Search

You may also like

Wéit gutt kenns du dës wichteg Frae vun der Lëtzebuerger Geschicht?
Neiegkeeten

Wéit gutt kenns du dës wichteg Frae vun der Lëtzebuerger Geschicht?

[onionbuzz quiz-id=41][/onionbuzz] An der Geschichtsschreiwung gëtt sech gären ze vill

COVID-19: Wann Natur an Ëmwelt sech erhuelen
Neiegkeeten

COVID-19: Wann Natur an Ëmwelt sech erhuelen

Endlech kann d’Natur nees opootmen. Datt de Mënsch sech duerch

What the Fakt – Alles op de Mound mat der Apollo 11!
Neiegkeeten

What the Fakt – Alles op de Mound mat der Apollo 11!

Um 16. Juli 1969 hunn d’USA Raumfart-Geschicht geschriwwen. Fir d’Missioun

Et gëtt ëmmer een deen et muss maachen

Am Kontext vun der Reorganisatioun vun der Regierung gëtt den Henri Kox Minister fir bannenzeg Sécherheet

Et gëtt ëmmer een deen et muss maachen

Esou wéi et de Premierminister Xavier Bettel dem Groussherzog Henri virgeluecht huet, huet dësen d‘Ministèren nei zortéiert. Bei dësem Remaniement geet de Portefeuille vun der bannenzeger Sécherheet vum Vizepremier François Bausch un de Logementsminister Henri Kox iwwer. Enn un a fir sech logesche Schratt, wann ee consideréiert, datt dëse säit Oktober 2019, den Job vum Minister fir bannenzeg Sécherheet schonn als „delegéierte“ Minister ausgefëllt huet.

Den Henri Kox hat deemno ausräichend Zäit sech mat allen Dossiere betreffend d‘Gestioun vun der Police an d‘Generalinspektioun vun der Police, ze beschäftegen. Hie versprécht dann och, datt hie mat vill Engagement déi nach oppen Dossiere wäert ugoen. Besonnesch beim Rekrutement, der Moderniséierung vun den Infrastrukturen, wéi och déi grouss Reorganisatioun vun de Fichiere vun der Police – dozou soll en am September e Gesetz ginn – géif et vill ze dinn.

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics François Bausch, Groussherzog Henri, Henri Kox, Regierung, Xavier Bettel
Next post Previous post