Search

You may also like

D‘POST produzéiert elo Stroum
Neiegkeeten

D‘POST produzéiert elo Stroum

Wéi um Freideg den Energieminister Claude Turmes (déi gréng) am

Poetry Slam De Lux’10: D’Meral Ziegler begeeschtert zu Wolz!
Neiegkeeten

Poetry Slam De Lux’10: D’Meral Ziegler begeeschtert zu Wolz!

Um vergaangene Freideg a Samschdeg stoung alles am Zeeche vun

Richteg Äddi soen
Neiegkeeten

Richteg Äddi soen

Eng onëmgänglech Stuf vum Liewen ass den Dout. Och wann

FSPL: Hoffnung fir Syrien

FSPL: Hoffnung fir Syrien

Viru kuerzem hat d‘Fridden- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg (FSPL) an Zesummenaarbecht mat der ErwuesseBildung Asbl an de Centre Konvikt agelueden, wou de Clemens Ronnefeldt e Virtrag zum Thema „Syrien, und die Krisenregion Mittlerer und Naher Osten“ ofgehalen huet. Hien ass Friddensreferent beim internationale Versöhnungsbond, an en Expert op sengem Gebitt.

No enger Analys vun den historeschen Evenementer, ass sech der Villschichtegkeet vum säit 2011 unhalende Krich ugeholl ginn. Konflikter tëscht reliéisen oder ethnesche Gesellschaften, Widderstand géint en autoritäre Regimm, deen och viru Folter net zréckschreckt fir seng Interessen duerchzesetzen, mee och d‘Amëschung vun de regionale Muechten Iran, Israel, Katar, Tierkei, a Saudiarabien, sinn alles Faktoren déi musse berécksiichtegt ginn.

Wie mengt dat wier scho komplizéiert genuch, dee muss bedenken, datt hei natierlech och nach „aner Muechten“ e Wuert matschwätzen. Esou hunn och déi „Grouss“ an dëser Regioun zolidd geostrategesch Interessen: Russland, d‘USA an déi europäesch Unioun. Dorausser ergëtt sech eng äusserst komplizéiert a virun allem ontransparent Situatioun. Aus esou enger Situatioun op eng „gerecht Aart a Weis“ erauszekommen, dat ass alles wéi net einfach.

Léisungsusätz

De Clemens Ronnefeldt huet a sengem Virtrag e Rei Léisungsusätz skizzéiert. Woubäi déi absolut Prioritéit dem Waffestëllstand zoukomme muss. Eng Viraussetzung fir déi noutleidend Bevëlkerung medezinesch an och soss iwwerhaapt ze versuergen. Hie stellt kloer, datt fir eng friddlech Léisung erbäizeféieren, all d‘Acteuren op der Plaz, an déi regional a global Muechte mussen zesummendoe fir sech an enger éischter Phas iwwer Schrëtter vun enger Deseskalatioun eens ze ginn.

Eréischt da kann eeschthaft iwwer Opbau, de reliéisen an ethneschen Ausgläich, an eng gerecht Ressourceverdeelung geschwat ginn. Déi dann an déi richteg Bunnen ze leeden, verlaangt, datt och d‘Sécherheetsaspekter vun de regionale Muechte mussen an Aklang bruecht ginn. Wéi komplizéiert dat, fir net ze soe „bal eng Saach vun der Onméiglechkeet“, ass konnt dem Auditoire unhand de fundéierten Ausféierunge vum Referent verständlech gemaach ginn.

Am Kontext vun engem syresche Friddensprozess, setzt de Clemens Ronnefeldt, op déi noutwenneg Opnam vun de „Genfer Gespréicher“, déi ënnert der Opsiicht vun de Vereenten Natiounen, misste stattfannen. Unhand de laangjäregen Erfarunge vum internationale Versöhnungsbond, huet de Clemens Ronnefeldt fir eng Stäerkung vun der Zivilgesellschaft an der Regioun plädéiert. Nëmmen déi kann e laangfristegen an nohaltege Fridde sécherstellen.

Foto: © Fridden- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg

Related topics Clemens Ronnefeldt, Erwuessenebildung, Fridden- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg, Konflikt, Syrien
Next post Previous post