Search

You may also like

Et dierf een nees an de Musée
International Meenung Neiegkeeten

Et dierf een nees an de Musée

Datt mam Antrëtt an d‘Phas 2 vum Deconfinement och eis

money
Bedruch a Geldwäsch
International Meenung Neiegkeeten

Bedruch a Geldwäsch

De Fränk Schneider war beim SREL den operationelle Chef an

Editorial: Keng Panik!
International Meenung Neiegkeeten

Editorial: Keng Panik!

A China ass en neiaartege Coronavirus (2019-nCov) ausgebrach, an deen

Kee Patentschutz fir de Covid19-Vaccin?

Eng honnert Länner hunn d‘Welthandelsorganisatioun (WTO) opgeruff d‘Patentrechter vun den Hiersteller vum Covid19-Vaccin fräizeginn

Kee Patentschutz fir de Covid19-Vaccin?

Wärend de „Verzicht“ op Patentrechter bei eis am Land keen Thema ze si schéngt, hu gutt 2 Dosen ONGen an der Schwäiz, de Bundesrat opgeruff, d‘Demande vun dëse Länner ze ënnerstëtzen. Si hunn an engem oppene Bréif drop higewisen, dat eng 70 Länner net wäerten an der Lag sinn, bis Enn 2021 och nëmmen 10% vun hirer Populatioun ze impfen. Dat ass dem Bundesrat awer egal.

Et gesäit dann awer och esou aus, datt wann d‘Zil: „d‘Impfung vu méiglechst ville Mënschen ze beschleunegen“ ass; wäert et sech ouni eng Lackerung vum Patentschutz net opgoen. Esoulaang d‘Patent geschützt ass, dierf keen aneren Hiersteller de Vaccin ouni Lizenz kopéieren. Ouni Lizenz allerdéngs kéint d‘Produktioun méi séier an erwisenermoossen och méi bëlleg vu Statte goen.

Géif sech d‘Schwäiz, déi d‘Heemecht vun de globale Pharmakonzerner ass – déi ethesch-moralesch op FIFA-Niveau geleeë sinn – sech bei der WTO fir eng Lackerung/Ophiewung vum Patentschutz asetzen, hätt dat grouss Symbolkraaft. Mee am Schwäizer Bundesrat mécht ee Politik an éischter Linn fir sech selwer, da fir Frënn aus Industrie a Wirtschaft, a wann nach Zäit ass och fir déi aner…

Net ze vergiessen datt et hei ëm ongeheierlech Zomme geet. Gutt et huet net wierklech eppes mat den iwwer 40 Milliarden US-Dollar vun engem Jeff Bezos ze dinn, deen net emol muss Steieren op säi Covid19-Benefice bezuelen. Am Fall vun de Pharmakonzerner, geet virun allem drëms esou eppes wéi ee Prezedenzfall ze verhënneren. Si fuerschen net fir d‘Mënschheet, mee fir Aktionären.

Och d‘WTO huet keen Interessi

Et ass richteg, datt d‘Entwécklung vun engem Medikament, engem Impfstoff vill Zäit an gescheit Käpp erfuerdert. Do explodéieren zuweilen och emol d‘Käschten, firwat net seelen tëscht 2,5 an 3 Milliarden US-Dollar an esou Projete fléissen. An eng Garantie dat et eppes bréngt huet een dann och nach net. Dofir fuersche Konzerner net no Mëttel géint Krankheeten déi seelen optauchen.

D‘Pharmaindustrie huet weder moralesch nach ethesch Contrainten, dofir vill finanziell Uspréch ze erfëllen. Aus dësem Grond gëtt gären eppes gefuddelt, gelunn an d‘Fakte verdréint (Manipulatioun vun de Grenzwäerter, Kaddoe fir Dokteren, asw…). Wie gemengt sollt hunn, datt béi esou enger globaler Kris, och „déi“ Verantwortung iwwerhuelen, sollt séier nees Buedemkontakt sichen.

Et geet fundamental ëmmer un éischter Stell ëm de Goss, dann d‘Muecht déi engem a gewësser Moos esou een exklusiivt Produkt verléint, mee och ëm politesch Interessen, déi ee mat engem Vaccin dee benéidegt gëtt, beaflosse kann. D‘Decideuren an de Verwaltungsréit vun der Industrie, wéi och gewielte Volleksvertrieder, bewäerte „Mënschheet“ no hirem ekonomesche Wäert.

Aus dësem gudde Grond huet d‘Welthandelsorganisatioun weder wëlles a sécher keen Interessi sech fir d‘Ophiewe vum Patentrecht vum Covid19-Impfstoff anzesetzen. Och d‘WTO ass en Instrument fir déi grouss Muechten, kleng fragil Natiounen ze kontrolléieren, ouni se ze kolonialiséieren. Dat awer och zeg Milliarde Steiergelder an de Covid19-Vaccin gefloss sinn, ass vëlleg normal…

Versklavung geet haut och ouni Ketten

Den Ament stellt et sech esou duer, datt déi „räich“ Länner – zu deene mir eis zielen dierfen – gutt aus der Affär zéien. Sécher och an der EU huet et Kritik, déi sech allerdéngs op Delaien, Terminer a Produktiounscapacitéiten an äänleches bezitt. Esou setzt sech weder d‘EU nach ee Memberland fir eng Lackerung vun de Patentrechter an dësem Fall an. Wien eppes brauch mécht sech ofhängeg…

D‘Politiker stellen sech dohinner a verkënnegen, datt déi Fuerderunge vun den aarme Länner an den net-Regierungsorganisatiounen: „ze schlicht a fundamentalistesch ass. Esou ee Schratt ass fir vill Delegatioune kontraproduktiv am Kontext vun der globaler Versuergung mat Vaccinen“. An dat ass leider wouer: haut gi mir hinnen den Impfstoff, a muer wëllen se iwwert hir Ressource bestëmmen?

Nee esou een Impfstoff ass, dat war scho virum Covid19 esou, ee ganz besonnesch iwwerzeegend Drockmëttel. Déi industriell Notzung vun der Landwirtschaft, mat hire Pestiziden/Herbiziden, dem Asaz vu Genmanipulatioun, huet zeg Millioune Baueren als éischt an de Ruin, dunn an de Suizid gedriwwen. An esouguer um Ruin an dem Suizid hunn d‘Konzerner sech konnte beräicheren.

D‘Pharmaindustrie funktionéiert genee d‘Selwecht: Kanner beispillsweis, déi un enger seelener Krankheet leiden, verspriechen einfach net genuch Profit anzebréngen. Eng Crème géint Falen am Gesiicht awer, déi bréngt Milliarden an, an dat meeschtens iwwer Joerzéngten. Gutt eis dierft net groussaarteg eppes geschéien a punkto Impfung, a wiere mir „Politik“ kéint et eis och egal sinn…

mat indymedia/gva

Illustratioun: © Lea Kobal / unsplash

Related topics Covid19-Impfstoff, Covid19-Vaccin, Patentrecht, Patentschutz, Welthandelsorganisatioun, WTO
Next post Previous post