Search

You may also like

Legal, illegal… wéi Italien Migratioun nei definéiert
Neiegkeeten

Legal, illegal… wéi Italien Migratioun nei definéiert

Wien elo mengt, datt Italien sech eng nei „Humanitéit“ entdeckt

Geschwënn ass nees „Black Friday“ an den Handel wëll nëmmen äert Bescht
Neiegkeeten

Geschwënn ass nees „Black Friday“ an den Handel wëll nëmmen äert Bescht

E gëtt ëmmer nees als dee „Verkafsevent“ vum Joer verkläert

Ateliers-Visitt vum Artist Jacques Schneider
Neiegkeeten

Ateliers-Visitt vum Artist Jacques Schneider

Gëschter huet S.A.R. d’Groussherzogin Maria Teresa den Atelier vum Kënschtler

HealthTech: De Secteur vun den Technologien an der Santé huet sech ausgetosch

HealthTech: De Secteur vun den Technologien an der Santé huet sech ausgetosch

Fir eng drëtte Kéier huet de Lëtzebuerger Secteur vum HealthTech op seng grouss Versammlung – dës Kéier a virtueller Versioun – geruff. D’Evenement, dat ënnert dem Titel „Overcoming COVID-19: The Response of the Luxembourg Healthtech sector“ ofgehale gouf, konnt ëm 100 Professioneller aus dem technologesche Beräich vun der Santé zesummebréngen, wat den Echange zur Evolutioun am Kontext vun der Pandemie, sou wéi den Austausch zu den Upassungen erméiglecht huet.

Organiséiert gouf d’Versammlung vum HealthTech Cluster vu Luxinnovation an dem Wirtschaftsministère. An dësem Kader huet de Minister Franz Fayot direkt ervirgehuewen, wéi wichteg dëse Secteur – dëse befaasst sech virun allem mat der Digitaliséierung an den Technologie vum Gesondheetswiesen an allen, wat domat verbonnen ass – fir déi ekonomesch Diversifizéierung ass.

Rezente Chifferen no sollen et zu Lëtzebuerg 136 privat Entreprisen am Beräich vum HealthTech ginn. Ronn 1.880 Persoune sinn 2020 esou beschäftegt gewiescht. Weider Zuelen an Detailer dozou sinn iwwregens op der Säit vum Luxembourg HealthTech Cluster ze fannen.

HealthTech© Luxinnovation

D’Geleeënheet hu sechs Entreprisen genotzt, fir ze presentéiert, wéi si hire Business-Model un déi sanitär Situatioun ugepasst hunn an domat och hir Resilienz verbesseren konnten. Duerch Investissementer an d’Digitaliséierung konnte si hir Aktivitéite, Produiten a Servicer weiderentwéckelen. Dobäi sinn si duerch verschidden ëffentlech Hëllefen ënnerstëtzt ginn.

Passend dozou huet de Wirtschaftsminister ervirgehuewen, dass ab dem 1. Abrëll ee weidere Mechanismus dobäi komme wäert, deen ëffentlech-privat Partnerschaften am medezinesche Beräich fërdert.

De Luxembourg HealthTech Cluster regroupéiert d’Entreprisen aus dem Beräich vun de medezineschen Technologien, den Apdikten, der Biotechnologie, dem Diagnostik an der Gesondheet. Si bidden eng Begleedung fir multidimensional Erausfuerderungen am Secteur unzepaken.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Stephanie Silvestri, Luxinnovation; Andreas Kremer, Co-founder a Managing Director, ITTM SA; Philippe Schmitz, Deputy CEO an Direkter, Rotarex SA; Jean-Philippe Arié, Cluster Manager HealthTech, Luxinnovation; Mario Treinen, Chief Operations Officer, B-Medical Systems; Jérémy Amzallag; Head of Regulatory Affairs, Eylio © Luxinnovation

Related topics Biotechnologie, Franz Fayot, HealthTech, Luxinnovation, medezinesch Technologien, Overcoming COVID-19: The Response of the Luxembourg Healthtech sector, Santé
Next post Previous post