Search

You may also like

Sinn dës Wierder richteg geschriwwen?
Kultur Neiegkeeten

Sinn dës Wierder richteg geschriwwen?

[onionbuzz quiz-id=80][/onionbuzz] Och dës Woch hu mer erëm Wierder begéint,

Den oppene Bréif vun der Escher Fuesent
Kultur Neiegkeeten

Den oppene Bréif vun der Escher Fuesent

Op der Facebooksäit vun der Escher Fuesent huet haut de

Bye Bye Bay presentéiert seng nei Single „Bad Girl“
Kultur Neiegkeeten

Bye Bye Bay presentéiert seng nei Single „Bad Girl“

D’Lëtzebuerger Museker vu Bye Bye Bay sinn zeréck. Mat dobäi

Hikikomori – En Theaterstéck um 4. Mäerz an der Kulturfabrik

Hikikomori – En Theaterstéck um 4. Mäerz an der Kulturfabrik

D’Wiener TheaterArche féiert en Donneschdeg, 4. Mäerz 2021 um 20 Auer hiert Stéck Hikikomori an der Kulturfabrik op. Dës Solo-Performance ass e gesellschaftlecht Phänomen aus Japan, wat elo och zu Lëtzebuerg ukomm ass.

Et ass eng Tatsaach, datt Mënschen sech dacks aus der Gesellschaft zeréckzéien. Si fille sech an hire véier Wänn am Wuelsten, liewen hiert Liewen, oft och an der Famill mat Kanner an de Kannerzëmmeren.

Teenager zéien sech zréck, well den Drock an der Schoul ze grouss ass. An do kënnt Hikikomori an d’Spill. Déi wichtegst psychiatresch Stéierungen, déi domat ze verbanne sinn, sinn Schizophrenie, sozial Angschtstéierung, Zwangsstéierung, Depressioun, Entwécklungsstéierung an ADHS.

D’Manami Okazaki (Schauspillerin) an de Jakub Kavin (Regisseur) hu probéiert d’Rätsel ronderëm den Hikikomori ze léisen, an dofir sinn si extra a Japan gereest. Wärenddeem ass d’Situatioun eskaléiert. Duerch d’Covid-19-Pandemie sinn net nëmmen d’Hikikomorien doheem bliwwen.

Hikikomori

Ma wat mécht de Mënsch de ganzen Dag doheem? Op dës Fro, déi sou aktuell wéi nach ni ass, ginn et dausend Äntwerten.

Elo huet een d’Méiglechkeet d’Thema e bësse besser kennenzeléieren. A wie weess, villäicht beäntwert d’Theaterstéck déi eng oder aner Fro, déi an eise Käpp ronderëm geeschtert.

D’Solo-Performance dauert 80 Minutten. A selbstverständlech sinn déi sanitär Sécherheetsmoossname garantéiert.

Weider Informatioune fannt Dir op kulturfabrik.lu.

Related topics Hikikomori, Japan, Kulturfabrik, sozial Isolatioun, Theater, Wiener TheaterArche
Next post Previous post