Search

You may also like

Wéi gutt kenns du d’EU?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’EU?

[onionbuzz quiz-id=158][/onionbuzz] D’europäesch Unioun ass zwar all Dag an den

„My Perfect Crime“ vum Fernanda Stange: D’Leidenschaft fir musikalesch Experimenter
Neiegkeeten

„My Perfect Crime“ vum Fernanda Stange: D’Leidenschaft fir musikalesch Experimenter

Mat „My Perfect Crime“ verëffentlecht d’Singer-Songwriterin Fernanda Stange déi éischt

adr-Fraen: iwwert d’Orange Week an haislech Gewalt géint Männer
Neiegkeeten

adr-Fraen: iwwert d’Orange Week an haislech Gewalt géint Männer

Gewalt doheem ass een dramatesche Phänomen an d’Sensibilisatioun fir dëse

Fir d’Affer an déi Iwwerliewend vum Holocaust – Et ass ni ze spéit

Vill Joren hunn déi Iwwerliewend vun der Shoah ëm Entschiedegung an Unerkennung gekämpft. „Et ass ni ze spéit“, huet de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel erkläert, och wann et ni fréi genuch hätt kënne sinn. Mam historeschen Accord, dee gëschter Mëtteg um Gedenkdag zur Erënnerung un den Holocaust ënnerschriwwe gouf, soll dëst elo nogeholl ginn. sou wéi divers Moossnamen am Kampf géint Antisemitismus a Rassismus getraff ginn a Wierker zur Erënnerung geschaaft ginn.

Wéi d’Membere vun der World Jewish Restitution Organization (WRJO), Co-Signataire vum Accord, erkläert hunn waren dräi Véierel vun den 3.907 Judden, déi zu Lëtzebuerg gewunnt hunn, wärend der Nazi-Besetzung keng Landesbierger. Nom Zweete Weltkrich sinn 1.500 Judden zeréck komm, dovunner liewen nach 1.200 Persounen. Nodeems hire ganze Besëtz wärend dem Holocaust beschlagnaamt ginn ass, koum et ni zu enger Entschiedegung.

„Haut huet Lëtzebuerg dozou bäigedroen déi räichhalteg Bedeelegung vun de Judden zu Lëtzebuerg an d’Erënnerung un den Horror, deen d’Judde wärend dem Holocaust erlieft hunn, ze ënnerstëtzen“, sou den Albert Aflalo, President vum Consistoire Israélite de Luxembourg. „Den Accord bitt der Lëtzebuerger Fondatioun fir d’Erënnerung un den Holocaust Ressourcen, fir Beméiungen unzestellen fir d’Erënnerung ze schützen, de jüddesche Kulturierwen ze erhalen an déi Iwwerliewend ze ënnerstëtzen.“

Historeschen AccordAlbert Aflalo, President vum Consistoire Israélite de Luxembourg © SIP / Julien Warnand

Den Accord: Finanziell Zouwennung, Bildung a Fuerschung

Ënnerschriwwe gouf den Accord säitens dem Lëtzebuerger Staat vum Premier Xavier Bettel an dem Finanzminister Pierre Gramegna, wärend den Albert Aflalo als President vum israelitesche Konsistorium zu Lëtzebuerg seng Ënnerschrëft hannerlooss huet. Cosignataire waren de François Moyse, President vun der Lëtzebuerger Fondatioun fir d’Erënnerung un den Holocaust, an den Dimitri Dombret, europäesche Representant vun der WRJO.

Festgehale gouf ënnert anerem, dass de Groussherzogtum sech fir déi Iwwerliewend vun der Shoah asetzt, ob si elo zu Lëtzebuerg wunnen, oder och d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, mee am Ausland wunnen. Si erhalen e Pauschalbetrag an Héicht vun enger Millioun Euro als symboleschen Akt vun der Unerkennung.

Dës Weideren wäert de Staat fir eng Period eng Zomm vun 120.000 € pro Joer, wärend enger Period vun 30 Joer, un d’Fondatioun iwwerweisen fir d’Erënnerung ze fërderen. Gläichzäiteg stellt de Staat e Generalsekretär zur Verfügung.

En edukativen Zenter fir d’Pafemillen

Tëscht 1941 an 1943 sinn 674 Judden aus Lëtzebuerg mat 8 verschidde Convoien vun der Pafemillen (fr:. Cinqfontaines, de.: Fünfbrunnen) an d’Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau, sou wéi an de Ghetto Lodz an Terezin deportéiert ginn.

Op dëser Plaz soll an Zukunft en Zentrum entstoen, deen der Educatioun an der adequater Erënnerung dénge soll. Virun allem Jugendlecher, mee och erwuesse Persounen sollen iwwert d’Juddeverfolgung informéiert ginn an esou méi zu de grujelegen Erliefnisser vun der Vergaangenheet léieren, déi och Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht sinn.

Historeschen AccordErënnerungsplack op der Pafemillen © Cornischong (CC BY-SA 3.0)

Déi deportéiert Affer sollen rechtméisseg gewierdegt ginn, de Kampf géint Antisemitismus a Rassismus gefërdert, sou wéi d’Mënschlechkeet an d’Mënscherechter ënnerstëtzt ginn.

Festgehale gouf och, dass de Staat d’Käschten zur Notzung vum Klouschter zu Fünfbrunnen iwwerhëlt an d’Fondatioun an d’Decisiounen, déi ronderëm dëst Gebai getraff ginn, abezu gëtt.

„Mir wëssen nach net alles, mee mir wësse méi“, Xavier Bettel

Fir dass d’Feeler vun der Vergaangenheet net widderholl ginn an d’Vergaangenheet richteg festgehale ka ginn, benéidege mir Temoignagen vun Iwwerliewenden an motivéiert Persounen an der Fuerschung.

Fir eng Period vun 10 Joer ass de finanzielle Beitrag, deen un de Comité zur Erënnerung un den Zweete Weltkrich geet, op 65.000 € pro Joer erhéicht a fixéiert ginn.

Wärenddeem gi bis spéitstens 2025 zwou Milliounen Euro zu Recherche-Zwecker iwwerwisen. Ënnerstëtzt gëtt domat déi onofhängeg Fuerschung un der Universitéit, d’Hierkonftsnoweiser, sou wéi e vereinfachten Accès op Dossieren an de spezifeschen Archiven.

Historeschen AccordPremier- a Staatsminister Xavier Bettel © Shari Pleimelding/moien.lu

Am Accord steet zousätzlech geschriwwen, dass onofhängeg Aarbechtsgruppen sech ëm rouend Bankkonten, onbezuelt Versécherungen aus der Zäit vum Holocaust, an déi beschlagnaamt Konschtgéigestänn a kulturell Besëtzer këmmert.

Zu gudder Lescht wëll de Lëtzebuerg Staat, an Zesummenaarbecht mam Konsistorium eng national Strategie am Kampf géint Antisemitismus opstellen.

Fir eng oppen an tolerant Gesellschaft

„Den Accord léisst kee Leed verschwannen“, sou de Xavier Bettel bei der uschléissender Pressekonferenz. Dofir géif en déi noutwenneg Dignitéit schenken. Besonnesch an enger Gesellschaft, wou sech dofir agesat gëtt, dass et ëm de Mënsch geet, an net ëm seng Hierkonft, Hautfaarf, Relioun oder Ähnleches, ass et wichteg weider op Akzeptanz an Toleranz opzebauen.

Och fir de Fondatiouns-President Albert Aflalo steet fest, dass Zeeche gesat musse ginn. Donieft huet hien op d’Wichtegkeet vun der Fuerschung a Bildung higewisen. D’Sammele vun Temoignagen, Dokumenter aus der Zäit vum Zweete Weltkrich, Beweiser vun de Verbriechen oder och Geschichte vun Nokommen wäert wuel ni en Enn fannen. Trotzdeem ass all Puzzelstéck wichteg, fir dëst düstert Bild zesummen ze setzen.

Billergalerie: Faarweg Biller © SIP / Julien Warnand – Schwaarz-wäiss Opnamen © Shari Pleimelding / moien.lu

D’Pressekonferenz kënnt Dir hei nachemol nokucken:

Related topics Albert Aflalo, Antisemitismus, Beschlagnaamte Besëtz, Deportatioun, Dimitri Dombret, Entschiedegung, François Moyse, Fünfbrunnen, israelitesche Konsistorium, Iwwerliewend, Lëtzebuerger Fondatioun fir d'Erënnerung un den Holocaust, Nationalsozialismus, Pafemillen, Pierre Gramegna, Rassismus, Unerkennung, World Jewish Restitution Organization, Xavier Bettel, Zweete Weltkrich
Next post Previous post