Search

You may also like

Kalifornien: D‘Wéngerte vu Napa a Sonoma am Feier ënnergaangen
Kultur Neiegkeeten

Kalifornien: D‘Wéngerte vu Napa a Sonoma am Feier ënnergaangen

Matten an de Ruinen déi nach dämpen, Fässer déi verkuelt

Covid19-Situatioun a Strukture fir Senioren
Kultur Neiegkeeten

Covid19-Situatioun a Strukture fir Senioren

Nodeems et verschiddentlech Virfäll ginn huet, déi alt nees fir

Libyen: Trotzt russescher Vermëttlung nach kee Fortschrëtt
Kultur Neiegkeeten

Libyen: Trotzt russescher Vermëttlung nach kee Fortschrëtt

Nodeems et zu Moskau net zu valabele Gespréicher komm ass,

Hémecht – D’Zäitschrëft fir Lëtzebuerger Geschicht elo och online!

Hémecht – D’Zäitschrëft fir Lëtzebuerger Geschicht elo och online!

D’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) an den zoustännege Redaktiounscomité annoncéiere mat Freed, datt d’Gesamtheet vun allen Ausgaben vun der Hémecht (1895 bis 2015) elo online sinn. Mat méi wéi 58.000 Säite vun der wichtegster Lëtzebuerger Geschichtsrevue gëtt ee wonnerbaren Abléck an d’Vergaangenheet an d’Geschicht vum Land geworf. Ze fannen ass d’Hémecht op der Plattform eluxemburgensia.lu oder och iwwert d’Säit www.a-z.lu.

Souwuel Geschichtsinteresséierten, wéi och Studenten an de Sciences Humaines, Amateuren an allen aneren Persounen, bei deenen et elo schonn an den Zéiwe kribbelt erliewen elo eng vereinfacht Prozedur, wann et ëm Recherche an akademesch Aarbechte geet. Dës weideren kann ee gratis a vum eegenen Doheem aus vun der räichhalteger Ressource profitéieren.

D’Lëtzebuerger Geschichts-Revue ass 1895 vum sougenannte Verein für Luxemburger Geschichte, Literatur und Kunst gegrënnt ginn an koum bis 1939 ënnert dem Numm Ons Hémecht eraus. Tëscht 1948 an 1963 gouf si an T’Hémecht ëmbenannt, ier d’Revue schliisslech 1964 hiren aktuellen Titel Hémecht kritt huet. Ganzer 4 Mol am Joer ass jeeweils eng Editioun verëffentlecht ginn an huet Artikele vun der sozialer a kultureller Wëssenschaft, ëmmer am Rapport tëscht Lëtzebuerg an der Groussregioun, regruppéiert.

Dës weideren proposéiert d’Hémecht Material zur lokaler Geschicht, resuméiert Dissertatiounen an offréiert Erzielungen aus der Luxemburgensia. Zënter ville Jore beräichere sech Auteure schonn un dëse Wierker.

No an no, a ganz am Respekt vun den Auteursrechter, ginn déi verschidden Editiounen online gesat. Ma, d’Verëffentlechunge vun den zwee leschte Joren sinn eleng den Abonnente vun der Revue virbehalen. No der Coronakris kann de BnL-Notzer all Editioun vun der Hémecht an der Bibliothéik selwer liesen.

Related topics BnL, Geschicht, Hémecht, Lëtzebuerger Revue, Literatur, Nationalbibliothéik, Vergaangenheet
Next post Previous post