Search

You may also like

Si hunn de Minister beim Déierenasyl ausgesat…
Neiegkeeten

Si hunn de Minister beim Déierenasyl ausgesat…

De Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung

Korea: Historeschen Handschlag op de militärescher Demarkatiounslinn
Neiegkeeten

Korea: Historeschen Handschlag op de militärescher Demarkatiounslinn

De nordkoreanesche Staatschef Kim Jong-Un an de südkoreanesche President Moon

Um Wee an d‘Islamesch Republik Irak
Neiegkeeten

Um Wee an d‘Islamesch Republik Irak

Et deet sech eppes am mëttleren Orient. Nom Iran, dee

Fondatioun Hëllef fir d’Natur: E Beitrag fir de Mangrovebësch

Fondatioun Hëllef fir d’Natur: E Beitrag fir de Mangrovebësch

D’Fondatioun Hëllef fir d’Natur vun natur&ëmwelt ënnerstëtzt d’Organisatioun Friendship Luxembourg mat engem Scheck an Héicht vun 10.250 €. Domat soll e Beitrag zum Natur- a Klimaschutz an zur Opforstung vum Mangrovebësch a Südasien geleescht ginn.

En Donneschdeg hunn de Patrick Losch, President vun der Fondatioun an de Verwaltungsrot dem Marc Elvinger, President vu Friendship Luxembourg den Don iwwerreecht. D’Sue sinn am Kader vum nationalen Dag vum Bam 2020 gesammelt ginn. Ma, wat gëtt genee mat de Sue gemaach?

Mir werfen e Bléck an de Süde vun Asien. A Bangladesch ass de gréissten Delta weltwäit ze fannen a genee do hunn ronn 160 Milliounen Awunner reegelméisseg mat Héichwaasser als Folleg vum Klimawandel ze kämpfen. Den Ekosystem vun de Mangroven ass essentiell, fir d’Waasser zeréckzehalen.

D’ONG Friendship setzt sech dofir an d’Resilienz zum Schutz vun dësem Ekosystem ze stäerken a Programmer zur Opforstung unzebidden. Bis ewell konnten duerch Friendship Luxembourg a Friendship Bangladesch ganzer 100 Hektar Mangrovebeem geplanzt ginn.

Mat Hëllef vum Scheck vun der Fondatioun Hëllef fir d’Natur kann e weideren Hektar Bësch am Distrikt Satkhira geplanzt ginn. Persounen aus de lokale Gemeinschafte gi wärend 4 bis 5 Joer fir den aktiven Entretien a Schutz vun de jonke Beem bezuelt

Opmaacherfoto: natur&ëmwelt

Related topics Ekosystem, Fondatioun Hëllef fir d‘Natur, Friendship Luxembourg, Iwwerschwemmung, Jim Schmitz, Klimawandel, Mangroven, Nationalen Dag vum Bam, natur&ëmwelt Asbl, Patrick Losch, Scheckiwwerreeschung
Next post Previous post