Search

You may also like

surprise
Rockhal: Et brauch nei Konzepter
Neiegkeeten

Rockhal: Et brauch nei Konzepter

Zanter elo bal zéng Méint huet et an der Rockhal

Neiegkeeten

Galerie: Steeseler Youngtimer an Oldtimer Dag

Washington ermahnt den UN-Sécherheetsrot eng Resolutioun zum Jemen ze verschiben
Neiegkeeten

Washington ermahnt den UN-Sécherheetsrot eng Resolutioun zum Jemen ze verschiben

En Dënschdeg hunn d‘USA den UN-Sécherheetsrot drop higewisen, datt e

Méi wéi 265 Milliounen Euro Hëllef fir Entreprisen an Independanten

Méi wéi 265 Milliounen Euro Hëllef fir Entreprisen an Independanten

Zënter dem Ufank vun der Covid-19-Kris huet d’Direktioun fir Mëttelstand méi wéi 32.300 Dossieren vun Entreprisen an Independanten traitéiert. Dobäi ass eng Zomm vun iwwer 265 Milliounen Euro zesummekomm, fir eng finanziell Ënnerstëtzung ze bidden.

En Dënschdeg gouf den Detail bekannt gemaach, wéi de Betrag sech genee opdeelt. D’Informatioune fannt Dir hei drënner.

Mäerz 2020

Zum Ufank vun der Pandemie gouf eng éischt Hëllef fir Micro-Entreprisen a kleng Firmen gebueden. Dës Direkthëllef an Héicht vu 5.000 € pro Betrib muss net zeréckbezuelt ginn. D’Direktioun huet sech ëm 6.215 Dossieren gekëmmert, wouduerch een op e Betrag vun 31.075.000 € kënnt.

Abrëll 2020

Déi zweet Indemnitéit an Héicht vu 5.000 € fir Micro-Entreprisen a kleng Firmen gouf ugekënnegt. Am Ganze goufen 7.346 Dossieren traitéiert, wat zu engem Total vun 36.730.500 € gefouert huet. Dobäi kënnt eng Indemnitéit vu jeeweils 12.500 € fir Entreprisen déi tëscht 10 an 20 Mataarbechter hunn. Fir déi 672 komplett Dossieren goufen am Ganzen 8.400.000 € iwwerwisen.

Abrëll a Mee 2020

Dobäi goufen fir Urgencen eng finanziell Hëllef vu jeeweils 2.500 € gebueden, woufir 2.557 Dossieren traitéiert an 6.392.500 € iwwerwise goufen, respektiv Hëllef an Héicht vun 3.000 – 4.000 € (4.190 Dossieren – 13.344.500 €).

Juni 2020

Am Juni gouf e Fong vun der Relance a Solidaritéit fir Entreprisen déi besonnesch vu Pandemie betraff sinn, ugebueden. Dobäi kënnt eng spezifesch Hëllef fir den Eenzelhandel. Et gouf finanziell Ënnerstëtzung an Héicht vun 1.250 € pro Mount a pro Salarié oder aktiven Independant gebueden, déi net zeréckbezuelt muss ginn, plus 250 € pro Salarié, deen am Chômage Partiel ass.

Am Ganzen sinn 5.140 Dossieren behandelt ginn, wat zu engem Total vun 41.800.000 € féiert. Dës Initiative ass bis November 2020 gelaf.

Fir den Eenzelhandel gouf zousätzlech eng spezifesch Ënnerstëtzung a Form vun enger Direkthëllef, déi net zeréckbezuelt muss ginn, ugebueden. Dës louch bei 1.000 € pro Salarié oder Independant am Juli, bei 750 € am August, a bei 500 € am September. An dësem Kader goufen 2.671 Dossieren traitéiert an 9.075.428 € iwwerwisen.

Enn November 2020

Ab dësem Zäitpunkt huet d’Direktioun fir Mëttelstand eng nei finanziell Hëllef ugebueden fir Entreprisen a Secteuren, déi uerg getraff goufen a wou déi finanziell Situatioun schwéier mat der Erhéijung vum soziale Mindestloun ze kombinéiere war. D’Ënnerstëtzung gouf a Form vun enger eenzegaarteger Kapitalsubventioun an Héicht vu 500 € pro Salarié gemaach, wou d’Paie iwwert dem soziale Mindestloun ass oder dësem gläichgestallt ass, respektiv ënnert dem qualifizéierte Mindestloun läit oder dësem gläichgestallt ass.

Dezember 2020

Weider Hëllefen, déi net zeréckbezuelt musse ginn, si lancéiert ginn. D’Aide de Relance gouf bis Mäerz 2021 verlängert. Dobäi koum Ënnerstëtzung a Form vun engem Käschtebeitrag fir Entreprisen, wou Aktivitéite vun der sanitärer Kris schwéier matgeholl ginn. Heibäi sinn 106 Dossieren behandelt an 1.281.610 € iwwerwise ginn. Zousätzlech dozou koum eng Hëllef fir „net ofgedeckte Käschten“, déi vun November 2020 bis Abrëll 2021 ugebuede gëtt.

Dës weideren gouf et am Dezember 2020 eng Avance, déi zeréckbezuelt muss ginn, fir op d’Besoine vun der Liquiditéit äntweren ze kënnen. Ëm 1.736 Dossieren huet d’Ekipp sech gekëmmert an 117.542.547 € iwwerwisen. Dobäi kommen 18.461.947 € vum Wirtschaftsministère als Avance, wouduerch ee globale Montant vun 136.004.494 € opkënnt

Aktuell kënnen d’Entreprise fir folgend Hëllefen hir Demande areechen:

  • Spezifesch Hëllef fir den Eenzelhandel (bis de 15. Februar 2021 inclus);
  • Fong vun der Relance a Solidaritéit fir Entreprisen (bis de 15. Februar 2021 inclus);
  • Relance-Hëllef (bis de 15. Mee 2021);
  • Hëllef fir „net ofgedeckte Käschten“ (bis de 15. Mee 2021 inclus);
  • Remboursabel Avance (bis den 1. Juni 2021 inclus).

Weider Informatioune ginn et op guichet.public.lu

Eng einfach duergestallten Zesummefaassung (Stand 1. Januar 2021), wien wéi eng Hëllef ze Gutts huet, fannt Dir op dësem PDF.

De Lex Delles, Minister fir Mëttelstand, ënnersträicht, dass ee probéiert sech schnellstméiglech a suergfälteg ëm all Dossier ze këmmeren an Ënnerstëtzung unzebidden. Dat setzt viraus, dass den Dossier komplett ass.

Opmaacherbild: © Noah Buscher / Unsplash

Related topics 265 Milliounen Euro, Betriber, Direkthëllef, Entreprisen, finanziell Hëllef, KMU, Lex Delles, Liquiditéit, Ministère fir Mëttelstand, Pandemie, Wirtschaft
Next post Previous post