Search

You may also like

Techtelmechtel tëscht Premier an Alphabet
International Neiegkeeten Stories

Techtelmechtel tëscht Premier an Alphabet

Op den 1. Juli hat de Premierminister Xavier Bettel eng

EMA préift Zouloossung vum Sputnik V
International Neiegkeeten Stories

EMA préift Zouloossung vum Sputnik V

Vun der europäescher Medikamentenagence EMA mat Sëtz zu den Haag

Diddeleng huet seng „cityapp“
International Neiegkeeten Stories

Diddeleng huet seng „cityapp“

Zanter en Donneschdeg ass se do, déi nei „cityapp“ vun

HIV / Aids: Wouriwwer eis Noperen sech Gedanke maachen

Am Joer 2019 goufen 923 nei HIV Diagnosen an der Belsch gemaach. Dëst entsprécht 2,5 nei Diagnose pro Dag.

HIV / Aids: Wouriwwer eis Noperen sech Gedanke maachen

Dës Zuele sinn am Joresbericht iwwert déi epidemiologesch Situatioun vum HIV enthalen, dee vum belsche Gesondheetsinstitut Sciensano verëffentlecht gouf. No engem Réckgang vun den neien Diagnosen ëm 28% tëscht 2012 an 2018, schéngt 2019 en neie Plateau erreecht gi sinn – mat enger liichter Hausse vu 4% géigeniwwer dem Joer 2018.

Bei belsche Männer geet den Trend no ënne vun de vergaangene Jore weider virun. D’HIV-Epidemie an der Belsch gëtt och ëmmer méi villfälteg wat d’Profiller vun de betraffene Populatiounen ugeet.

HIV-Diagnosen an 2 Schlësselpopulatiounen

Zënter dem Ufank vun der HIV-Epidemie an der Belsch sinn 2 Schlësselpopulatioune besonnesch betraff:

  • Männer déi Sex mat Männer hunn (MSM), (vun der belscher Nationalitéit)
  • heterosexuell Männer a Fraen aus Afrika südlech vun der Sahara.

Tëscht 2012 an 2018 gouf en Réckgang vun der Zuel vun neien HIV Diagnosen an dësen zwou Schlësselpopulatiounen observéiert. Am Joer 2019 goufe 24% vun den neien HIV-Fäll bei de belsche MSM diagnostizéiert a 24% bei Heterosexuellen aus Afrika südlech vun der Sahara.

“Wéinst dem Trend no ënnen ënner dëse Kärpopulatiounen, gëtt observéiert, datt Infektiounen ënner de Populatioune vun aneren Nationalitéiten, béid MSM an Heterosexueller, méi héich ginn. D’HIV-Epidemie an der Belsch charakteriséiert sech dowéinst duerch eng grouss Diversitéit “, erkläert den Dominique Van Beckhoven, Fuerscher bei Sciensano.

Männer déi Sex mat Männer hunn

Am Joer 2019 hat sech d’Zuel vun den zënter 2018 net vill geännert. Den Trend erof geet weider – besonnesch ënnert den belsche MSM. Zënter dem Héichpunkt vun 2013 ass d’Zuel vun den HIV-Diagnosen ënnert de belsche MSM ëm 49% erofgaangen. Am Joer 2019 waren 51% vun de diagnostizéierter MSM belsch.

D’Zuel vun neien HIV-Diagnosen ënner MSM vun anerer europäescher Nationalitéit bleift stabil. An de leschte Jore gouf et awer eng liicht Steigerung vun der Unzuel vun Diagnosen ënner MSM aus net-europäesche Länner. Am 2019 haten 12% vun den diagnostizéierter MSM eng latäinamerikanesch Nationalitéit. An 8% eng asiatesch Nationalitéit.

Heterosexuell Männer a Fraen

​De Réckgang vun HIV-Diagnosen ënner Heterosexuellen, déi zënter 2012 observéiert goufen, huet opgehalen. Eng liicht Erhéijung gouf tëscht 2018 an 2019 observéiert. Dëst reflektéiert d’Evolutioun vun den Diagnosen ënner Heterosexuellen a Süd-Sahara Afrikaner: e Réckgang vu 47% fir d’Fraen a 60% fir d’Männer bis 2018, gefollegt vun engem Plateau.

D’Zuel vun den Diagnosen ënner Heterosexuelle vu belscher Nationalitéit oder vun aneren europäeschen Nationalitéiten ass an de leschte Jore stabil bliwwen. Am Joer 2019 hunn si 30%, respektiv 13% vun den neien Diagnosen ënner Heterosexueller representéiert.

HIV Patienten ënner medezinescher Kontroll

Eng optimal Gestioun vu Patienten, déi mat HIV liewen, erfuerdert eng Kontinuitéit vun Déngschtleeschtungen an de folgende Phase vum Screening, der Diagnos, Retentioun a Betreiung, Initiatioun vun antiretroviraler Therapie an Ënnerdréckung vu viraler Replikatioun. Patiente mat enger ënnerdréckter Viruslaascht hunn e gënschtege Verlaf an hier Warscheinlechkeet vun enger sexueller Iwwerdroung duerch de sexuelle Wee ass vermeidbar, wat zur Verhënnerung vun neien Infektioune féiert.

Am Joer 2018 hunn geschaten 18.335 Leit mat HIV an der Belsch gelieft. Vun dësen, goufen 91% diagnostizéiert, 92% kruten eng antiretroviral Therapie, a 94% haten eng net detektabel viral Belaaschtung. D’Belsch huet soumat déi global Ziler vun UNAIDS erreecht an ass um gudde Wee, déi richteg fir 2030 ze erreechen.

Präventiv Moossnamen

D’AIDS-Präventiounsplattform wëll drun erënneren, datt de Kampf géint nei HIV-Infektiounen op enger kombinéierter Präventioun baséiert, déi un d’Schlësselbevëlkerung ugepasst ass.

Dozou gehéiert:

  • d’Benotzung vu Kondomer;
  • d’Verwendung vu PrEP (Pre-Exposure Prophylaxe), bei där vir an no onsécherem Sex en Anti-HIV-Medikament ageholl gëtt;
  • fréizäiteg Detektioun vun HIV no engem Risiko;
  • direkt Behandlung bei positiver Diagnos, esou datt de Virus net méi iwwerdroe ka ginn;
  • d’Gläichung “net noweisbar = net iwwerdrobar” oder “I=I”:

Eng HIV-positiv Persoun mat enger net noweisbarer Viruslaascht, déi wéinst der Behandlung keen HIV méi weidergëtt, ass vu grousser Bedeitung fir d’Preventiounsaarbecht.

Dat ass wichteg fir Leit mat HIV, well et:

  • erhéicht hir Liewensqualitéit (Koppelbezéiung, Feele vu Stress fir de Partner ze infizéieren);
  • hëlleft géint d’Ausgrenzung an d’Ofleenung ze kämpfen, déi géint se bestinn.

Dëst ass Thema vun der Campagne “Ausgrenzung bleift eng Realitéit”, déi den 1. Dezember start. Den Thierry Martin, Direkter vun der AIDS Präventiounsplattform seet: “De spéide Screening ass nach ëmmer ze héich. Leider ginn et nach ëmmer Barrièrë fir ze screene souwéi vill verpasste Méiglechkeeten am Gesondheetssecteur, déi dozou bäidroen. Et ass dofir wichteg, datt Allgemengmedezinner an all aner Beruffer aus dem Gesondheetssecteur, déi sexuell Gesondheet mat hire Patiente beschwätzen, och mat deenen, déi op den éischte Bléck net gefährt sinn.”

Déi aner Screeningstrategien (séier Screening, demedikaliséiert, Verbreedung vu Selbsttester) mussen och gestäerkt ginn, besonnesch ënnert dem Prioritéitspublikum. Aus dësem Grond hëlt d’AIDS-Präventiounsplattform un der europäescher Testwoch deel a luet jiddereen dozou an, dësen 1. Dezember dofir ze notze fir de Bilan vun hirer sexueller Gesondheet ze maachen an eng Adress fir HIV-Tester an hirer Géigend ze fannen.

Suicidepreventiounsplang

“Déi relativ berouegend Zuele vun de leschte Joren a Bezuch op HIV-Diagnosen, sollten eis net vun de Sensibiliséierungsbeméiungen ofhalen, déi nach ënnerholl musse ginn. Et ass wichteg sech weider op d’Präventioun ze konzentréieren, déi sech un déi meeschte Mënsche riicht, woubäi déi am stäerkste gefährt Gruppe besonnesch suivéiert musse ginn. Dofir bleift d’Sensibiliséierung fir d’Benotzung vu Kondomer am Jugendalter ee wichtegt Thema”, erkläert d’Barbara Trachte, zoustänneg fir d’Gesondheetsfërderung.

De Frank Vandenbroucke, Minister vun der Ëffentlecher Gesondheet füügt bäi: “Mir sinn um gudde Wee fir d’Verbreedung vum HIV komplett ze stoppen. An dat dank dem héije qualitativen, medezinesche Suivi vu Leit déi mat HIV liewen, duerch wëssenschaftlech Fortschrëtter an duerch d’Bedeelegung vu verschiddene Organisatiounen, awer d’Aarbecht ass nach net gemaach. D’Zuele weisen eis, datt et nach besser geet. Et ass wichteg, datt mir eis Efforten a Saache Präventioun weiderféieren, besonnesch mat Gruppen déi mir nach net optimal erreechen. D’Campagnë vun der AIDS-Präventiounsplattform leeschten e wichtege Bäitrag zu dësem Zweck. Dat begréisse mir. “

Illustratioun: © Charles Deluvio / unsplash

Related topics AIDS, Belsch, HIV, Homosexualitéit, Preventioun, Sciensano
Next post Previous post