Search

You may also like

Russland-Affär: Den FBI ergräift de Roger J. Stone Jr!
International Kultur Neiegkeeten

Russland-Affär: Den FBI ergräift de Roger J. Stone Jr!

Festgeholl an géint Kautioun nees op fräie Fouss gesat, d‘Schléng

ADEM wëll sech op Laangzäitchômeuren an d‘Integratioun vun de Flüchtlinge konzentréieren
International Kultur Neiegkeeten

ADEM wëll sech op Laangzäitchômeuren an d‘Integratioun vun de Flüchtlinge konzentréieren

E Freideg war d‘Direktesch vun der ADEM am Interview beim

Nuit des Musées – Méi wéi 23.500 Visiteuren si begeeschtert ginn
International Kultur Neiegkeeten

Nuit des Musées – Méi wéi 23.500 Visiteuren si begeeschtert ginn

A festlecher Ambiance huet déi 19. Editioun vun der Nuit

Lëtzebuerger Blues a Portugal: Heavy Petrol um European Blues Challenge

Lëtzebuerger Blues a Portugal: Heavy Petrol um European Blues Challenge

Wa Lëtzebuerger Blues-Gruppen opgezielt ginn, da sinn si sécherlech ëmmer mat vun der Partie! Aus dësem Grond representéiert Heavy Petrol de Grand-Duché Samschdes, de 6. Abrëll 2019 um European Blues Challenge 2019 a Portugal.

Déi musikalesch Rees huet schonn 2011 ugefaangen. Deemools hu fënnef Frënn, déi fir hiert Liewe gäre Blues-Musek spillen, sech zesumme geschloss fir eng Band ze grënnen: d’Gebuertsstonn vun Heavy Petrol! Reegelméisseg trieden si op grousse Lëtzebuerger Festivalen op, esou wéi de Blues Express oder och de Blues an d’ Jazz Rallye.

Wou den Dan Juchem an de Steve Richer bis de Blues-passionéierte Museker bäigetruede sinn, konnt Heavy Petrol mat eegene Stécker an Texter ervir stiechen. Mëttlerweil besteet d’Grupp aus 6 Memberen: de Woody Lunari (Gesang an Harmonika), den Dan Kries (Bass), de Gigi Felten (Gittar), den Dan Juchem (Batterie), de Steve Richer (Gittar) an d’Elise Nunes (Gesang).

An de leschte 7 Joer huet Heavy Petrol ee gewësse Status zu Lëtzebuerg gewonnen, sou datt si och mat groussen Artisten, wéi Brother Dedge, dem Ana Popovic, dem Junior Mack a ville weideren zesummen optriede kënnen.

2017 hu si den Album „Petrol Train“ erausbruecht. Mat Aflëss aus dem Blues/Rock stellt d’CD d’Resultat vu 6 motivéierten a passionéierte Museker duer. A wien dëst Wierk nach net doheem huet, den sollt emol beim CD Buttek beim Palais, multimediart.lu an aneren Download-Plattforme laanscht kucken.

Heavy Petrol

Related topics Band, Blues, Elise Nunes, European Blues Challenge, Heavy Petrol, Portugal
Next post Previous post