Search

You may also like

Rumänien: Referendum géint d‘gläichgeschlechtlecht Bestietnes gescheitert
Neiegkeeten

Rumänien: Referendum géint d‘gläichgeschlechtlecht Bestietnes gescheitert

De Weekend hunn d‘Rumänen sech geweigert, de Verbuet vum gläichgeschlechtleche

William Gibson: Mam Bléck op d’Zukunft
Neiegkeeten

William Gibson: Mam Bléck op d’Zukunft

Wann een den Erfinder vun engem ganzen Genre ass, da

Policebericht: Vun domme Bouwen an duuschterege Gesellen
Neiegkeeten

Policebericht: Vun domme Bouwen an duuschterege Gesellen

Et gëtt awer Saachen, bei deenen hëlleft net emol méi

Hëtztwell iwwer Lëtzebuerg fuerdert eis Opmierksamkeet

Hëtztwell iwwer Lëtzebuerg fuerdert eis Opmierksamkeet

Et ass waarm dobaussen. Ze waarm fir Mënsch a Natur, firwat säitens dem Nohaltegkeetsministère e puer Warnunge mussen ausgeschwat ginn, an eis Opmierksamkeet gefuerdert ass. Eis Waasserleef leie wäit ënnert der Moyenne vun de Minimalwäerter aus de leschten 10 Joer.

Wéi et heescht, ass de Seuil-Minimum fir d‘Iwwerliewe vun den Waasserorganismen erreecht ginn. Et ass deemno ersiichtlech, datt et net nëmmen d‘Planze sinn deenen déi grouss Hëtzt d‘Waasser entzitt. Bei dëse Wiederkonditiounen déi zu enger grousser Dréchent féieren, ass et déi gesamt Flora a Fauna am Ëmfeld vun eise Waasserleef déi betraff ass.

Mam bestännegen Drock an engem ze geréngen Debit, ass d‘Konzentratioun vun der Pollutioun am Waasser immens héich. De „Knascht“ léisst sech net méi verdënnen, an d‘Waasserqualitéit ass esou schlecht wéi laang net méi. Et ass also net de Moment fir weider Waasser aus dëse „Quellen“ ze enthuelen, well déi Organismen op all Drëps ugewise sinn.

De Ministère rifft dann och d‘Bevëlkerung op, keen Uewerflächewaasser ze notzen oder ze enthuele fir d‘Flora an d‘Fauna net weider ze kompromettéieren. Et gëtt hei och ugefouert, datt d‘Entnam vun Uewerflächewaasser allgemeng nëmme mat enger Autorisatioun erlaabt ass, déi awer opgrond der Situatioun suspendéiert ginn. Esou soll eng Degradatioun vun dëser Ressource verhënnert ginn.

mam SIP

Related topics Dréchent, Hëtztwell, Lëtzebuerg, Waasser
Next post Previous post