Search

You may also like

Datenzenter Google: Biisser Buergermeeschter verhale begeeschtert
Neiegkeeten

Datenzenter Google: Biisser Buergermeeschter verhale begeeschtert

Zanter Enn Oktober gëtt et zu Biissen eng nei politesch

Covid19-Telefonitis
Neiegkeeten

Covid19-Telefonitis

Wéinst der Onrou, déi d‘Covid19-Mutatioune bei den Experten an verantwortleche

Kulturvandalismus op der Eecher Plaz
Neiegkeeten

Kulturvandalismus op der Eecher Plaz

Op der Eecher Plaz ginn erëm Haiser ofgerappt. Eent dovu

Den SNJ lancéiert en neien Internetsite

Den SNJ lancéiert en neien Internetsite

Mat der neier Internetsite www.hey.snj.lu presentéiert sech den nationale Jugendservice (SNJ) am frëschen Design. Sämtlech Offeren, déi den Iwwergang an d’Beruffsliewen besser erméiglechen, sinn do zesummegefaasst.

D’Schouljoer ass eriwwer, dat heescht awer nach laang net datt d’Studenten näischt méi ze dinn hunn. Elo geet den Eescht vum Liewen un, si musse wichteg Entscheedungen treffen. Solle si schaffen, studéieren oder Erfarungen am Ausland sammelen?

Et ass nawell eng Erausfuerderung, an dësem Kader wëll den SNJ eng individuell Ënnerstëtzung fir all Interesséierten ubidden, sief dat duerch Berodungen, Informatiounen oder Orientéierungsofferen.

De Site ersetzt déi al Säit www.alj.lu a vereent all Offeren – Workshoppen, Schoulungen, Fräiwëllegendéngschter, Schnupperformatiounen an nach villes méi. Dës Offeren kënnen elo um Site agesinn ginn, se riichten sech u Jugendlecher tëscht 15 an 30 Joer, déi sech an enger Iwwergangsphas befannen.

An der Kontaktrubrik ass eng Kaart vun Lëtzebuerg a mat den 11 Filialen sou wéi d’Kontaktdaten vun Agenten ze fannen, mat deenen een e Rendezvous ausmaache kann. De Site ass op Franséisch a Lëtzebuergesch a riicht sech direkt un déi Jugendlech, een Agenda mat Veranstaltungen a verschiddenen Offeren aus de Lycéeën ergänzt dat Ganzt.

Related topics Berodung, Beruffsliewen, hey.snj.lu, Informatioun, nationale Jugendservice, Nei Internetsäit, Orientatioun, Schoul, Service National de la Jeunesse, SNJ, Studenten
Next post Previous post