Search

You may also like

Meenung: Liewenslänglech fir de Metzler vum Balkan, Ratko Mladic
Auto International Neiegkeeten Sport

Meenung: Liewenslänglech fir de Metzler vum Balkan, Ratko Mladic

De bosnesch-serbesche Generol Ratko Mladic, dee besser bekannt ass als

money
Mat der Fuerschung an Entwécklung kënnen Entreprise richteg Steiere spueren
Auto International Neiegkeeten Sport

Mat der Fuerschung an Entwécklung kënnen Entreprise richteg Steiere spueren

Um Krautmaart ass en Donneschdeg e Gesetz ugeholl ginn, datt

Qatar: Gaaschtaarbechter dierfen ouni d‘Erlaabnes vum Patron ausreesen
Auto International Neiegkeeten Sport

Qatar: Gaaschtaarbechter dierfen ouni d‘Erlaabnes vum Patron ausreesen

Um Dënschdeg ass am Qatar e Gesetz ugeholl ginn, mat

Hill Climb Masters zu Braga: 9 Lëtzebuerger PilotInnen mat um Start

Vum 7. bis den 10. Oktober fënnt am portugisesche Braga déi 4. Editioun vun den Hill Climb Masters statt. Ganzer 158 Participanten aus 19 verschidde Länner huelen deel. Déi sougenannte „Ramoa da Falperra“-Streck wäerten dobäi och 9 Lëtzebuerger PilotInnen bezwéngen.

Duerch hir Placéierungen an der Lëtzebuerger Biergmeeschterschaft konnte sech 8 Fuerer, dorënner och 3 Dammen, qualifizéieren. Heizou gehéieren:

  • D‘Sandra Donkels-Becker am Renault Clio 2;

Hill Climb Masters

  • De François Flammang am Peugeot 206 RC;

Hill Climb Masters

  • D‘Tania Flammang am VW Funcup;

Hill Climb Masters

  • De Sam Prickaerts am Ford Fiesta ST;

Hill Climb Masters

  • D‘Monique Becker am Alfa Romeo 147 GTA;

Hill Climb Masters

  • De Canio Marchione am Osella-BMW Pa21 JRB 1.0;

Hill Climb Masters

  • Den Daniel Donkels am Ligier Honda JS49 2.0;

Hill Climb Masters

  • De Chris Klein am Norma-Suzuki M20 M 1.0.

Hill Climb Masters

Eng sougenannt Wild Card konnt sech och de Guy Demuth mam Norma-Judd M20 FC 3.0 sécheren, dat duerch seng 4 Placéierungen ënnert den Top 5 vum Bierg-Europameeschterlaf.

Hill Climb Masters

E Freideg wäerten d‘Piloten an hir Gefierer am Zentrum vu Braga der Ëffentlechkeet virgestallt ginn. Viru geet et mat dräi Trainingsleef um Samschdeg, ier et da Sonndes eescht gëtt. A 4 Kategorien trieden d‘Automobilsportler géinteneen un. Zousätzlech ginn Trophäe fir déi schnellste Renndammen an déi schnellst U25 Youngster iwwerreecht. Ma, et geet awer net nëmmen ëm d‘Beschtzäit: Beim Nations‘ Cup steet gläichméissegt fueren am Fokus.

Wien dëst Motorsport-Evenement op kee Fall verpasse wëll, dee soll e Sonndeg de YouTube-Kanal vun der FIA am A behalen. Hei gëtt d‘Course live iwwerdroen an och op englesch kommentéiert.

Related topics ACL, Braga, Canio Marchione, Chris Klein, Daniel Donkels, FIA, François Flammang, Guy Demuth, Hill Climb Masters, Monique Becker, Portugal, Ramoa da Falperra, Sam Prickaersts, Sandra Donkels-Becker, Tania Flammang
Next post Previous post