Search

You may also like

Keen einfache Weekend um Norisring fir den Dylan
Kultur Neiegkeeten

Keen einfache Weekend um Norisring fir den Dylan

Bei der 7. an 8. Manche vum Porsche Carrera Cup

Eppes virgetäuschten Normalitéit gefälleg?
Kultur Neiegkeeten

Eppes virgetäuschten Normalitéit gefälleg?

Um Mëttwochnomëtten hunn de Premierminister an d‘Gesondheetsministesch am Pressebriefing d‘Aussiichten

money
“Actions positives”: Gläichbehandlung am Privatsecteur ausgezeechent
Kultur Neiegkeeten

“Actions positives”: Gläichbehandlung am Privatsecteur ausgezeechent

Um Donneschdeg sinn zu Rëmerschen vum Ministère fir Chancëgläichheet sechs

Heavy Petrol Unplugged: Akustesch Kläng zu Déifferdeng!

Heavy Petrol Unplugged: Akustesch Kläng zu Déifferdeng!

Fir eng éischte Kéier wäert d’Lëtzebuerger Bluesgrupp Heavy Petrol um 4. Oktober 2019 op der Bühn vum “Aalt Stadhaus” zu Déifferdeng een Akustik-Concert spillen. Dëse besonnesche Concert ass verbonne mam Retour vum Batteur a Grënnungsmember Konni Troost, sou wéi der Hëllef vun diversen Iwwerraschungsgäscht!

Am Joer 2011 hu fënnef musikalesch Kollegen sech zesumme gesat an de Blues zu neiem Liewen erwächt. Schnell hu si ugefaangen eege Stécker ze komponéieren an dës op zuelräiche Concerten ze presentéieren. Heavy Petrol war gebuer.

Viru knapp zwee Joer huet de Grupp, deen aus dem Woody Lunari (Gesang an Harmonika), dem Gigi Felten a Steve Richter (Gittar), dem Dan Kries (Bass), Konni Troost (Batterie) an Elise Nunes (Gesang) besteet, hiren Album mam Numm Petrol Train erausbruecht. Zesumme mat renomméierten Artisten, wéi Brother Dege & the Brotherhood of Blues, oder och op nationale Blues-Festivaller hutt Dir dës legendär Lëtzebuerger Band bestëmmt schonn emol live gesinn. Am Abrëll duerften d’Museker souguer eist Land an der Finall vum European Blues Challenge vertrieden.

De Klang vun Heavy Petrol gëtt vill vun Artiste wéi dem Jimi Hendrix, Johnny Winter a Joe Bonamassa beaflosst. Wéi kéint een do widderstoen? Markéiert Iech also dësen exzeptionelle Concert an Ärem Agenda!

Zesumme mat der Lëtzebuerger Grupp Eyes of the Shadow wäert Iech ee musikaleschen Owend am Minett gebuede ginn. Méi dozou ënnert stadhaus.lu.

Related topics Akustik-Concert, Alt Stadhaus, Heavy Petrol, Musék, Unplugged
Next post Previous post