Search

You may also like

Philharmonie 2021/22: Eng kulturell a musikalesch Rees gefälleg?
International Neiegkeeten Stories

Philharmonie 2021/22: Eng kulturell a musikalesch Rees gefälleg?

Sief et op der Plaz am Auditoire, op digital Aart

Zum Pilotprojet a Schutzmoossnamen um Fluchhafen
International Neiegkeeten Stories

Zum Pilotprojet a Schutzmoossnamen um Fluchhafen

No de Quarantänemoossnamen a Reesbeschränkunge vun de leschte Méint sinn

Portraits de paysages – Eng Fotoausstellung vum Henri Goergen
International Neiegkeeten Stories

Portraits de paysages – Eng Fotoausstellung vum Henri Goergen

Vum 2. Juni bis den 31. August 2021 fënnt dem

Atombommen fir Hiroshima an Nagasaki: 74 Joer ass et hir!

Atombommen fir Hiroshima an Nagasaki: 74 Joer ass et hir!

Viru méi wéi siwe Joerzéngten huet d’Ära vun den Nuklearbommen ugefaangen. An der Endphas vum Pazifikkrich si schliisslech um 6. an 9. August 1945 Atombommen op Hiroshima an Nagasaki ofgeféiert ginn. Ufank September hunn d’Japaner, no Joren u battere Kämpf, kapituléiert.

Wou de Pazifikkrich am Ufank just tëscht Japan a China gefouert ginn ass, huet sech d’Schluecht schnell och bis an Amerika ausgeweit. Mam Iwwerfall op Pearl Harbor, an der domat verbonnener Zerstéierung vun den US-amerikaneschen a britesche Séiflotten huet ee weidere Géigner op sech opmierksam gemaach. Mam Ugrëff duerch Atombommen hätt do nach keen esou richteg gerechent.

Mat der Besetzung vun de Marianeninselen an d’Invasioun vun den Amerikaner op de Gilbert-Inselen konnten d’Japaner de Pazifik net méi ënnert hirer Herrschaft loossen. An der leschter Krichsphas hunn d’Amerikaner aus der Loft déi japanesch Inselen Honschu, Hokkaido, Kyushu a Shikoku ugegraff an dobäi zwee Drëttel vun alle japanesche Stied zerstéiert.

Atombommen

Kuerz no der Explosioun, fotograféiert vum Madsuda Hiromichi um 9. August 1945

De Manhatten-Projet

Scho säit 1942 hunn d’Amerikaner ënnert der Leedung vum Robert Oppenheimer d’Entwécklung an de Bau vun der Atombomm virugedriwwen. De sougenannte Manhatten-Projet ass eng éischt Kéier am Juli 1945 bei Los Alamos getest ginn. Hiren Trinity Test huet dobäi erfollegräich déi éischt Atombomm gezünt a soumat war de Wee fir an de Krich virbereet.

Trotz de gewënschte Friddensverhandlunge säitens japaneschen Diplomate wollten d’Géigner d’Kapitulatioun vum ganze Land erzilen. Mat weidere Loftugrëff ass gedreet ginn, vun der Atombomm an dem Trinity Test wousst allerdéngs kee Bescheed. Déi japanesch Säit huet weiderhin op d’Vermëttlung vun der Sowjetunioun gehofft an déi amerikanesch Dreeungen ignoréiert.

Atombommen

De “Little Boy” beim US-Stëtzpunkt virun der Verluedung an de Fliger

Als éischt Hiroshima, dunn Nagasaki

Uum 6. August war et de Paul Tibbets, Bomberpilot vun Enola Gay, deen déi véier Tonne schwéier Uranbomm mam Numm Little Boy ofgefeiert huet. Um 8:16 Auer ass se aus 600 Meter Héicht erofgefall an huet banne Sekonne mat enger hefteger Drockwell, wéi och engem Feierball vu 6000 °C méi wéi ¾ vun der Stad zerstéiert. Dobäi sinn 80.000 Mënschen direkt gestuerwen. De giganteschen Atompilz huet bei der Explosioun eng Héicht vun 13 Kilometer erreecht.

Duerch déi nuklear Verstrahlung sinn nach Joren duerno Persounen un de Folge gestuerwen. Am Ganze waren duerch d’Attack 170.000 Affer ze bekloen. Dem deemolege japaneschen Ausseminister Shigenori Togo säi gewollte Fridden huet beim Militär keng Ënnerstëtzung fonnt.

Atombommen

Ee Bommen-Affer vun Hiroshima

Knapp 3 Deeg méi spéit koum et dunn zu dem zweete Bommenugrëff. Eigentlech sollt d’Stad Kokura attackéiert ginn, duerch schlecht Siichtverhältnisser huet de Bomberpilot Charles W. Sweeney dunn awer Nagasaki gewielt. Déi japanesch Stad war de Sëtz vum Rëschtungskonzär Mitsubishi an als Zil genau esou gutt.

Um 11:02 Auer huet een d’Plutoniumbomm Fat Man um enk besiddelten Terrain fale gelooss. Duerch d’Bierger ass d’Drockwell méi schwaach ausgefall, wéi bei der Explosioun virdrun, an och de Feierstuerm hat keng Chance sech wäit auszebreeden. Beim Ugrëff hunn 22.000 Mënschen direkt hiert Liewe gelooss, bis zu 80.000 Persoune sinn un der radioaktiver Stralung an der Zäit duerno gestuerwen.

Atombommen

D’Bomm “Fat Man” gëtt virbereet

Um 10. August 1945 huet de japanesche Keeser Hirohito decidéiert d’Potsdamer Erkläerung unzehuelen a seng Kapitulatioun ze erklären. Den Accord ass um 2. September vum japaneschen Ausseminister Shigemitsu Mamoru an dem amerikanesche Generol Doulas MacArthur ënnerschriwwe ginn.

Opmaacherbild: Loftfotoen vu béiden Ugrëff: Lénks zu Hiroshima, riets zu Nagasaki

Related topics Amerika, Atombommen, Hiroshima, Japan, Nagasaki, Potsdamer Erkläerung, Robert Oppenheimer
Next post Previous post