Search

You may also like

Lénke Ministerpresident empfänkt Spriecher vun déi lénk
Neiegkeeten

Lénke Ministerpresident empfänkt Spriecher vun déi lénk

De Spriecher vun déi lénk, Gary Diderich, war an der

Nordkoreanesch Verhältnisser beim LCGB
Neiegkeeten

Nordkoreanesch Verhältnisser beim LCGB

De Kim Jong Un gratuléiert, an den Zar Vladimir I.

dislike
Do ass nach Loft no uewen: Lëtzebuerg op leschter Plaz bei der erneierbarer Energie an Europa
Neiegkeeten

Do ass nach Loft no uewen: Lëtzebuerg op leschter Plaz bei der erneierbarer Energie an Europa

D’Situatioun, wat erneierbar Energie ugeet huet sech an Europa staark

Héichwaasser Kriseniwwersiicht (11 Auer)

Héichwaasser Kriseniwwersiicht (11 Auer)

Zanter de Moien zéng Auer sëtzt de Krise-Kommando ënnert dem Virsëtz vun der Inneministesch nees zesummen. Et gouf emol eng Iwwersiicht zu allem wat an der Nuecht lass war, an zudeem wat nach ze maachen ass getätegt.

Déi ganz Nuecht iwwer waren d‘Pompjeeën op de Been an och wann sech d‘Wiederlag den Ament grad eppes zum bessere wennt, d‘Pegel vun de Waasserleef géife weider klammen. Den aktuelle Stand ass op der Internetsäit inondations.lu anzegesinn. D‘Ekippe vun der Police an dem CGDIS hunn an der Nuecht iwwer 1.200 Asätz gefuer. Heibäi goung et prioritär ëm d‘Retten a Bierge vu Mënschen. Et ginn zur Stonn keng Blesséierter ze bekloen, mee de materielle Schued ass enorm.

Ronn 110 Stroossen/Stroossenofschnëtter si gespaart. Hei wäert eppes Gedold ugesot ginn, well och bei der Stroossebauverwaltung hunn d‘Leit nëmmen zwou Hänn. D‘Autobunne sinn esouwäit fräi, et gëtt allerdéngs mat Nodrock appelléiert de Fouss gemälleg um Gas ze halen. Verständlech wann ee weess, datt an der Nuecht plazeweis bis 80 Liter um Quadratmeter hat. (An Däitschland waren et bis 180 Liter um Quadratmeter). An et soll weider Reenen: ze rechne wier mat 10 Liter um M².

Foto: © CGDIS

Related topics CGDIS, Héichwaasser, Inneministère, Iwwerschwemmungen
Next post Previous post