Search

You may also like

Go By Brooks (Unplugged) an der Brasserie K116!
Neiegkeeten

Go By Brooks (Unplugged) an der Brasserie K116!

Och am Juli kann d’Brasserie K116 nees musikalesch iwwerzeegen. Dës Kéier

DONO: e Lëtzebuerger Projet mat engem Stéck vun der Bréck
Neiegkeeten

DONO: e Lëtzebuerger Projet mat engem Stéck vun der Bréck

Recycling war gëschter. Upcycling ass haut! An eigentlech bréicht een

Zäit Äddi ze soen…
Neiegkeeten

Zäit Äddi ze soen…

Et kann een et ëmmer besser maachen, mee dem Lëtzebuerger

Kollektivvertrag bei Hifi International Verlängert

Kollektivvertrag bei Hifi International Verlängert

Den OGBL als „Porte-Parole“, den LCGB an d‘Direktioun vun Hifi International hu leschten Donneschdeg en Accord zum Erneierung vum Kollektivvertrag (CCT) fir d‘Personal vun der Entreprise ënnerschriwwen.

De Kollektivvertrag gëtt fir d‘Dauer vu 36 Méint erneiert. Eng Rei wichteg Verbesserunge konnten an dëse CCT abruecht ginn. Esou soll eng Bedeelegung um Benefice an der Entreprise ageriicht ginn. Dëse „System“ besteet aus eng Participatioun um Benefice, enger Primm fir de Progrès esou wéi een Aktionariatsprogramm fir d‘Salariéeën a stellt eng konsequent Verbesserung vum Loun, dat an Héicht vu 5% bis 7% vum Joresloun, duer.

Zousätzlech gouf eng Prozedur an d‘Plaz gesat, fir dem moraleschen a sexuellen Harcèlement ze begéinen. Selbstverständlech ass d‘Personaldelegatioun hei agebonnen. Fir dat administratiivt Personal ass den „Horaire mobile“ an de Kollektivvertrag opgeholl ginn. D‘Dispens fir eng Visite beim Dokter klëmmt vu 4 op 8 Stonnen. Fir déi eeler Mataarbechter (ab 25 Déngschtjoren) ass ee fënneften Dag Congé zousätzlech ausgehandelt ginn.

Matgedeelt vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB – fräi aus dem franséischen Iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Eric Nopanen / unsplash

Related topics Hifi International, Kollektivvertrag, LCGB, OGBL, Participatioun
Next post Previous post