Et dreet Ongemaach fir eis Krapperten
Schonn déi lescht Woch hat d‘FELSEA denoncéiert, datt hir Strukturen
Schonn déi lescht Woch hat d‘FELSEA denoncéiert, datt hir Strukturen
Een néie Projet vun der „Kooperativ vun der Atert“ mam
Mat engem Benefice vun 12,5 Milliounen Euro fir 2018, konnt
Ronderëm d‘Mëttelmier huet d‘Natur seng ganz Gewalt agesat a fierchterleche Schued ugeriicht. Katalounien, Korsika an de Var (Departement a Südfrankräich) hunn a 24 Stonnen esouvill Reen ofkritt wéi soss an dräi Méint. Mënsche goufe blesséiert, och Doudeger soll et ginn hunn.
A Katalounien hat an der Nuecht vum Dënschdeg op e Mëttwoch apokalyptesch Néierschléi ginn. E Mann vun Arenys de Munt (Nordëstlech vu Barcelona) ass dout um Strand opfonnt ginn. Laut de Police wier de 70 järege vun de Waassermasse matgerappt ginn an erdronk. An der spuenescher Provënz Tarragona sichen d‘Rettungsmannschaften no enger Fra mat hirem Kand an och dräi Leit, deenen hir Autoe verlooss opfonnt goufen, ginn zur Stonn nach vermësst.
Déi onvirstellbar Waassermassen hunn zu Iwwerschwemmungen an Äerdrëtsch gefouert. Stroossen a Eisebunnsstrecken hu misse gespaart ginn. Bis zu 25.000 Menage wieren ouni Stroum gewiescht, mee d‘Situatioun schéngt sech ze normaliséieren. Op Loftopnamen déi ronn 30 Km nërdlech vun Tarragona gemaach goufen, sinn Dierfer ze gesinn, déi vu Waasser a Schlamm iwwerschwemmt sinn. Zerstéiert Brécken an ëmgefall Beem behënneren den Zougang.
Och op den Insele Mallorca an Ibiza huet d‘Wieder fir Iwwerschwemmungen an entwuerzelt Beem gesuergt. De Loftverkéier war zolidd beanträchtegt a vill Flich hu missen ëmgeleet ginn. Laut den Autoritéite sinn awer kleng Affer ze bekloen
A wäiten Deeler vum Departement Var an op Korsika bitt sech no den heftegen Nidderschléi och kee schéint Bild un. All d‘Rettungsdéngschter waren an héchster Alarmbereetschaft. Küstestroossen hu misse gespaart ginn, d‘Zich sinn ugehale ginn an d‘Leit goufen opgefuerdert doheem ze bleiwen an net mam Auto ze fueren. Eng eeler Dam war vun de Flute matgerappt gi wéi si versicht huet hiert haus ze verloossen, nodeems si vun den Autoritéiten dozou opgefuerdert gi war.
D‘Fra vu 70 Joer konnt a leschte Sekonn gerett ginn. Nodeems si reaniméiert war ass d‘Fra an engem kriteschen Zoustand an d‘Spidol vu Montpellier transportéiert ginn. Fir eng ganz Rëtsch Departementer hat et Warnunge virun den Onwieder ginn. Vill Stroossen an och Eisebunnsstrecken hu misse gespaart ginn. D‘SNCF huet matgedeelt, datt wéinst wiederbedéngte Schied d‘Streck tëscht Montpellier an Toulouse, esou wéi d‘Verbindung Montpellier – Spuenien bis de 4. November ënnerbrach bleift. Bei Narbonne si virsiichtshallwer zwee Campinge geraumt ginn.
Fir haut ginn d‘Onwieder an Italien erwaart. A besonnescher Alarmbereetschaft stinn d‘Regioune Piemont a Lombardei. Déi italienesch Autoritéite mellen, datt och Sardinien an d‘Toskana vun heftegem Reen kéinte betraff sinn…
mat indymedia/bcn/mil/mrs
Foto: En Androck vum Onwieder, hei zu Lignan-sur-Orb. © Mylan Medeiros