Search

You may also like

Bei der Kris einfach embliederen
Neiegkeeten

Bei der Kris einfach embliederen

Wie gären eng Keier eng Industrie a Krisestëmmung well gesinn,

surprise
Presserot vergëtt nei Pressekaarten
Neiegkeeten

Presserot vergëtt nei Pressekaarten

Haut hunn an de Raimlechkeete vu Presserot eng 20 nei

Nordkorea gëtt keng Rou
Neiegkeeten

Nordkorea gëtt keng Rou

„Rakéit! Rakéit! Eng Rakéit schéngt vun Nordkorea ofgeschoss ginn ze

Héichwaasser (update)

D‘Leit sollen hir Gefierer vu Waasser an Iwwerschwemmungsgebidder ewech halen. Iechternach gëtt Evakuéiert, zu Buer, Rouspert a Steenem och...

Héichwaasser (update)

Et gëtt den Ament net Besser mam Héichwaasser an et Reent och nach ëmmer, plazeweis esouguer zolidd. Am Kontext vun dëser aussergewéinlecher Wiedersituatioun, rifft d‘Police d‘Besëtzer vun den Autoen, déi den Ament nach laanscht d‘Musel-Promenad zu Waasserbëlleg stinn, dës zäitno ze réckelen.

D‘Plaz genannt „Spatz“ ass schonn iwwerschwemmt an och den Ofschnëtt vun der Esplanad a Richtung Waasserbëlleg-Mäertert wäert am verlaf vum Nomëtteg vun de Flute geschléckt ginn. Generell ginn d‘Leit, déi hir Gefierer bei Waasserleef an/oder Iwwerschwemmungsgebidder stoen hunn gebueden, des elo wou et nach méiglech ass ewech ze huelen.

En änlechen Appell gëtt un d‘Baueren a Leit geriicht, déi hir Béischten nach de Weeden hunn. Hei si besonnesch d‘Terraine laanscht d‘Uelzecht am Raum Miersch-Rolleng-Lëntgen gemengt, wéi och soss all bekannten Iwwerschwemmungsgebidder. Et soll zäitno no den Déiere gekuckt ginn, an do wou et Néideg ass, mussen d‘Béischter oftransportéiert ginn.

Säitens der Stroossebauverwaltung gëtt gemellt datt nach ëmmer 32 Stroosse guer net zougänglech sinn. Zu Buer, Rouspert a Steenem ass et ganz ellen, woubäi dat wuel op déi ganz Ënnersauer esou dierft zoutreffen. Hei allerdéngs, goufe scho 44 Mënschen Evakuéiert, nach eng 250 sollen ofgeholl ginn. Och un der Evakuatioun vun Iechternach gëtt geschafft.

Op Demande vum Iechternacher Buergermeeschter ass decidéiert ginn, datt d‘Awunner nach haut am Nomëtteg evakuéiert musse ginn. Eng gréisser Operatioun, firwat ee gebueden sech aus dëser Géigend ewech ze halen, fir datt d‘Evakuatioun uerdentlech virgeholl ka ginn. Nieft der Police an dem CGDIS, gëtt hei och d‘Arméi fir den Zivilschutz agesat.

Related topics Arméi, CGDIS, Evakuatioun, Héichwaasser, Iwwerschwemmungen, Police, Staarkreen
Next post Previous post