäerder, Terroristen a wat engem soss nach gefälleg kéint sinn.

Well nom versichte Putsch et de Sultan ass deen decidéieren dierf wien wat an der Justiz ze soen huet, muss de Generalstaatsanwalt elo all seng Konscht opwannen, fir iwwert den Ëmwee vun enger Klo virum Verfassungsgeriicht, d‘HDP endgülteg verbidden ze loossen. D‘Uklo ass agereecht ginn, an d‘Regierung huet ugeuerdent den HDP-Deputéierten d‘Immunitéit ze entzéie fir se unzekloen.

Begrënnt gëtt dëse faschistesche Schachzuch – deen nëmme mat der Zoustëmmung vun der EU an der NATO esou widderstandslos duerchzesetzen ass – mat der Ligen: d‘HDP géif déi vun der Verfassung garantéiert Grondrechter a Fräiheeten dozou notzen, déi ondeelbar Integritéit vum Staat a sengem Land a Vollek ze zerstéieren an ze ënnergruewen. All d‘Vertrieder vun der HDP hätte Kontakt mat Terroristen, géife geziilt géint demokratesch an universell Rechtsreegele verstoussen.

EU-Finanzéierte Polit-Terror

De Sultan a seng AKP, hunn zanter der Muechtergräifung vill Geld a Kraaft opgewannt d‘Kurden ze diskreditéieren an et ass gelongen, vill Parteimemberen an de Prisongen onschiedlech ze maachen. Eigentlech wéilt de Recep Tayyip Erdogan allen d‘Doudesstrof operleeën, wat elo méi komplizéiert ass, wéi nach zu Zäite vum armenesche Genozid, deen de Sultan mam Holocaust verleegent.

Zu de prominente politesche Prisonéier, gehéiert beispillsweis de fréiere Vizepresident Selahattin Demirtas. Dee sëtzt zanter 2016 an Untersuchungshaft, an am Summer 2018 hat de Sultan vun der Justiz gefuerdert deem endlech de Prozess ze maachen, ee schëlleg ze schwätzen a fir all Zäiten ewech ze spären. D‘Vollek hat du ganz däitlech d‘Doudesstrof fir den HDP-Politiker gefuerdert an de Recep Tayyip Erdogan a laange Rieder bedauert, datt déi 2004 an der Tierkei ofgeschaaft gouf.

An de leschte Wochen ass dann awer nees verstäerkt zu Verhaftunge vun HDP-Membere komm. An ëmmer geet et ëm de Virworf „Terror“. Mat der selwechter Begrënnung goufen 2019 déi meescht vun de 67 HDP-Buergermeeschter „politesch neutraliséiert“ an duerch vun der AKP-Regierung ernannte „Verwalter“ ersat. Et war dat sengerzäit eng ganz wichteg an dréngend Moossnam…

Et heescht zudeem, datt dës Aktioun mat der EU ofgeschwat ass, well jo och d‘EU-Kommissioun der Usiicht ass, datt déi kurdesch Aarbechterpartei PKK – déi vun der EU als Terrororganisatioun gelëscht ass – déi eigentlech Kraaft hannert der HDP ass. Dat behaapten esou och d‘Amerikaner, trotz géigesätzlecher Ausriichtung an Zweiwel un der tierkescher Loyalitéit bannent der NATO. Dat huet elo éischter finanziell Grënn, wëll d‘Tierkei säin Arsenal beim Feind an net an den USA keeft.

Bréissel, wou d‘EPP an d‘Sozialisten d‘Soen hunn, a wou sech häerzlech gären iwwer China (dat wéinst den Uiguren an Hong Kong) a Russland (wéinst dem Alexej Nawalny an der Homophobie) geiergert gëtt, erkennt am Sultan ee groussen Demokrat virun onser Här, an iwwerweist Geld oder liwwert Waffen a sonsteg Rëschtungsgidder un d‘Tierkei. Offiziell stellt Bréissel at anescht duer.

Illustratioun: Devanath/pixabay

Related topics AKP, HDP, PKK, Recep Tayyip Erdogan, Terror, Tierkei, Verfassungsgeriicht
Next post Previous post