Search

You may also like

De Disney-Fox Deal, erkläert
Kultur Quiz Stories

De Disney-Fox Deal, erkläert

Disney huet Fox Entertainment kaft. Et ass wuel ee vun

What the Fakt: De Guggenheim Musée huet virun 59 Joer seng Dieren opgemaach
Kultur Quiz Stories

What the Fakt: De Guggenheim Musée huet virun 59 Joer seng Dieren opgemaach

Et ass ee weltwäit bekannten Gebai vum Frank Lloyd Wright

Hëtztwell a Frankräich! Bis zu 45°C ginn erwaart
Kultur Quiz Stories

Hëtztwell a Frankräich! Bis zu 45°C ginn erwaart

Bei eise franséischen Nopere gëtt et dräi Niveauen zur Warnung

7 einfach Mierkmoler, mat deenen een de Guy an den Nico Helminger auserneen hale kann

Kläre mer dat mol...

7 einfach Mierkmoler, mat deenen een de Guy an den Nico Helminger auserneen hale kann

Sech ze iren ass nëmme mënschlech, gëtt gesot. Ma de Premierminister, dee jo och nach bekanntlech Kulturminister ass, huet sech eng erlaabt, an deem falschem Helminger fir d’Gewanne vum Servais Präis gratuléiert. Fir datt dat kengem méi geschitt, hu mer hei e puer Saache schnell recherchéiert, déi jidderengem hëllefen, dës zwou fir d’Lëtzebuerger Kultur esou wichteg Persounen auserneen ze halen. A wie wëll, kann sech um Schluss nach selwer testen!

Nico Helminger: Gro Hoer. Guy Helminger: Manner Hoer, Usaz vun enger Glatz.

Si hunn awer allen zwee e Brëll.

De Guy Helminger ass bal zéng Joer mi jonk wéi säi eelere Brudder, den Nico Helminger.

Woubäi dat elo net wierklech eppes iwwert hiert Wierk ausseet.

Den Nico Helminger ass oft mat engem Hutt ze gesinn.

Ganz am Eescht, d’Hutt-Quot bei Google Image-Search ass immens héich.

Un hiren Auszeechnungen

Den Nico Helminger huet de Batty Weber Präis a mëttlerweil zwee mol de Prix Servaix krut. Säi jéngere Brudder, de Guy Helminger, huet “nëmmen” eng Kéier de Prix Servais krut. Dofir huet en ënnert anerem den Dresdner Lyrikpreis am Joer 2016 krut.

De Guy Helminger ass och vill als Moderator aktiv

Dat ënnert anerem op RTL. Beim Tageblatt ass en un der Literaturbäilag bedeelegt.

Un den Theme vun hire Bicher

Wann eent vum Guy Helminger sengen Haaptthemen Migratioun duerstellt (wéi zum Beispill an Neubrasilien), thematiséiert den Nico Helminger konstant Gesellschaftsproblemer awer och d’Zäitgeschicht an Ideologie. Iwwerschneidunge si méiglech.

Un der Sprooch

Dem Guy Helminger seng Wierker sinn zu engem groussen Deel op Däitsch. Esou gëtt am Autorelexikon nëmmen “Eng Taass fir d’Nefertiti Nilpäerd” als Lëtzebuergesch-Sproochegt Wierk opgefouert. Dem Nico Helminger seng Wierker sinn dogéint zu engem groussen Deel op Lëtzebuergesch. Dat stëmmt virun allem bei der Prosa bzw. bei de Romaner.

Alles kloer? Dann test hei emol, op s de déi zwee wierklech auserneen hale kanns!

[onionbuzz quiz-id=172][/onionbuzz]

 

 

 

Related topics Guy Helminger, Kultur, Lëtzebuerg, Literatur, Nico Helminger, Xavier Bettel
Next post Previous post