Search

You may also like

Zoubetonéiert Fläche kënnen der Kraaft vum Waasser net standhalen
Business Neiegkeeten

Zoubetonéiert Fläche kënnen der Kraaft vum Waasser net standhalen

An engem Schreiwes mécht d’Biergerinitiative Gemeng Suessem Asbl (BIGS) op

ESC: Israel surft op der #MeToo Well a gewënnt de Concours
Business Neiegkeeten

ESC: Israel surft op der #MeToo Well a gewënnt de Concours

Israel huet gëschter Owend bei der Final zu Lissabon, fir

Saudiarabien mat verbalem Ugrëff op den Iran
Business Neiegkeeten

Saudiarabien mat verbalem Ugrëff op den Iran

Um Sonndeg huet Saudiarabien den Iran gewarnt, datt een net

Méi Hëllef fir den Horesca-Secteur

Méi Hëllef fir den Horesca-Secteur

No der Maniff vum Kollektiv „Don‘t forget us“ (Vergiesst eis net) huet sech d‘Regierung fir weider Hëllefen entscheet. Aus dem gemeinsame Communiqué vun der Horesca an dem Premierminister gëtt ervir, datt een fir ee vun den am stäerkste betraffene Secteuren d‘Hëllef net nëmme verlängere mee och auswäite wëll.

Wat et aktuell un Hëllefe gëtt, soll bis Juni verlängert ginn. Et bleift jo och weiderhin ongewëss, wéi sech d‘Pandemie – beaflosst duerch d‘Covid19-Variatiounen – entwéckelt. Wéini elo d‘Caféen an d‘Restauranten nees hir normal Aktivitéiten ophuele kënnen ass net virauszegesinn. Dat gewosst an ënner Berécksiichtegung datt de System vun den Hëllefe méi gerecht muss ginn, gëtt et Neies.

Esou sollen och déi Betriber, wou nom 15. Mäerz 2020 gegrënnt goufen, mat Hëllef rechnen dierfen an esou nees eppes Zukunftsperspektiv gebuede kréien. Si ware jo bis ewell net eligibel. Ongedeckt Käschten, wéi beispillsweis de Loyer, solle ganz iwwerholl ginn. Dat wa bis ewell nëmmen an der Forschett vu 70% bis 90% de Fall. Dës Mesure gëllt fir all d‘Entreprise déi hu missen zoumaachen.

Si gëllt och fir d‘Hoteller, där hiren Ëmsaz tëscht 2019 an 2020 ëm 75% zréckgaangen ass. Domat net genuch: jee no Gréisst vun der Entreprise sollen déi festgeluechten Hëllefen ëm bis zu 50% erhéicht ginn. Et gëtt och nach emol d‘Berechnungsgrondlag vun den Hëllefen op de Leescht geholl an et heescht, datt fir déi Betriber déi Take Away oder Livraisounen ubidden, nei gerechent gëtt.

Esou soll den duerch Bestellungen erziilten Ëmsaz elo net méi integral an d‘Berechnung vun de Käschten abezu ginn. 25% vum duerch „ausser Haus Leeschtungen“ erziilten Ëmsaz vun de Restaurateure gëtt fräigestallt, a kann esou integral vun der Entreprise genotzt ginn. Ob dat schonn duer geet, fir nees eppes méi Zouversiicht an der Branche ervirzebréngen? Dat wäert sech weisen…

Illustratioun: Den „Take Away“ eleng kann d‘Käschte net ofdecken. Dat huet d‘Regierung elo och erkannt. Trotzdeem bleift d‘Situatioun fir vill Acteuren aus der Branche dramatesch an et dierft vill Betriber ginn, déi dës Kris net iwwerstoe wäerten. © Clem Onojeghuo / unsplash

Related topics Beruffsverband, Horesca-Secteur, Kollektiv Don‘t forget us, Premierminister, Xavier Bettel
Next post Previous post