Search

You may also like

dislike
Axiom Verge ass méi, wéi e bloussen Hommage un d’8-Bit Klassiker
Neiegkeeten

Axiom Verge ass méi, wéi e bloussen Hommage un d’8-Bit Klassiker

Datt bei engem Indiespill den Entwecklerteam iwwerschaubar ass, si mer

D‘Briten hunn nei Propose fir de Brexit
Neiegkeeten

D‘Briten hunn nei Propose fir de Brexit

Bei den „neie“ Virschléi geet et nach ëmmer ëm d‘Grenz

Hëtztwell iwwer Europa ass e neit Zeeche vum Klimawandel
Neiegkeeten

Hëtztwell iwwer Europa ass e neit Zeeche vum Klimawandel

Déi erneit Hëtztwell déi Europa erleit, ass zweiwelsfräi en Zeeche

Héichwaasser – wéi geet Réimech domat ëm?

Wann een am Oste wunnt, mécht een de Moment automatesch eng bestëmmte Saach: D’Musel am A behalen. Duerch de ville Reen klëmmt de Pegel vum Floss kontinuéierlech.

An och wann dësen an de leschte Stonnen e bëssen erofgaangen ass, heescht dat net, datt dat sou bleift. Dofir gëllt et weiderhi wuechtsam ze bleiwen.

Héichwaasser zu Réimech© Jessica Mersch/moien.lu

Wéi geet d’Réimecher Gemeng mat der Situatioun ëm?

D’Redaktioun huet beim Buergermeeschter Jacques Sitz nogefrot. Schnell ass kloer, datt een zouversiichtlech ass, de Peegelstand ass liicht ze verdauen. De materielle Schued ass iwwerschaubar. Et ginn allerdéngs e puer Stroosseproblemer well verschidde Stroosse gespaart misse ginn. De Bustransport gëtt erop verlagert.

Kritesch gëtt et eréischt, wann d’Waasser sou héich wéi am Joer 1983 wier. Dat war ee vun de schlëmmsten Héichwaasserkatastrophen am Land. Deemools goufe ronn 300 Haiser iwwerschwemmt. Zu Stadbriedemes gouf ee Peegel vu méi wéi 9 Meter gemooss. Vill Awunner hunn hier Haiser missen duerch d’Fënstere verloossen.

Och d’Zaldote waren op der Plaz fir d’Leit mat Liewensmëttel ze versuergen an eng Hand unzepaken. 1983 waren d’Wiederprevisiounen net esou verléisslech wéi hautdesdaags. Et huet kee gesi kommen, wéi grouss d’Ausmooss vun den heftege Reefäll war. Soss hätt ee sech besser preparéiere kënnen.

Héichwaasser zu Réimech© Jessica Mersch/moien.lu

Wat mécht Réimech déi meeschte Problemer?

D’Waasser, respektiv de Reen maachen net esou vill Problemer wéi ondisziplinéiert Mënschen. Dës fueren dacks duerch zoue Stroossen an ëmgi Spärungen. Ma, wann een Auto duerch d’Héichwaasser fiert, mécht dat Wellen déi widder Haiser a Mauere schloen a genee dat kann nawell enorme Schuet maachen.

„Wann een zu Réimech wunnt, léiert ee séier, wat een an dësem Fall ze maachen huet. A wann ee frësch dohinner geplënnert ass, gesäit een dat bei den Noperen“, erkläert de Buergermeeschter vu Réimech nach. Sollt d’Musel nees klammen (se klëmmt nämlech net onugekënnegt), huet een am Schnatt 2 Deeg Zäit sech deementspriechend anzestellen, seng Saachen eranzestellen a se propper ze maachen.

Klëmmt de Pegel extrem un, komme Sandsäck an den Asaz. Hoffe mir, datt et net dozou kënnt an datt d’Wieder et gutt mengt.

Billergalerie: © Jessica Mersch/moien.lu

Related topics Héichwaasser, Héichwaasserkatastroph, Jacques Sitz, Musel, Pegel, Reen, Réimech, Sandsäck
Next post Previous post