Hëtzegen Debat an der Chamber

Gëschter gouf d‘Petitioun 2007 vum Gérard Koneczny, betreffend de Referendum zur Verfassung, um Krautmaart debattéiert. Et war awer ee gewëssene Luc Deitz, dee seng Beweeggrënn, sech der Petitioun unzeschléissen, den éischter desintresséierte Volleksvertrieder erläutert huet.

De Mann dee sech als apoliteschen Acteur vun der Zivilgesellschaft presentéiert huet, gouf vum Petitionär als „Spriecher“ ausgewielt, an huet seng Argumentatioun op dat politescht Versprieche vun de Parteien am Walkampf 2018 opgebaut. Hien hätt sengerzäit de Parteie gegleeft a vertraut. Firwat entzéien si him elo seng Stëmm bei der Verfassungsreform? Well si de Pouvoir dofir hunn.

E Fait deen dem Luc Deitz net friem ass, firwat et dann och eng frontal Attack géint d‘Parteie vun der Koalitioun, an déi gréissten Oppositiounspartei ginn huet. Dat ganzt natierlech just verbal. Hien huet dëse klipp a kloer ze verstoe ginn, datt si maache géife wat si grad arrangéiert. De Choix vun de Wierder, huet der Presidentin vun der Petitiounskommissioun, net gefall a si huet intervenéiert.

Petitioun
© Chambre des Deputés

Si stellt fest, datt d‘Petitionären et „déck haten“ firwat net éischter intervenéiert gi wier. D‘Nancy Kemp-Arendt (CSV) war folgerichteg net begeeschtert, wat verständlech ass, wann een direkt vun de Virwërf betraff ass. Dat trëfft esou och op De Mars di Bartolomeo (LSAP), President vun der Verfassungskommissioun zu. Hien notéiert, datt dem Spriecher seng Duerstellung grenzwäerteg ass.

Verschidde Welten

No dësem éischten Austausch, dee sech als Prolog sollt entpuppen, hat et een kuerzen Ament, wou de Leit de Mond opstoe blouf. An dann huet et nach en eppes éischter erstaunleche Punkt, deen den Deputéierte wuel friem muss virkomm sinn. An der Petitioun war jo och d‘Kommunikatioun zur Verfassungsreform monéiert ginn, mee am Fong schéngt een d‘Changementer net ze kontestéieren.

Petitioun

D‘Vertrieder vun DP, LSAP, déi gréng an CSV ware sichtlech beméit, d‘Bedenken déi virbruecht goufen ze entschäerfen. D‘ADR huet sech – aus gudde Grënn – voll a ganz hannert dës Petitioun gestallt. Déi eenzeg wou sech an enger neutraler Positioun befonnt hunn waren d‘Piraten an déi lénk, déi vun de Petitionäre „lénks leie“ gelooss goufen. Mee och si hunn op d‘Aussoe reagéiert.

D‘Nathalie Oberweis (déi lénk) an de Marc Goergen (Piraten) hu gemengerhand festgestallt, datt et der Petitioun un Neutralitéit mangelt. Si stelle fest, wourauser de Gérard Koneczny keen Heel mécht, datt hie seng „Inspiratioun“ der ADR-Broschür entholl huet. An esou huet sech dat erginn, wat eis franséisch Noperen als „dialogue de sourds“ definéieren. Äntwerten hat et nämlech keng.

Dënn Asiicht

An d‘Nancy Kemp-Arendt, déi jo eppes méi laang am politesche Geschäft ass, stellt uschléissend fest, datt et schued ass, dat déi uwiesend Deputéiert et net ronn bruecht hunn, de Petitionären ze erklären, firwat entscheet ginn ass, den Referendum ausfalen ze loossen. Si huet dozou allerdéngs och keng Erklärung gehat. Verständlech ass et jo d‘CSV, déi aus Grënn, 2019 d‘Kéier geholl huet.

Petitioun
© Chambre des Deputés

Datt de Petitionären nogelauschtert ginn ass, gehéiert zum politesche Spill an et stoung vu virera fest, datt ausser der ADR, kee Partei fir d‘Petitioun géif ergräifen. Esou gouf dann och festgehalen, datt en de bestoende Wee net wäert verloossen. Et huet een – et geet nach ëmmer ëm Politik – awer virginn sech fir eng méi breet opgestallten Informatiounscampagne fir d‘Bierger ze engagéieren.

Et hänkt dann alles dovunner of, op a falls, wéi vill Leit déi an de Gemengen ausleiend Petitioun (am Ganze soll dat véier mol musse gemaach ginn, an zwar a Presenz, numeresch ass een nach net esouwäit) ënnerschreiwe wäerten. D‘Presidentin vun der Petitiounskommissioun schéngt sech op den Intressi vun de Wieler ze verloossen, an huet hir Zweiwel um Erfolleg oppen ausgedréckt.

Dernières nouvelles