Search

You may also like

Extremsummer 2019: Dräi Hëtztwellen, Reendefizit an een Tornado
International Neiegkeeten

Extremsummer 2019: Dräi Hëtztwellen, Reendefizit an een Tornado

Pünktlech zum Ofschloss vum meteorologesche Summer 2019 verëffentlecht de staatleche

#act4support: Jugendlecher engagéieren sech aktiv fir déi d’psychesch Gesondheet
International Neiegkeeten

#act4support: Jugendlecher engagéieren sech aktiv fir déi d’psychesch Gesondheet

Déi nei Campagne #act4support vum Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires

„Sputnik-V“: Den Zar léisst de Vaccin zou
International Neiegkeeten

„Sputnik-V“: Den Zar léisst de Vaccin zou

Déi ganz Welt ass op der Sich no engem Vaccin

Verwirrung iwwert d‘Hierkonft vun den Affer

Nodeems d‘Police 39 Läichen aus engem Camion zu Grays geholl sinn elo véier Persounen an Haft

Verwirrung iwwert d‘Hierkonft vun den Affer

Am Fall vun den 39 Läichen déi an engem Container fonnt goufen huet Police nieft dem 25 järege Chauffeur nach dräi Persoune verhaft. Iwwert d‘Hierkonft vun den Affer herrscht Verwirrung. Laut der Police weisen all Indizien op Mënschenhandel hin.

Bei de Persounen déi verhaft goufen handelt et sech ëm Zwee Männer vun 38 an 48 Joer, esou wéi eng Fra vun 38 Joer. Beim 48 järegen handelt et sech ëm e Mann aus Nordirland, deen am Verdacht steet u Mënschenhandel an Doudschlag bedeelegt ze sinn. Zu Stonn wier awer nach keng vun dëse Persounen ugeklot ginn. D‘Ermëttlunge wieren nach net ofgeschloss an et gëtt och nach aneres.

Esou sinn um Donneschdeg déi éischt 11 Läichen aus dem Container geholl ginn, an un e Spidol zu Chelmsford iwwerstallt ginn. D‘Autoritéiten haten dat ugeuerdent fir an engem éischte Schratt emol d‘Doudesursaach ze ermëttelen. Eréischt duerno soll mat der Identifizéierung ugefaange ginn. An dat wäert ee laangwierege Prozess ginn, esou de Spriecher vun der Police gëschter am Nomëtten.

AfferNodeems en Donneschdeg esouwuel d‘Police vun Essex an de chineseschen Ausseministère, nach matgedeelt haten, datt et sech bei den 31 Männer an 8 Fraen ëm Chinesen handelt, huet e Freideg déi chinesesch Ambassade zu London wësse gelooss, datt d‘Nationalitéit vun den Affer nach net eendeiteg gekläert ass. Laut BBC kéinten och Vietnamesen ënnert den Doudege sinn.

30.000 Pond fir ze stierwen

De britesche Sender berifft sech fir dës Noriicht op d‘Ausso vu sechs vietnamesesche Familljen, déi fäerten datt sech Familljememberen ënnert den Affer befannen. D‘BBC huet dann och Biller vu SMS-Noriichte gewisen, mat deen en Affer nëmme Stonnen iert de Camion fonnt gouf, mat senger Famill a Kontakt getruede wier. An de Bericht hat nach weider brisant Informatioune parat.

Esou huet eng Famill confirméiert datt si 30.000 Pond fir d‘Schleise vun enger Fra bezuelt huet. Déi wier zanter dem 23. Oktober vun der Äerduewerfläch verschwonnen. Déi lescht Noriicht déi si vun der Fra erhalen hunn hätt drop higewisen datt si keng Loft méi kritt. Fir d‘Police vun Essex, déi hei mat der gréisster Affäre säit méi wéi zéng Joer beschäftegt ass, muss dat alles nach bestätegt ginn.

Wat d‘Nationalitéit vun den Affer betrëfft, esou wier „d‘Bild an Entwécklung“. Och si ruffen d‘Leit op déi Familljememberen ënnert den Affer vermudden sech ze mellen. D‘Autoritéiten hunn dann och bestätegt, datt kee mat strofrechtleche Folgen ze rechnen huet.

De laange Wee an den Dout

Well de Container och zur Killung gëeegent ass, besteet de Verdacht, datt dës illegal Migranten am Camion erfruer sinn. Offiziell ass dat nach net bestätegt. A während d‘Forensiker sech mat der Doudesursaach ausenanersetzen, rekonstruéiert d‘Police de Wee deen de Container zréckgeluecht huet. Dësen ass iwwert de belschen Hafen Zeebrugge – dem gréissten europäeschen Transitzentrum fir d‘Wueren déi fir Groussbritannien bestëmmt sinn – op d‘Insel gelaangt.

AfferLaut der belscher Staatsanwaltschaft ass de Container en Dënschdeg um 14:49 zu Zeebrugge am Hafen ukomm, an hätt dësen och am Nomëtteg nees verlooss. De Container ass dann iwwert den Äermelkanal a Groussbritannien ukomm. Seng Rees geet zu Purfleet (Grays) op en Enn.

E grousst Rätsel bleift: Wou sinn dës Leit an de Container geklommen? Et gëllt als héchst onwahrscheinlech, datt d‘Affer an der belsch an de Container verfracht goufen. Den Direkter vum Hafen zu Zeebrugge, Joachim Coens huet géintiwwer dem belsche Staatssender VRT erkläert: „E Killcontainer kënnt bei eis vollstänneg versigelt un. Bei der Inspektioun ginn d‘Dichtungen, d‘Nummereschëld an och de Chauffer mat Kameraen iwwerwaacht“.

mat indymedia/lon

Related topics Camion, Container, Essex, Grays, Migranten, Police
Next post Previous post