Search

You may also like

Sudanese fuerderen eng Zivilregierung
Business Money Neiegkeeten

Sudanese fuerderen eng Zivilregierung

D‘Sudanese waren es dem Omar al-Bashir midd an hu méintelaang

dislike
Syrien: Ankara schéckt Panzer iwwer d‘Grenz fir Kurdemiliz auszeschalten
Business Money Neiegkeeten

Syrien: Ankara schéckt Panzer iwwer d‘Grenz fir Kurdemiliz auszeschalten

Tierkesch Panzer an Infanterie sinn um Sonndeg an de Norde

Dat riskant Geschäft mat de Weltraumressourcen
Business Money Neiegkeeten

Dat riskant Geschäft mat de Weltraumressourcen

En Dënschdeg huet de Vizepremier a Wirtschaftsminister, Etienne Schneider (LSAP),

money

Bëtongsgold: Héichsaison fir Spekulanten

Net nëmmen IT an Internethandel hu sech un der Pandemie gesond gestouss, och de Logement flaamt

Bëtongsgold: Héichsaison fir Spekulanten

Wärend all puer Wochen d‘Leit op d‘Strooss ginn, fir abordabel Loyeren an dezent Wunnengen ze fuerderen, de Logementsminister op ganzer Linn kloer verseet – wat seng Grënn dierft hunn – eis Ministeren sech Immobilienagence am Ausland leeschten, geet de Wunnengsmaart eege Weeër a sicht säi Gléck um Sommet.

A wann da wärend de leschte Joren, d‘Präisspiral jee no Objet, Uert a Gréisst tëscht 7% an 11% geklommen ass, huet déi am Kontext vun der Covid19-Pandemie nach emol ee zolitte Boost erlieft. D‘Präisser fir Wunnengen an Haiser ass am 4 Quartal 2020 ëm 14,4% (fir nei Appartementer) ëm 15,8% (fir al Appartementer) an ëm 19,7% (fir al Haiser) geklommen. D‘Spekulante sinn erfreet.

Richteg ass och, esou zumindest geet et aus dem STATEC-Bericht zum Logement ervir, datt et wéinst dem Covid19, zu manner „Affäre“ komm ass. D‘Vente wier laut de Statistiker ëm 22% zréckgaangen. Dat huet awer net wierklech eppes ze bedeiten, well et huet nach ëmmer net genuch Wunnraum zu Lëtzebuerg, an d‘Spekulante sichen éischter net no Locatairen, déi stéiere just.

Bëtongsgold

Am deiersten ass et nach ëmmer an der Stad a ronderëm d‘Stad. Jee no Quartier a Gréisst vun der Wunneng, kann de Präis um Quadratmeter hei an de Vente bis iwwer 17.000 Euro klammen. Wat ee méi wäit vun der Stad fort ass, wat de Präis erofgeet. Dat soll net bedeiten datt dëse vernënfteg wier, zu Logement ass am Bezuch op de „Logement“ näischt och nëmmen Usazweis „raisonnabel“.

Esou eng Hausse awer, grad a Krisenzäiten ass ee schlecht Virzeechen, an drolecherweis sinn et nees déi wou déi politesch Verantwortung hunn, deenen dat alles schéngt ze entgoen. Méiglech ass och, datt si selwer als Acteuren derzou bäidroen, datt et zu esou spekulativen Exactioune kënnt. Jiddefalls kann dat net méi laang gutt goen. An da weist nees jidderee mam Fanger op deen aneren.

Den Henri Kox ass jo awer – wuel zum eegene Schutz – net nëmme Logementsminister, hien ass och de Minister fir bannenzeg Sécherheet. Sollten d‘Leit iergendwann net méi gewëllt sinn seng fir Frënn a Kolleege organiséiert Wunnengsprofitpolitik matzedroen, huet hie seng eege Milizen déi de méigleche soziale Widderstand kanaliséiere kënnen. Woubäi och déi keng Wunneng méi fannen…

Related topics Ausbeutung, Henri Kox, Logement, Politik, Spekulant
Next post Previous post