Search

You may also like

Vu Muffeljuegd zu Hetzjuegd op de soziale Medien
Kultur Neiegkeeten

Vu Muffeljuegd zu Hetzjuegd op de soziale Medien

Scho wäit am viraus ass déi ominéis Juegd vum 29.

Chantier um Echangeur Stroossen vun der Autobunn A6 (22.01.2021)
Kultur Neiegkeeten

Chantier um Echangeur Stroossen vun der Autobunn A6 (22.01.2021)

D’Stroossebauverwaltung weist op e Chantier um Echangeur Stroossen vun der

Den Islamesche Staat an der Zwéckmillchen
Kultur Neiegkeeten

Den Islamesche Staat an der Zwéckmillchen

Den dschihadistesche Grupp Islamesche Staat (IS) huet a 24 Stonnen

History T’Ouren zu Aasselbur: Ennerwee um Postrelais

History T’Ouren zu Aasselbur: Ennerwee um Postrelais

Wousst Dir, datt de Bréifwiessel viru ronn 500 Joer tëscht Bréissel a Roum och duerch Lëtzebuerg gaangen ass? Mat spannenden, informativen a lëschtegen Touren ëm de Postrelais gitt Dir heizou méi gewuer. Klengt dat net opreegend?

Ee Klick an eng Noriicht geet haut ëm d’Welt. An Zäite vun SMS an E-Mail ass et dofir schwéier virstellbar, wéi ustrengend d’Austausche vu Messagen a fréieren Zäite war. Reider ware wochelaang bei hiert Zil ënnerwee.

Revolutionéiert gouf den Noriichtentransport viru 500 Joer duerch d’Famill Thurn & Taxis, andeems si zur Befërderung vun der kaiserlech-habsburgescher Post, Reider- a Päerdwiesselstatiounen (Postrelais) laanscht eng fix Route tëscht Bréissel a Roum ageriicht hunn.

Dëse wichtege Kommunikatiounswee huet am 16 a 17 Joerhonnert och duerch d’Éislek gefouert: Aasselbur war ab zirka 1520 ganzer 150 Joer laang déi eenzeg Postrelaisstatioun am haitege Lëtzebuerg! Hei war et d’Postmeeschterfamill Kleffer, déi d’Post weidergeleet huet, bis d’Route ëm 1680 an de Süde verlagert ginn ass.

Postrelais

© Carolin Martin

Eng Wanderung mat Geschicht

Als beandrockend historescht Relikt vun der Postgeschicht gëllt de restauréierte Postrelais zu Aasselbur, deen och Standpunkt fir eng Offer un Themenwanderungen ass: Ënnert dem Motto „Kulturgeschicht fir unzepaaken“ bitt den Naturpark Our geféiert Wanderunge vun der anerer Aart ronderëm Aasselburun.

Déi sougenannt History T’Ourenentféieren d’Wanderer op historesch Plazen, wou si spannend a lëschteg Momenter aus dem Alldag vun de Postreider an hiren Zäitgenosse vu viru 500 Joer erzielt kréien. Wat dreift den Duchhändler Martin Tissus op déi geféierlech Route? Gëtt den energeschen Aasselburer Postmeeschter Franz Kleffer wierklech verurteelt? Wéi eng Rolle spillen de Reider Postfränz an aner Zäitgenosse beim Relais?

Postrelais

© Carolin Martin

Wat, wou, wéini?

Ee ganz besonneschen Highlight ass d’Nuetswanderung um 14. August. De Postwee by Night fänkt ab 18:30 Auer un – et gëtt sou munches ze erliewen!

Donieft kann ee sech nach umelle fir d’T’Ouren um 15., 18. a 25. August, déi all um 15:00 Auer starten.

D’Wanderung ass ongeféier 5 Kilometer laang an dauert zirka 3 Stonnen. Zesumme mat 5 „Zäitzeien“ an Iwwerraschunge gëtt op lëtzebuergesch an däitsch d’Geschicht zum Postrelais erklärt. De Präis läit bei 12 € fir Erwuessener, bei 6 € fir Kanner tëscht 7 a 14 Joer. Bis 6 Joer kann ee gratis matgoen, allerdéngs sollt ee sech onbedéngt bis spéitstens de Freideg virun der jeeweileger Wanderung umellen (Tel. 90 81 88 1, reception@naturpark-our.lu).

Lass geet et bei der Auberge du Relais Postal zu Aasselbur. Zil ass den Domaine du Moulin, wou een nach eng Stäerkung zou sech huele kann (Reservéierung néideg). Denkt also u fest Schong an dem Wieder ugepasste Kleedung – mir wënsche vill Spaass!

Weider Informatiounen: www.postweg.eu

Opmaacherfoto: © Carolin Martin

Related topics Aasselbur, Bréif, Bréissel, History T'Ouren, Postrelais, Roum, Wanderung
Next post Previous post