Search

You may also like

E President muss och schmäerzvoll Entscheedungen treffen
Neiegkeeten

E President muss och schmäerzvoll Entscheedungen treffen

Fir ee Personnage wéi de Christian Kmiotek, e Mann mat

Dystopie, Krimi a Co.: Bicher an hir verschidde Stiler
Neiegkeeten

Dystopie, Krimi a Co.: Bicher an hir verschidde Stiler

D’Literatur begeeschtert a faszinéiert duerch seng vill verschidde Stiler. An

Elo gëtt awer kee rekreative Cannabis
Neiegkeeten

Elo gëtt awer kee rekreative Cannabis

An der Regierungserklärung 2018, hat de Xavier Bettel (DP) nach

Contournement vun Hesper: wat s de haut net kanns besuergen…

Contournement vun Hesper: wat s de haut net kanns besuergen…

Et ass scho bal net méi gewosst, wéi laang d‘Awunner vun Hesper an Alzeng elo op dee wierklech noutwennege Contournement waarden. Si sinn d’Transitgemengen, fir eng 70.000 Grenzgänger aus dem noe Frankräich, an es verständlecherweis dem dauerhafte Stau an de Stousszäite midd.

Datt de Contournement wuertwiertlech „incontournabel“ ass, mee bis ewell net konnt realiséiert ginn, huet och mat Fait ze dinn, datt dës Ëmgéiungsstrooss misst duerch eng Naturschutzzon (Natura 2000) geleet ginn. Elo schéngt een dann awer am Ëmweltministère en Ouer fir d‘Doleance vun der Bierger an dem Buergermeeschter Marc Lies (CSV) ze hunn. Et deet sech also eppes.

Et huet de Uschäin, wéi wann d‘Tatsaach, datt d‘Loftqualitéit an de genannten Uertschaften richteg schlecht ginn ass, och den Ëmweltministère „ëmgestëmmt“ kritt hätt. D‘Carole Dieschbourg (déi gréng) kéint also awer nach hiren Accord ginn. Woubäi eigentlech ass et engem anere Minister ginn, hei dat lescht Wuert ze hunn. An dat ass de Mobilitéitsminister François Bausch (déi gréng).

Am Kontext vun der Presentatioun vum Ausbau vum Tram-Netz bis Houwald (2023) huet de Minister duerchblécke gelooss, datt wann dës Aarbechten an Ugrëff geholl ginn, méiglecherweis och mam Contournement kéint ugefaange ginn. D‘Betounung läit op „kéint“, well hei jo d‘Bierger nach dierfe Recourse géint de Projet lancéieren. Woubäi si eigentlech d‘Notznéisser wieren.

Eent nom aneren

Elo gëllt et awer näischt ze iwwerstierzen, de Sujet ass a bleift sensibel, an dat net nëmmen wéinst der Zon Natura 2000. Et wier zudeem gutt, wann een hei, am Géigesaz zum Contournement vun Dippech, all déi noutwenneg Etüden zäiteg géif maache loossen. Séier si vill Jore verluer, wann et Feeler am Dossier huet, an nees alles vun Ufank un muss opde Leescht geholl ginn. An et kascht…

Hei muss den Dossier „perfekt“ sinn, well Argumenter eleng dierften net duer goen, fir zu Bréissel der EU-Kommissioun d‘Baugeneemegung fir d‘Zon Natura 2000 aus de Rëppen ze leieren. Ob a wéi sech op den am Oktober 2019 proposéierte Bau vun engem Tunnel zréckgräife léisst muss nach gekläert ginn. Deen hätt awer de Virdeel den Impakt op d‘Natur an Ëmwelt däitlech ze verréngeren.

Den Nodeel vum Tunnel si virun allem d‘Käschten an eng länger Bauzäit. Wéi och ëmmer, esou wéi et heescht, soll déi ëffentlech Consultatioun schonn iwwer Ouschtere lancéiert ginn. Weider heescht et, datt een bei dëser Consultatioun op d‘Uwiesenheet vun de Leit géif setzen, mee dat ass eng Entscheedung déi bekanntlech Pandemieofhängeg ass. An Ouschteren ass net méi wäit ewech.

Säitens de concernéierte Gemengen dierft et zügeg mam Avis virugoen, firwat een um Ministère zouversiichtlech ass, all erfuerderlech Ënnerlage bis de Summer zesummenzehunn. Ass dat dann och anzehalen, kéint de Minister schonn am September dem Regierungsrot déi final Variant fir de Contournement virleeën. Bis dohinner huet et nach eppes Zäit, Revirementer sinn net ausgeschloss.

Illustratioun: An de Gemengen Hesper an Alzeng geet an den Haaptverkéierszäiten näischt méi. Et ass eng grouss Belaaschtung net nëmme fir d‘Awunner an d‘Pendler, mee besonnesch fir d‘Natur an d‘Ëmwelt. Stress a schlecht Loft hëllefen zudeem net gesond ze bleiwen… © Katy / unsplash

Related topics Alzeng, Contournement, Ëmweltministesch, Hesper, Mobilitéitsminister, Zon Natura 2000
Next post Previous post