Editorial: Revanchismus ass keng Léisung
Wann ee verstoe muss, datt déi spuenesch Regierung, no der
Wann ee verstoe muss, datt déi spuenesch Regierung, no der
Beim Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) sinn se den Ament net gutt
Den Tram bleift am Gespréich: Am Dezember gëtt den éischten Deel vun der Linn Erëffnung. Ma wéi vill Co2-Emissioune goufen duerch den Tram produzéiert? A wéi laang brauch e, fir dës erëm eran ze bréngen?
Et sinn dës Froen, déi den adr-Deputéierten Gast Gibéryen un den Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng) stellt. D’Äntwert bréngt e puer ganz interessant Zuele mat sech. Mee di wichtegst fir d’éischt: a senger éischter Form braucht den Tram 6,2 Joer, fir datt d’CO2 Bilanz ausgeglach ass.
Wéi kënnt dee ganzen CO2 zesummen? Do wier fir d’éischt d’Konstruktioun vum Centre de Remisage et de Maintenance (September 2015) an d’Konstruktioun vun der éischter Linn vum Circuit vun der Foire bis bei déi Rout Bréck ze bedenken. Da kënnt nach d’Linn bis bei d’Place de L’Etoile dobäi, déi bekanntlech am Hierscht 2018 opgoe soll.
Déi éischt Linn huet eng Streck vu 5,5 Kilometer. 57.800 Kubikmeter Bëtong an 3.810 Tonnen Stol waren dofir noutwenneg. Domadder kënnt de Projet op 20.951 Tonnen CO2, fir d’Produktioun a Liwwerung vum Bëtong a vum Stol.
D’Erweiderung vun der Linnen géif nach emol 18.725 Tonne CO2 generéieren, ma do rentabiliséiert et sech wiesentlech méi schnell: Deen Ament wier et schonn no zéng Méint ausgeglach. De Grond: Eng länger streck bréngt méi Passagéier mat sech. Do gi mat 110.000 Passagéier den Dag gerechent.
Kleng Notiz nach: Positiv wierkt sech op alle Fall d’Notzung vu grénger Energie beim bedreiwe vum Netz op des Bilanz aus.