Eng dezentraliséiert Reprise
No ville Gespréicher mat de Ministerpresidente vun de Bundeslänner, déi
No ville Gespréicher mat de Ministerpresidente vun de Bundeslänner, déi
Wat fir déi eng d‘Bestätegung ass, gesinn déi aner als
D‘Tilly Metz, Europadeputéiert vun déi gréng, hat de leschte Freideg mat 60 Gäscht, am Haus vun Europa (7 Krautmaart – Uewerstad) d‘Ausstellung „Zeech(n)en fir Europa“ inauguréiert.
Mat derbäi: de Jörg Mühle, deem seng Pappbillerbicher iwwert d‘Huesekand an Däitschland wéi am Frankräich e Bestseller sinn, mee och d‘Illustratorin Aurélie Blanz, an eis lokal Kënschtlerin Dany Gales, datt extra fir dës Ausstellung e Bild bäigesteiert huet.
Fir dës Ausstellung, haten sech 18 renomméiert a villfach ausgezeechent Kannerbuch-Illustrateuren aus der Belsch, Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Holland a Lëtzebuerg, zolidd Gedanken zu Europa an der EU gemaach. Si hunn hir ganz perséinlech Siicht vun de Saachen agefaangen.
An hire Wierker fënnt sech beispillsweis en Europa, dat op hirem sprangende Stéier problemlos Maueren iwwerwonne kritt. Oder e britescht Meedchen, dat un engem Ballon hänkt, an enger Grupp europäesche Kanner dervu schwieft.
Presentéiert gëtt d‘Ausstellung vun Institut Pierre Werner, an Zesummenaarbecht mat Büro vum Haus vun Europa. Si ka besicht ginn: Méindes vun 13 bis 17 Auer, Dënschdes bis Freides vun 9 bis 18 Auer, a Samschdes vun 11 bis 16 Auer. Den Detour lount sech!
Foto: (v.l.n.r.) Christoph Schröder (Chef vum Büro vum Europaparlament), Diane Krüger (Stellvertriedend Cheffin vum Institut Pierre Werner), Tilly Metz (Europadeputéiert, déi gréng), an d‘Kënschtler Jörg Mühle, Aurélie Blanz an Dany Gales. © Maison de l‘Europe