Search

You may also like

Héichten an Déifte vum neie Covid19-Gesetz
Kultur Neiegkeeten

Héichten an Déifte vum neie Covid19-Gesetz

Bei der Sëtzungserëffnung huet d‘Chamber dem fréieren DP-Politiker Paul Helminger

An der Gewalt vun der japanescher Justiz: de Carlos Ghosn
Kultur Neiegkeeten

An der Gewalt vun der japanescher Justiz: de Carlos Ghosn

De fréiere Chef vun der Wirtschaftsallianz „Renault-Nissan-Mitsubishi“ Carlos Ghosn, setz

Éisträich: De fréiere Finanzminister soll an de Bing!
Kultur Neiegkeeten

Éisträich: De fréiere Finanzminister soll an de Bing!

Et kënnt seele genuch vir, datt een et ervirhiewe muss:

Histoire(s) de Femme(s) – Ee Lëtzebuerger Film iwwert de weibleche Kampf

Et ass ee Film iwwert d’Evolutioun vun der Emanzipatioun vun de Fraen. Déi verschidde Generatioune vum 20. Joerhonnert zielen hei hir eegen Erfarung, alles aus perséinleche Siichten.

2014 huet d’Anne Schroeder, Realisatrice vum Film, ugefaangen a Cinemathéiken, mee och am perséinlechen Ëmfeld ze recherchéieren. Schnell huet déi talentéiert Fra gemierkt, datt d’Thema iwwert Gläichberechtegung vu Fra a Mann, Emanzipatioun an de Kampf em Rechter direkt virun hirer Nues steet, mir souguer hautdesdaags nach dovu betraff sinn.

Den Documentaire leeft chronologesch vun der Zäit vum Anne Schroeder senger Groussmamm bis hin an d’Géigewaart. Thematiséiert gëtt hei d’Alldagsliewen an d’Ënnerdréckung vum weibleche Geschlecht a Saache Rechter, Bestietnis, Educatioun an Opklärung, Scheedung, mee awer och de Feminismus. Et ass erschreckend, datt nach viru kuerzem eng Fra keen Zivilrecht hat, oder se spéider duerch eng Hochzäit verluer huet.

Histoire(s) de Femme(s)

Histoire(s) de Femme(s)

Donieft gëtt awer och d’Grënnung vum Mouvement de Libération des Femmes (MLF) opgegraff den zur Zäit vun der Realisatrice senger Mamm eng wichteg Motivatioun fir de Kampf op Gläichberechtegung war. Et mierkt ee schnell, datt och zu Lëtzebuerg Demokratie immens ustrengend an hefteg ka sinn, wann ee bedenkt, datt eréischt 1971 d’Zivilrecht fir Fraen an 1978 d’Ofdreiwungsgesetz zum Thema ginn ass.

Mee och déi nei Generatioune mussen duerch Diktatoren, wéi den Trump oder den Erdogan, virun ëm Rechter kämpfen an hir Zieler net aus den Ae verléieren. A grad, duerch Diskussioune, wéi #MeToo an de ville Manifestatiounen ass et fir d’Realisatrice nach méi wichteg mat dësem Film op ee Problem opmierksam ze maachen, wou net nëmmen eis Groussmammen hu missen d’Ielebéi ausfueren, mee wou och mir eis musse kloer asetzen.

Bei der uschléissender Diskussioun erkläert d’Anne Schroeder, datt et eng immens ëmfangräich Thematik ass, an der si sech bal verluer huet. No engem Interview mat hirer eegener Mamm, huet si zurecht entscheet, datt de Film esou am beschte fonctionnéiert, ënnert anerem och duerch de perséinlechen an noen Aspekt, den hei opgegraff gëtt. Ënnerstëtzt ginn d’Erzielunge mat ale Videoen, déi och ëmmer bei déi jeeweileg Platz an Zäit passen.

D’Avant-Première vum Film ass den 4. Dezember 2018. Ab dem Dag duerno kann een Histoire(s) de Femme(s) dann am Ciné Utopia an am Ciné Starlight gesinn.

Related topics Anne Schroeder, Claude Waringo, Film, Film Fund Luxembourg, Histoire(s) de Femme(s), Lëtzebuerg, Samsa Film
Next post Previous post