Search

You may also like

OPGEPASST: Schuedstoffer an den Eeër!
Neiegkeeten WTF

OPGEPASST: Schuedstoffer an den Eeër!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt d’Produiten „Nature Bio Oeufs

Wat mécht den Haff mat all deem Geld?
Neiegkeeten WTF

Wat mécht den Haff mat all deem Geld?

Et ginn emol méi, emol manner interessant parlamentaresch Froen. Wann

D’Buergbrenne mat de Walfer Guiden a Scouten hat Succès
Neiegkeeten WTF

D’Buergbrenne mat de Walfer Guiden a Scouten hat Succès

De Februar geet op Enn, a mir si „Legioun“ déi

surprise

Hennes & Mauritz léist d‘Salariat fir de Covid19 opkommen

Schwedesch Textilentreprise H&M muss Aktionäre bei Laun halen a biischt déi Lounofhängeg

Hennes & Mauritz léist d‘Salariat fir de Covid19 opkommen

Et ass sécher richteg, datt Hennes & Mauritz (H&M) wéi vill aner Geschäfter am Lockdown seng Dieren huet missen zouloossen an datt esou och si finanziell eppes ënnert der Covid19-Pandemie gelidden hunn. Mee d‘sanitär Kris notzen ze wëllen, fir eesäiteg an ouni Dialog de Kollektivvertrag ze denoncéieren, ass vläicht een eppes gewote Schratt.

Konkret geet et ëm de Fait, datt d‘Direktioun vun H&M an der Groussgaass decidéiert huet de „Bonus“ fir 2020 ze sträichen. D‘Entreprise rechtfäerdegt den eklatante Verstouss géint déi am Kollektivvertrag vereenbaart Konditioune mam Argument: „Wéi mir den Tarifvertrag mat der Gewerkschaft ënnerschriwwen hunn, konnte mir esou eng Entwécklung net virgesinn“. Hunn da vläicht d‘Gewerkschaften esou eng Kris 2018 bei der Ënnerschrëft virgesinn? Wuel éischter net.

An esou ass den David Angel vum OGBL-Syndikat Commerce, verständlecherweis eppes irritéiert. Dëse Gewerkschaftler, deen net nëmmen op den Dialog setzt, a sech ëmmer ganz allgemeng den Argumenter unhëlt, déi him entgéintbruecht ginn, muss d‘Ausso vun der H&M-Direktioun eppes relativiséieren. Well dann och H&M „einfach decidéiert“ huet, wou ee Gespréich wahrscheinlech hätt kënnen ziilféierend sinn, muss d‘Direktioun nees mat der Realitéit um Terrain verbonne ginn.

Illusoresch mee prestigiéis Virstellung

Et gëtt Mënschen déi vu lauter Iwwerhieflechkeet engersäits an och enger (finanziell ofhängeger) Loyalitéit wegen anersäits, ni de Besoin empfannen, virun enger esou déifgräifender Decisioun, d‘Verträg nach emol duerchzeliesen. Domadder wëll Hennes & Mauritz eigentlech just kloerstellen, datt ee sech net u Verträg gebonne fillt. Hätt nämlech an der Direktioun een de gesonde Verstand un d‘rulle bruecht an sech dem Vertragstext zougewennt, misst een sech net am Sträit begéinen.

Zum Kollektivvertrag seet den David Angel kuerz a knapp: „D‘Saach ass ganz kloer: Kuerzaarbecht gehéiert net zu den Ausnamen, déi et enger Entreprise erlaben de Bonus ze sträichen. D‘Gesetz ass hei op eiser Säit“. Bei H&M hält een dergéint a weist dezent drop hin, datt Zara decidéiert huet sech aus der Stad zeréckzezéien, an dës Optioun och bei Hennes & Mauritz an der Leitung hänkt. D‘Digitaliséierung vum Konsumverhalen a verännert „Bedierfnisser“ musse berécksiichtegt ginn.

Wie soll dat bezuelen, wien huet esouvill Geld?

Et gehéiert awer zur Vollstänneg drop hinzeweisen, datt déi belsch a lëtzebuergesch Filialen eng gemeinsam Administratioun hunn. A wann do déi belsch Regierung decidéiert de Bonus ze iwwerhuelen, da kann ee verstoen, datt sech H&M datt och vum Mëttelstandsminister Lex Delles erwaart. Argument: „Wann H&M Lëtzebuerg de Bonus ausbezilt, da kënnen déi belsch Salariéeën dat och afuerderen“, esou den David Angel. Mee vu wéi enger Zomm gëtt dann hei geschwat?

Laut dem OGBL-Syndikat Commerce, beleeft sech de Bonus fir déi ronn 280 H&M-Salariéeën zu Lëtzebuerg op 58.000 Euro. Keng Zomm vun där ee sollt unhuelen, datt si Hennes & Mauritz géif an d‘Faillitt dreiwen. De schwedesche Konzern bestätegt datt H&M finanziell gutt opgestallt ass, een d‘Offer fir e Gespréich mam OGBL awer zeréckgewisen hätt, well een zur Decisioun stoe géif. An et hätt een de Leit ugebueden, 25% vun den Aboussen duerch de gestrachene Bonus ze ersetzen.

Erzwonge Gewerkschaftsaktioun

Dem Dialog d‘Dier virun der Nues zouzeschloen ass eng Praxis ouni Plus-value. Dat sech an der Belsch d‘Verwaltung primär ëm Ëmsazzuele këmmert a sech weder fir d‘Politik nach d‘Mënschen am Land interesséiert, an esou och iwwerzeegt ass, datt schonn d‘Annonce vun enger méiglecher Schléissung derzou féiert, datt d‘Mataarbechter op hir mëttels Kollektivvertrag zougeséchert Prime verzichte géifen, erzwéngt eng gewerkschaftlech Aktioun. An dat wier just den Ufank heescht et…

Esou gouf dann elo beschloss, datt muer Samschdeg um 15 Auer an der Groussgaass virun der H&M-Filial ee Protestpiquet organiséiert gëtt. An dat ass net déi eenzeg „Aktioun“ mat där een d‘Direktioun vun Hennes & Mauritz wëll zur Vernonft bréngen. Beim OGBL ass ee jiddefalls decidéiert all juristesch a gewerkschaftlech Mëttel ze notzen, fir d‘Anhale vum Kollektivvertrag sécherzestellen. Ob ee Sozialkonflikt a Form vun engem Streik denkbar ass? Jo, esou den OGBL.

Illustratioun: © Fernand de Canne / unsplash

Related topics Covid19-Kris, H+M, Hennes a Mauritz, OGBL, Protestpiquet, Syndikat Handel
Next post Previous post