Search

You may also like

Däitschland: Ouni Dateschutz geet de Schoss no hanne lass
Neiegkeeten

Däitschland: Ouni Dateschutz geet de Schoss no hanne lass

Wie bei eisen Noperen e Patt huelen oder ee gudde

Ginn d‘Salariéeën aus dem Gardiennage vun der Kris iwwersinn?
Neiegkeeten

Ginn d‘Salariéeën aus dem Gardiennage vun der Kris iwwersinn?

Esou wéi dat am groussherzogleche Reglement vum 18. Mäerz 2020

Stellt Iech vir, Dir erfréiert, wëll Dir net genuch ze iesse kritt
Neiegkeeten

Stellt Iech vir, Dir erfréiert, wëll Dir net genuch ze iesse kritt

D’Wanterfidderung vu Vullen ass net nëmmen fir eis d’Méiglechkeet, dës

Elo ass et eisen: Den éischten H145M trëtt 2020 seng Missiounen un

Haut de Mëtteg konnt um Findel den éischte vun zwee Helikopter vum Typ Airbus H145M empfaange ginn. Bei dësem spezielle Moment duerften eise Bannesécherheetsminister François Bausch an d’Inneministesch Taina Bofferding direkt emol testen, wéi et sech an der fléiender Maschinn esou sëtzt. D’Loftschëff gehéiert der neister Generatioun mat beschter Technologie un a gëtt an Zukunft fir déi verschiddenst Missioune vun der Arméi an der Police genotzt.

Mam Generol Alain Duschène, Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi, dem Philippe Schrantz, Generaldirekter vun der Police, Representante vun der NATO Support and Procurement Agency (NSPA) an der Societéit Airbus huet de Peter Dohmen, als Generalmanager vun der NSPA d’Éieregäscht beim Lëtzebuerger Fluchhafe begréisst.

Béid Helikoptere vum Typ Airbus H145M sinn equipéiert mat verschlësselte Kommunikatiounssystemer an Technologien, déi och Nuets eng ideal Operatioun zouloossen. Esou kann een duerch dat technescht Equipement Objeten a Persounen um Buedem an, an der Loft opspieren an identifizéieren. Infraroutkameraen an elektrooptesch Apparaturen, wéi och ee gesécherten Iwwerdroungssystem fir Informatioune rëschten den Helikopter, sou datt net nëmmen an der Kommandozentral, mee och op mobille Posten noutwenneg Biller, Videoen an Daten empfaangen a genotzt kënne ginn.

Den H145M: 39 Milliounen Euro

Virun allem fir d’Verdeedegung wäert d’Lëtzebuerger Arméi a Police den Airbus H145M notzen. Sollt et noutwenneg sinn, esou kënnen Truppen transportéiert an dës souguer ouni Landung vum Helikopter nees um Buedem ofsetzen. Mat Hëllef vun enger Wann gëtt et méiglech fir Laaschten ze hiewen an ofzesetzen.

Fir d’Pazifisten ënnert eis: D’Maschinne sinn net mat Waffen equipéiert. De Fall gesat, et géif een dës Ausrëschtung brauchen, esou kann een déi moduléierbar Helikopteren zu all Zäit mat anerem Equipement ausrëschten. Kuckt een esou d’Käschte vum Programm, da leie mir bei 39 Milliounen Euro. Dovu misste 24 Milliounen Euro op den Dësch geluecht ginn, fir d’Maschinnen iwwerhaapt ze kréien, de Rëscht ass fir d’Maintenance, d’Personal an d’Infrastrukturen.

Zwee nei Memberen an de Reien

Wärend d’Invitéeën den éischten Helikopter haut scho bewonneren an ënnert d’Lupp huele konnten, esou musse mir eis nach bis Enn 2019 gedëllegen, datt déi zweet Maschinn ukënnt. Ab Ufank 2020 ginn dës nei Spillsaachen da fir d’Missioune genotzt. Et wäert dann och d’Luxembourg Air Ambulance sinn, déi Personal bereet stellt, op d’Helikopteren um Findel oppasst a sech ëm d’Maintenance këmmert. Bis 2023 këmmert d’Ekipp sech ëm hiren Neizougang.

Déi al Maschinn vum Typ MD902 McDonnell Douglas huet mat senge 15 Joer ee stolzen Alter erreecht, woubäi déi technesch Mëttel mëttlerweil net méi aktuell genuch sinn. Och d’Käschte vun der Maintenance sinn ze héich, wouduerch den Ersatz elo glécklech entgéint geholl gëtt.

Kuckt och emol d’Billergalerie uewen un. Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Airbus H145M, Findel, François Bausch, Generol Alain Duschène, Helikopter, Infraroutkamera, Lëtzebuerger Arméi, NATO, NSPA, Philippe Schrantz, Police, Taina Bofferding, Verdeedegung
Next post Previous post