Search

You may also like

Eigentlech sollt et heeschen „Bleift verstänneg!“
Neiegkeeten

Eigentlech sollt et heeschen „Bleift verstänneg!“

Zanter enger gudder Woch elo, ass et och Krautmaart net

Simon „IPA“: ënner fënnef Happzorte leeft hei keng
Neiegkeeten

Simon „IPA“: ënner fënnef Happzorte leeft hei keng

Wann ee sech aleedend muss agestoen, datt en Indian Pale

Jonk Studenten entdecken den Härebierg
Neiegkeeten

Jonk Studenten entdecken den Härebierg

Am Kontext vun den „Informatiounsdeeg“ vun der Arméi, Police, Douane,

Hëtztwell iwwer Lëtzebuerg – Et ass Virsiicht gebueden!

Hëtztwell iwwer Lëtzebuerg – Et ass Virsiicht gebueden!

Ugesiichts den aktuelle Wiederkonditiounen, befannen sech eis Waasserleef wäit ënner de Minimal-Stänn vun de leschten zéng Joer. Dat bréngt mat sech, datt d‘iwwerliewe vun de Waasserorganisme bedreet ass. Et ass esou, datt net nëmmen de Planzen de Waassermangel zousetzt, mee esou och déi ganz Flora a Fauna an eise Waasserleef vun der dréchent bedreet gëtt. Et ass Virsiicht gebueden.

De bestännegen Drock an den Offall vum Debit féiert zu enger staarker Konzentratioun vun der Pollutioun am Waasser. Anescht ausgedréckt, wat et manner Waasser huet, wat sech d‘Gëfter manner „léise“ kënnen. D‘Gefor hei geet dann och iwwert déi normal Mooss eraus, firwat een den Ament net ka weider Waasser enthuelen, well et den Effet dramatesch verstäerke géif.

Ugesiichts de Problemer déi dat mat sech bréngt, sinn d‘Leit opgeruff, keen Uewerflächewaasser ze enthuelen. Nëmmen esou ka verhënnert ginn, datt engersäits d‘Flora an d‘Fauna an de Waasserleef ofstierft, an anersäits déi net „kippen“, also irreversibele Schued erleiden. Erënnere mir nach kuerz drun, datt et generell verbueden ass, während enger Dréchent Uewerflächewaasser ze enthuelen.

A well bei Temperaturen iwwer 30°C och méi Drénkwaasser benotzt gëtt – net nëmme fir et ze drénken – sollt een och hei verantwortlech handelen. Ugesiichts deem wat eis nach un Hëtzt esou bevirsteet, sollt een dovunner Ofstand huelen dëst Waasser ze verbëtzen, an de Konsum op dat néidegst ze reduzéieren. Um Site vun der Administratioun gëtt et dann och gutt Rotschléi dozou.

Foto: Adege/Pixabay

Related topics Drécheperiod, Drénkwaasser, Hëtztwell, Lëtzebuerg
Next post Previous post