Search

You may also like

7 einfach Mierkmoler, mat deenen een de Guy an den Nico Helminger auserneen hale kann
International Neiegkeeten

7 einfach Mierkmoler, mat deenen een de Guy an den Nico Helminger auserneen hale kann

Sech ze iren ass nëmme mënschlech, gëtt gesot. Ma de

Tom Jungbluth vun der Skateboarding Federatioun: „Eng richteg Frëndschaft a Solidaritéit!“
International Neiegkeeten

Tom Jungbluth vun der Skateboarding Federatioun: „Eng richteg Frëndschaft a Solidaritéit!“

Mam Zil bestëmmte Sportaarten ervirzehiewen, déi net esou bekannt sinn,

Déidlech Iwwerschwemmungen an Zentralchina
International Neiegkeeten

Déidlech Iwwerschwemmungen an Zentralchina

Ob de Biller, déi vun de staatleche Medie bereetgestallt goufen,

Heespréngerplo an Ostafrika

Heespréngerplo an Ostafrika

Et ass eng reegelrecht Invasioun vun Heesprénger déi Ostafrika iwwert sech ergoe loosse muss. Elo huet Somalia den Noutstand ausgeruff, well d‘Versuergung vun der Bevëlkerung, déi ënnert normalen Ëmstänn schonn net zu beschten ass, elo direkt bedreet gëtt.

Ostafrika

An d‘Biller déi aus Somalia kommen si reegelrecht erschreckend. Wou sech e Schwarm Heesprénger – dat sinn hei tëscht 30 a 40 Milliounen Insekten – iwwert ee Feld hir mécht, bleift näischt méi iwwreg. Alles wat „gréng“ ass, gëtt vun den Heesprénger a kierzester Zäit ewechgefriess. Esou ginn Tonne u Liewensmëttel verluer. D‘UNO ass alarméiert an schwätzt vu massiver Zerstéierung.

Wéinst dëser Heespréngerplo huet déi somalesch Regierung iwwert de Weekend den Noutstand ausgeruff. De Landwirtschaftsministère huet erkläert, datt déi schonn esou net gutt opgestallte Versuergung vun der Bevëlkerung zolidd bedreet wier. Woubäi „Ministère“ ass gutt gesot: dëst Land um Har vun Afrika huet net wierklech eng Regierung, also zumindest keng déi funktionéiert.

Ostafrika

An et sinn net nëmmen d‘Schabaab Milizen déi ee seriéis mentale „Gesondheetsproblem“ hunn, och déi „vu Gott ausgewielte“ Scharlatanen hunn hir Stonn erkannt.

A Somalia huet déi radikal-islamesch Shabaab-Miliz d‘Kontroll iwwerholl, wat zu enger stänneger Hongersnout am Land gefouert huet. Mat den Heesprénger déi sech elo och nach um leschte gréngs ze schaffe maachen, dreet hei eng humanitär Katastroph. An de leschte Méint war et d‘Wiesselspill tëscht Dréchent an Iwwerschwemmungen, firwat de groussen deel vun der Rekolt vernicht gouf.

Heesprénger versus Pestizide

Den Dominique Burgeon vun der FAO, verweist drop, datt ausser Somalia, och d‘Nopeschlänner Kenia an Ethiopien vun der Heespréngerplo betraff sinn: „Mir sinn hei an enger Regioun, wou 11 Millioune Mënsche schon ënnert ‚normalen Ëmstänn‘ vu Mangelernierung bedreet sinn. Elo muss alles ënnerholl ginn, fir eng Verschlechterung vun der Situatioun ze verhënneren“.

Ostafrika

Esou ee Schwarm Heesprénger brauch net emol Minutte fir bis op dat lescht gréngt Blat de Bam ofzegrasen. Bannent engem Dag kënnen dës Schwäerm honnerten Hektar Land vernichten. © R.Nesoba

A mat „Alles“ ass d‘Verspreeë vu Pestiziden aus der Loft gemengt. Et wier dat eenzegt wat nach géif wierken. A Kenia – wou d‘Islamisten nach net op alles schéissen – sinn spezialiséiert Fliger ënnerwee, mee de Kampf géint d‘Heesprénger erweist sech als zimlech komplizéiert. D‘Dionisia M‘Euraki vum kenianesche Landwirtschaftsministère, ass ugesiichts dëser „Plo“ besuergt.

Dës Wüsten-Heesprénger si keng normal Plo. Esou eppes hu mir bis ewell nach net erlieft a waren och net drop virbereet. Mir hunn emol fir unzefänke missen iwwerleeën an diskutéieren, wéi eng Chemikalien agesat solle ginn. Bei den éischte Versich hu sech d‘Heesprénger net emol schlecht gefillt“, esou d‘Dionisia M‘Euraki. Mëttlerweil stinn déi „richteg“ Mëttel zu Verfügung…

OstafrikaMee et gëtt einfach net genuch Fliger fir se ze verspreeën. An d‘Heesprénger vervillfältegen sech an enger Vitesse déi enorm ass. Millioune setzen op de Biedem a planzen sech weider, wat ugesiichts enger fir d‘Reproduktioun gënschteg Meteo (et fir dës Joreszäit ongewéinlech vill) derzou féiert datt sech d‘Eeër vun de Weibercher am fiicht-waarme Buedem beschtens entwéckele kënnen.

A Somalia, wou nach net emol Fliger ënnerwee sinn, ass d‘Bedreeung enorm. Hei kéinten d‘Schwäerm vun Heesprénger op dat 500facht uwuessen. Et goufe schonn Heesprénger-Schwäerm notéiert déi Flächeméisseg d‘Gréisst vu Lëtzebuerg hunn. Hei zeechent sech op en Neits eng onmoosseg Hongersnout of, déi wuel och nees hiren Deel u Flüchtlingen ervirbrénge wäert…

mat indymedia/mom

Foto: © Wolfgang Hasselmann / unsplash

Related topics Ethiopien, FAO, Heesprénger, Heespréngerplo, Kenia, Naturkatastroph, Ostafrika, Somalia
Next post Previous post