D‘Eurogrupp op der sich no engem neie Chef
D‘Eurogrupp, domatter sinn d‘Finanzminister vun Euro-Zon gemengt, mussen sech am
D‘Eurogrupp, domatter sinn d‘Finanzminister vun Euro-Zon gemengt, mussen sech am
Gëschter Moien huet den Transportminister François Bausch 29 neie Kontrolleure
Um zweeten Dag vu senger Rees a Polen huet de
An de südlechen US-Bundesstaaten Alabama a Louisiana si bei den heftegen Onwieder zur Stonn mindestens dräi Persoune verstuerwen an Dosende Mënsche blesséiert ginn. Et koum zu massive Stroumausfäll an zolitte Beschiedegungen.
De Bilan vun de Schied, materiell wéi human, wäert nach en Ament op sech waarde loossen. Vill Géigende sinn zur Stonn nach ëmmer net accessibel. Ëmgefale Beem a blockéiert Stroossen maachen et de Rettungsdéngschter grad net einfach zu de leit ze gelaangen. D‘Nuecht dréit dann och net derzou bäi, datt et méi einfach gëtt.
Am Bundesstaat Louisiana, méi prezis am Vernon County, huet eng Persoun hiert Liewe verluer, wéi en Tornado iwwert Gemeng hiergefall ass. Am Norde vun Alabama, nërdlech vun Huntsville, sinn zwou Persounen duerch en anere Stuerm ëm d‘Liewe komm. De Stuerm huet Haiser an Caravannen zerstéiert, Beem a Stroumleitungen ëmgerappt.
Villeruerts ass de Stroum ausgefall, a verschiddene Stied sinn Noutënnerkënft ageriicht ginn. Laut de Meteorologe sollt d‘Onwieder a Richtung Oste weiderzéien. Eng Tornadowarnung hat et fir d‘Golfküst vu Louisiana bis an den Tennessee ginn. Alabama, West-Georgia a West-Florida waren als net esou staark gefäerdet agestuuft ginn.
De Meteorolog Donald Jones vum nationale Wiederdéngscht weist dann och drop hinn, datt de Wee vum Tornado bei Alexandria, mat ronn 100 Kilometer „ongewéinlech laang“ ass. Woubäi hien och bemierkt, datt Wierbelstierm am Dezember, fir d‘Südstaaten vun den USA net aussergewéinlech sinn. Si wieren awer vill méi intensiv, wéi dat üblech ass.
Foto: Wat de Stuerm zu Webster Parish ugeriicht huet, huet sech iwwer zwee US-Bundesstaaten esou zougedroen. © Jamie Ostrof (via Twitter)