Search

You may also like

Mësshandlung vun Handicapéierten – De Bam dierf de Bësch net verstoppen
Meenung Neiegkeeten

Mësshandlung vun Handicapéierten – De Bam dierf de Bësch net verstoppen

Wéi den OGBL matdeelt, bemängele Famille vu Residenten vum Blannenheem

Wou ass de béise Jong?
Meenung Neiegkeeten

Wou ass de béise Jong?

Zanter enger gewësser Zäit gëtt et nees vill Spekulatiounen iwwert

Automobilisten opgepasst: A13 iwwert de Weekend deels gespaart
Meenung Neiegkeeten

Automobilisten opgepasst: A13 iwwert de Weekend deels gespaart

D‘Aarbechte laanscht der A13 tëscht Beetebuerg an Diddeleng komme gutt

Keng Hëllef fir e krankt Kand am räiche Lëtzebuerg?

Keng Hëllef fir e krankt Kand am räiche Lëtzebuerg?

Den Dean ass e Jong vun 12 Joer an huet eng ganz rar Krankheet, eng “Pseudo Obstruction Intestinale Ganglionnaire“. Déi Krankheet gëtt et just e puer Mol a ganz Europa. Bei schwéierem Verlaf ass et leider déidlech. Den aarmen Dean huet déi lëscht Jore méi Zäit am Spidol verbruecht ewéi bei senger Famill doheem.

Den Dean bréicht eng Transplantatioun vum Daarm, wat leider net esou einfach ass. Dës Transplantatioun stécht awer nach an de Kannerschong an ass nach guer net oft an Europa gemaach ginn.

De Jong huet grouss Péng a gëtt all Dag iwwer Baxtere geniert. Hëllef an eventuell Rettung erwaart d’Famill sech deemno an den USA well déi Krankheet do méi bekannt ass. Dokteren an Amerika sinn an Kenntnis gesat a wëllen sech der Saach unhuelen.

De Skandal bei der Saach am räiche Lëtzebuerg: Dës Rees vu Lëtzebuerg bis an d’USA an d’Klinik mat Air Rescue kascht 78.000 Euro. Gutt verstane, just bis dohin, dobäi si nach net d’Käschte fir d’Operatioun, Logement vun der Famill an den Heemwee, etc. mat aberechent. A keng Krankekeess hëlt sech der Saach un: Mam Vermierk, dass Lëtzebuerg keen Accord mat Amerika hätt.

Steet e Liewe vun engem Kand net iwwert all Konventioun? Firwat gëtt eng Famill hei schänterlech am Ree stoe gelooss? Ass dat d’Politik vum Gesondheetswiesen am räiche Lëtzebuerg?

Fir aner onnëtz Saachen si schrecklech vill Ressourcen drop gaangen z.B. 15 Mio. Euro an de Weltall fir Steng sichen ze goen obschonn datt dee Projet vun Ufank un zweiwelhaft war an eng Firma herno eng Faillite gebaut huet…

Huet Lëtzebuerg seng Mënschlechkeet da ganz begruewen? Lëtzebuerg, QUO VADIS???

Mireille Delli Zotti-Meyers

Illustratioun: © Erik McLean / unsplash

Related topics Gesondheet, Hëllef, Kanner, Pseudo Obstruction Intestinale Ganglionnaire, seele Krankheeten
Next post Previous post