Search

You may also like

De Kollektivcongé bleift eis erhalen
Neiegkeeten

De Kollektivcongé bleift eis erhalen

Gläich ass et nees esouwäit an op eise Stroosse wäert

Zäit ze goen – D’AKK trëtt vum CDU-Virsëtz zeréck
Neiegkeeten

Zäit ze goen – D’AKK trëtt vum CDU-Virsëtz zeréck

Um Méindeg ass an der däitscher Politik d’Bomm geplatzt: D’CDU-Virsëtzend

Esch2022: E Bléck an de Programm fir Kanner a Jugendlecher
Neiegkeeten

Esch2022: E Bléck an de Programm fir Kanner a Jugendlecher

Am Kader vun Esch2022 sollen zuelräich Projeten den Interessi un

Health Care Act: Den Trump huet sech duerchgesat

Health Care Act: Den Trump huet sech duerchgesat

Washington – Bei den Republikaner ass d‘Stëmmung sécherlech beschtens, während bei den Demokraten d‘Enttäuschung dierft Spuren hannerloossen. Den Ëmbau vun dem als Obamacare bekannte Gesondheetsgesetz war allerdéngs denkbar knapp, wann ee consideréiert datt den Text mat 217 zu 213 Stëmmen am Representantenhaus ugeholl ginn ass. Den Demokraten hir Hoffnungen berouen elo um Senat, wou et gläichfalls bei der Ofstëmmung ganz enk misst zougoen.

Vir de Spriecher vun de Republikaner am Representantenhaus, Paul Ryan, ass et ee groussen Erfolleg. „Vill vun eis hu siwe Joer drop gewaart, haut ofzestëmmen. Vill vun ons sinn hei, wëll se versprach hate mat hirer Stëmm Obamacare ze reforméieren an d‘Bierger virun dësem zesummebriechen den Gesetz ze retten.“ sot den Paul Ryan beim Rendez-vous mat der Presse.

Fir déi eeler Leit gëtt et deier!

Am Mäerz war den éischten Ulaf fir d‘Reform an d‘Box gaangen wëll sech d‘Republikaner net konnten op ee Konzept verstännegen. Mat deem neie Gesetz ass dann elo virgesinn datt d‘Versécherungen vun eelere Bierger mat Virerkrankunge kënne méi héich Beiträg verlaangen. Ee ganz ëmstriddene Punkt, deen derzou gefouert huet datt elo aacht Milliarden Dollar zousätzlech ageplangt gi sinn, fir de Betraffenen ënnert d‘Äerm ze gräifen, respektiv dës Käschten opzefänken.

Fir d‘Kritiker vum Gesetz ass dat dann allerdéngs vill ze wéineg. Den Demokrat John McGovern léisst dann och kee gutt Hoer un der Reform: „Et ass een Desaster. Eng Alternative déi an iergendengem Hannerzëmmer zesumme geschoustert ginn ass. D‘Leit hate net emol Zäit d‘Gesetz ze liesen an wëssen dann och net wat datt alles soll bréngen. Een erbäermleche Prozess fir deen se sech all sollte schummen.

Wien wäert sech elo nach eng Versécherung kënne leeschten?

Wichteg ze wëssen ass, datt d‘Gesetz zur Ofstëmmung ugesat ginn ass ouni de Budgetsbüro vum Kongress dozou gefrot gi wär. Beim urspréngleche Plang hat déi onofhängeg Grupp gewarnt, datt Millioune vun amerikanesche Bierger keng Versécherung méi hätten. D‘Rosa DeLauro vun den Demokraten knoutert dann zerguttst: „Dat wäert geféierelech Konsequenzen fir Milliounen Amerikaner hunn. Datt wäert Liewe kaschten. Ech ruffen d‘Amerikaner op: Loosst se domadder net dervu kommen.

D‘Gesetz geet elo zur Ofstëmmung an de Senat an do ass d‘Majoritéit vun de Republikaner knapp. Esouguer de republikanesche Senater Bob Corker hält et fir onwahrscheinlech dat d‘Gesetz an der vcirleinder Form esou duerchkënnt. „Et gëtt hei eng republikanesch Aarbechtsgrupp mat Leit déi verschidden Ideologien vertrieden a mir schwätzen doriwwer, wat mer mat deem Gesetz maachen. Der wäert gesinn datt mir verantwortlech domadder ëmginn. Mir wëllen et verbesseren. Ech gesinn net datt dat Gesetz esou erausgeet, wéi et erakomm ass.

Dat erlaabt sech d‘Fro ze stellen ob zu gudder Lescht all d‘Republikaner wäerten Sangen. D‘Hoffnungen vun den Demokraten, an domadder alle deenen déi sech bis ewell nach eng Krankeversécherung konnte leeschten, berout elo um Senat.

Next post Previous post