Search

You may also like

geek
Better Call Saul weist, datt e Prequel muss duerchootme kënnen
Meenung Neiegkeeten Uncategorized

Better Call Saul weist, datt e Prequel muss duerchootme kënnen

Wéi Breaking Bad ugelaf war, war dat de Start fir

Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser
Meenung Neiegkeeten Uncategorized

Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser

En Donneschdeg hunn den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) an den

Am Frankräich ass scho Wanter
Meenung Neiegkeeten Uncategorized

Am Frankräich ass scho Wanter

300.000 Menage ouni Stroum, iwwert dausend Camionen an honnerten Autoe

Opreegung ëm d’Heidi an de Saumur (Kommentar)

Opreegung ëm d’Heidi an de Saumur (Kommentar)

„D’Heidi freet op de Saumur och déi Reegele muss anhalen“ – Et waren eng Fro an zwee Nimm, déi bei der Pressekonferenz e Méindeg zur aktueller Situatioun an de Gesetzesännerungen am Kader vum Covid-19 fir Opreegung a virwëtzeg Gesiichter gesuergt hunn. Datt eise Chefredakter mat senger direkter an oppener Fro d’Virlag fir divers Memes, lëschteg Aussoen an de soziale Medien an enger nationaler Well aus „Wien ass d’Heidi?“ geliwwert huet, hätte mir jo net geduecht.

Wärend mat dësem Artikel eng Erklärung néiergeschriwwe soll ginn, wëll d’Redaktioun awer als éischt emol Merci soe fir de Lëtzebuerger Humor an de grousse Virwëtz. All Ausso, all Bild an all Video am Bezuch op déi einfach Fro un den Duo Bettel-Lenert hu mir mat engem décke Grinsen opgesuckelt.

Elo awer zur Opklärung ëm den Heidi-Saumur-Mystierum.

D’Pressekonferenz um 23. November 2020 ass kuerzfristeg ëm eng Stonn no hanne verréckelt ginn, wouduerch eise Chefredakter d’Méiglechkeet genotzt huet e Maufel zu Mëtteg z’iessen. Am „Bistrot de la Presse“, fréier och nach als „kleng Chamber“ bekannt gewiescht, respektiv vun der Clientèle opgrond vun der Wiertsfra hirem Numm nach „Beim Heidi“ genannt, huet d’Patronne sech den engagéierten, awer och geckege Kapp vu Moien.lu zur Säit gezunn, wou hie grad bezuele wollt.

HeidiHei dann och eng Foto vum Bistrot de la Presse © Martine de la Gardère

„Ob een an de Pressekonferenzen och Froen dierft stellen“, huet d’Heidi gefrot, wat direkt bejot konnt ginn. Doropshin huet d’Heidi eise Chefredakter drëm gebieden, de Premier emol drop unzeschwätzen, ob déi nei Restriktiounen och fir de Saumur gëlle géifen. Heizou sollt e wëssen, datt et sech beim Saumur ëm e bessere Lëtzebuerger Nuets- a Stripclub an der Rue Dicks handelt, dee schonns eng gefillten Éiwegkeet existéiert an duerch säi laange Service bei sou munchem Partygänger a Persounen, déi an der Nuecht d’Loscht op e gutt Iesse verspieren, zimlech gutt ukënnt.

Ob dem Heidi seng Fro elo eescht oder awer am Geck gemengt war, bleift ongewëss. Mee wien de Moien-Chefredakter kennt, dee weess, datt hie seng eege Manéier huet, mat Humor virgeet, an oft dat freet, wat sech soss keen traut. Gäre bréngt hien de Géigeniwwer mat seng Aussoen a Froen aus der Fassung an esou war e scho bal e bëssen getouft, datt d’Madamm Gesondheetsministesch eisem Premier zevirkomm ass. Op dem Xavier Bettel seng Ausso hätt ee sech natierlech gefreet.

Esou wéi „eise Kléi’chen“ dann ass, huet hien et sech net huele gelooss, um Dënschdeg nach emol bei d’Heidi nofroen ze goen, ob et mat der Äntwert vun eise Ministeren zefridde war. D’Patronne vum Bistro huet erkläert, datt si sech gutt amuséiert a futti gelaacht hätt, virun allem iwwert dat, wat no der Pressekonferenz geschitt ass. Den Telefon war scheinbar um dauerschellen an och d’Clientèle huet dëst zum Thema um Dësch gemaach.

Iwwregens huet de Saumur scho kuerz drop d’Heidi iwwert Instagram invitéiert laanscht ze kommen. De Lëtzebuerger DJ Flex Diamond wousst net esou richteg, ob de Chefredakter elo zum Éieremann oder zur Legend sollt erkläert ginn. Och d’Facebook-Säite „Memes – Ducals“ a „Platt wéi Su“ hu sech kreativ ausgelooss. Dat wëlle mir Iech natierlech net virenthalen:

Related topics Bistrot de la Presse, Heidi, Humor, Memes, Opreegung, Paulette Lenert, Pressekonferenz, Saumur, Sozial Medien, Stripclub, Witz
Next post Previous post