Search

You may also like

75 Joer Hiroshima
Neiegkeeten

75 Joer Hiroshima

De 6ten August 1945 brécht den amerikanesche B-29 Bomber “Enola Gay”

Haiti: …den Dag duerno
Neiegkeeten

Haiti: …den Dag duerno

Nodeems an der Nuecht op ee Mëttwoch, de President vun

Lëtzebuerg an d’Geldwäsch: Eng éischte Risikoanalys vum Justizministère
Neiegkeeten

Lëtzebuerg an d’Geldwäsch: Eng éischte Risikoanalys vum Justizministère

Ënnert der Direktioun vum Justizministère an als Äntwert op d’Recommandatioun

Hëtztwell 2019: Lëtzebuerg erwaart bis zu 38 Grad a méi!

Hëtztwell 2019: Lëtzebuerg erwaart bis zu 38 Grad a méi!

Wéi divers meteorologesch Déngschter mellen, ass an dëser Woch mat extremen Temperaturen ze rechnen. D’Hëtztwell trëfft de Grand-Duché virun allem um Mëttwoch besonnesch haart. Aus dësem Grond sollt een op e puer Punkten besonnesch oppassen!

Wéi Météo Boulaide matdeelt kënnt Lëtzebuerg schonn haut mat bis zu 34°C an d’Schweessen. Déi nächst Deeg klammen d’Wäerter vun der Hëtztwell weider: Um Dënschdeg erwaarden eis tëscht 31 an 35 Grad, an zemools am Südweste vu Lëtzebuerg kann ee souguer mat 37 Grad rechnen. Mam Mëttwoch kréie mir dann dee wäermsten Dag vun der Woch.

Den Norde muss mat Temperaturen tëscht 33 an 36 Grad rechnen, wougéint am Süde mat bis zu 38 Grad nach eng Schëpp drop geluecht gëtt. D’Prognos, datt mir bei 40 Grad schweesse mussen, ass momentan wuel net méi sécher ze bestätegen. Onméiglech ass dës Temperatur allerdéngs och net.

Waasser, Sonnecrème a Rou!

Bei Soubal d’Hëtzt dobaussen d’Kierpertemperatur iwwerschreit, kann et zu gesondheetleche Problemer kommen. Kreeslafproblemer sinn am Summer keng Seelenheet a virun allem eeler a krank Leit sollte besonnesch gutt op sech oppassen. Dofir rode mir:

  • Vill drénken! Vir Kreeslafproblemer am viraus ze verhënnere soll een de ganzen Dag iwwert vill Waasser (2 bis 3 Liter) drénken. Vun alkoholeschem Gedrénks gëtt ofgeroden, wëll esou de Bluttdrock erofgeet. Och schwaarzen Téi a Kaffi sinn net ze recommandéieren. Iwwregens geréit de Kierper méi schnell an d’Schweessen, wat d’Gedrénks méi kal ass.
  • Liicht iessen: Bei héijen Temperature soll ee virun allem liicht Kascht, wéi Uebst a Geméis consomméieren. Dës Liewensmëttel enthalen iwwregens oft och vill Waasser a maachen eise Mo net ze vill voll.
  • Schiet sichen: Virun allem zu der Mëttegstonn soll een d’Sonn meiden. Halt Iech dofir am Beschten am Schiet oder dobannen op.
  • Déi richteg Sonnecrème: Vir engem Sonnebrand aus de Féiss ze komme sollt ee sech op alle Fall gutt a genuch acrèmen. Dobäi muss ee beim sougenannte Liichtschutzfacteur op d’Zäit oppassen, déi een an der Sonn verbréngt (150 Minutten an der Sonn gedeelt duerch 10 Minutten Eegeschutz vun der Haus ergëtt LSF 15). Iwwregens gëtt een och am Schiet de Sonnestralen ausgesat.Hëtztwell
  • Bei Hëtzt am Büro: Sollt ee bei der Aarbecht der Hëtzt net dervu kommen, esou kann een all Stonn emol kaalt Waasser iwwert d’Handgelenker lafe loossen. Esou gëtt – ganz ouni Ganzkierperdusch – de Kierper ofgekillt.
  • D’Sauna am Auto: Loosst op kee Fall een Liewewiesen am Auto zeréck! Och wann et just fir 2 Minutten ass kann d’Gefier sech schonn extrem ophëtzen, wat fir ee Mënsch oder Déier liewensgeféierlech ka ginn!
  • Richteg lëften: Scho ganz fréi Moies, direkt nom Opstoen, sollt ee gutt lëften. Déi ideal Zäit ass virun 8:30 Auer. Uschléissend soll een d’Fënster nees zoumaachen an d’Zëmmer ofdonkelen bis Owes.
  • Lëfteg Kleedung: Virun allem Léngen a Kotteng loosse Loft gutt duerch. Denkt iwwregens och un eng Kappbedeckung, wann Dir der Sonn ausgesat sidd.
  • Kierperlech Ustrengung vermeiden: Wien trotzdeem net op säi Sport verzichte wëll oder eppes Wichteges ze erleedegen huet, dee sollt dëst fréi moies oder spéit owes maachen.
  • Opgepasst beim Mupp: D’Patte vun Hënn kënnen duerch extrem opgehëtzte Stroossen schwéier geschiedegt ginn. Mat Verbrennungen ass ze rechnen, wouduerch een och just fréi moies oder spéit owes säin Tour trëppele goe sollt.

An dësem Kader betoune mir nach emol, datt ee keng Kanner, Hausdéieren an aner Liewewiesen am Auto zeréck loosse sollt! D’Fënster e bëssi opzemaachen déngt net vill. Wien esou eng Situatioun selwer erlieft muss als Zeien d’Police ruffen, déi am schlëmmste Fall d’Fënster aschléit.

Opmaacherbild: © M. Whelen CC-by-SA 2.0

Related topics 40 Grad, Hëtztwell, Météo Boulaide, Temperatur, Waarm, Waasser
Next post Previous post