Search

You may also like

Déi mobil Equippen hunn a méi wéi 80 Strukture geimpft
International Neiegkeeten

Déi mobil Equippen hunn a méi wéi 80 Strukture geimpft

Am Kader vun der nationaler Impfcampagne spille mobil Equippen eng

Feier zu Viichten: Schwéier Konditioune fir déi 60 engagéiert Pompjeeën
International Neiegkeeten

Feier zu Viichten: Schwéier Konditioune fir déi 60 engagéiert Pompjeeën

Ëm 60 Pompjeeën vun 10 CISe ware gëschter Mëtteg zu

Basket-Welt am Trauer
International Neiegkeeten

Basket-Welt am Trauer

Hie war een vun de beschte Basketspiller deen d‘Welt jee

Schëlleg am Sënn vun der Uklo!

Historescht Urteel zu Athen: „Chrysi Avgi“ gëtt als kriminell Organisatioun agestuuft

Schëlleg am Sënn vun der Uklo!

No iwwer fënnef Joer ass gëschter zu Athen de Prozess géint déi faschistesch Partei „Chrysi Avgi“ (Goldene Morgenröte) op en Enn gaangen. Déi 68 ware wéinst Bildung vun enger krimineller Organisatioun, Kierperverletzung an illegalem Waffebesëtz ugeklot ginn. D‘Geriicht huet d‘Schold vun den Ugekloten als erwise gesinn.

Et ass déi gesamt Féierung vun der faschistescher Partei, déi sech schëlleg gemaach huet eng kriminell Organisatioun gegrënnt ze hunn. „Chrysi Avgi“ war 1985 vum Nikolaos Michaloliakis opgestallt ginn. Och hien huet op der Uklobänk gesiess. D‘Urteelsbegrënnung an d‘Strofmooss sollen déi aner Woch geschwat ginn. De Verurteelten dreeën deels ganz laang Prisongsstrofen.

Interessant ass dëst Urteel och, wëll ënnert den 68 Ugekloten 18 fréier Deputéiert an de President vun der Partei sinn. Datt et zum Prozess komm ass, huet mam Dout vum Pavlos Fyssas ze dinn. De lénken Aktivist an Hip-Hop Museker (Killah P) war am September 2013 vum Giorgos Roupiakas, engem Member vu „Chrysi Avgi“ erstach ginn. Et war duerno zur gréissere Maniffe komm.

Athen

Zu Athen hate Gewerkschaften a lénk Organisatiounen zu Demonstratiounen a Kundgebunge géint de Faschismus opgeruff, firwat déi Athener Police an héchster Alarmbereetschaft war. Wéi dunn d‘Urteel verkënnt gouf, hunn op de Stroosse vun der griichescher Haaptstad d‘Leit applaudéiert. Et hunn dann awer och ee puer Autonomer d‘Geleeënheet genotzt fir zolidd Krawall ze maachen.

Si wousste wat si wollten

„Chrysi Avgi“ ass also elo méi wéi däitlech als dat duergestallt wat se ëmmer war: eng faschistesch a kriminell Organisatioun. Si war laang déi drëtt gréisste Partei a Griicheland, an elo huet d‘Justiz dann endlech och bestätegt, datt si eenzeg zum Zweck gegrënnt gouf, Strofdoten ze begoen. Esou zumindest huet d‘Geriicht et festgestallt. An et sinn net déi mannst wou hei verurteelt goufen.

Athen

Nieft dem President vun der Partei, sinn och all déi fréier Deputéiert an zwee weider Memberen aus dem Parteivirstand schëlleg geschwat och. Och de Mäerder vum Pavlos Fyssas gouf verurteelt. Him kéint et „liewenslänglech abréngen, fir d‘Leader vun der „krimineller Organisatioun“ kéinten elo Haftstrofe vu bis zu 15 geschwat ginn. Kloerheet soll et schonn déi nächst Woch ginn.

An enger Ried op der Tëlee, huet de griichesche Premierminister Kyriakos Mitsotakis gesot, datt d‘Demokratie gewonnen huet an et an der Hand vun all Eenzele läit, datt et och esou bleift. Och Staatspresidentin Ekaterini Sakellaropoulou an den Oppositiounsleader Alexis Tsipras hunn an dësem Kontext vun enger historescher Entscheedung geschwat. Wat awer geschitt mat der Partei?

Wat d‘Zukunft bereet hält

Wéinst dem griichesche Rechtssystem kann „Chrysi Avgi“ net als politesch Partei verbuede ginn. Well awer déi ganz Féierung als Deel vun enger krimineller Organisatioun verurteelt goufen, gëllt als geséchert, datt d‘Partei wäert vun der Bildfläch verschwannen. Dat ass virun allem de streng hierarchesche Strukture geschëlt, déi ee Fonctionnement ouni „Kapp“ kaum bis guer net zouléisst.

Athen

Zudeem huet schonn de Prozess eleng der Partei staark geschuet. D‘Parteiefinanzéierung gouf och agestallt, d‘Büroe goufen zougemaach an den Anzuch an d‘Parlament haten si och net méi hikritt. Dat verhënnert allerdéngs net, datt et nach Sympathisante gëtt. Et gëtt zudeem och nach Parteien déi vu fréiere Membere vun „Chrysi Avgi“ gegrënnt goufen an net manner rietsradikal sinn.

Mee och si goufen ee Mëttwoch vum Geriicht verurteelt, firwat ee behaapte kann, datt dës nei Parteigrënnungen am Keim erstéckt goufen. Déi rietsextrem Zeen ass allerdéngs éischter wéineg betraff an et dierfte Gruppéierunge ginn, déi sech auserwielt gesinn, d‘Nofolleg vun „Chrysi Avgi“ unzetrieden. Et gouf hei juristesch eng Schluecht gewonnen, mee sécherlech net de Krich.

mat indymedia/ath

Foto: Fir den Ausgang vum Prozess géint d‘Faschiste vu „Chrysi Avgi“ haten sech dausende Leit virum Geriicht zu Athen versammelt, wéi dës Panoramaopnam androcksvoll beweist. © Spyros Gkelis (Courtesy)

Related topics Aube dorée, Chrysi Avgi, Golden Dawn, Goldene Morgenröte, Griicheland, Kriminell Organisatiounen
Next post Previous post