Mengs de, du packs et duerch dëse Lëtzebuergesch-Quiz?
[onionbuzz quiz-id=157][/onionbuzz] Och dës Woch hu mer en neie Lëtzebuergesch
[onionbuzz quiz-id=157][/onionbuzz] Och dës Woch hu mer en neie Lëtzebuergesch
Vergaangene Weekend ass déi éischt Editioun vun der Graphic Tattoo
De Kulturministère verfollegt seng Politik weider. En huet Moossnamen zur
Zanter Mëtternuecht sinn eis hollännesch Frënn am krasseste Lockdown deen aktuell an engem EU-Land duerchgezu gëtt. Holland huet allerdéngs mat dramateschen Infektiounszuelen ze kämpfen an deem huet de Premierminister Mark Rutte elo missen eppes entgéintsetzen. Resultat, fir déi nächst 5 Wochen ass ee gutt beroden sech et op der Couch oder am Hobbykeller gemittlech ze maachen…
A senger Usproch op der Tëlee huet de Mark Rutte senge Landsleit d‘Moossnamen erläutert, wärend virun der Dier, eng opbruechte Mass dergéint protestéiert huet. Et ass dann och fir d‘éischt, datt bei eisen hollännesche Frënn, am Kontext vun der Covid19-Pandemie, all d‘Geschäfter – bis op déi wou Saache fir den deegleche Besoin verkafen – hir Diere musse schléissen. An dat ass net alles.
Vun haut un sinn d‘Schoulen zou, ab ee Méindeg kritt d‘Kultur (Theater, Kino & Muséeën) de Stecker gezunn. Och d‘Déngschtleeschter (Coiffeur, Masseur, Tattoo, Fitness, asw) mussen déi nächst fënnef Wochen hir Aktivitéite roue loossen. Bref… elo gëllt d‘Devise: „Doheem bleiwen!“ Vu Reesen an d‘Ausland geet andrénglech ofgeroden. D‘Stëmmung ass entspriechend gedréckt.
Tribut un d‘Vernonft
Et ass ze verstoen, datt vill Hollänner – wuel wéi bei eis och besonnesch déi Jonk – wéineg vun dëse Moossnamen halen: Et dierfe maximal zwou Persoune bei een op Besuch kommen (fir de Reveillon dierfen et der dräi sinn) an och am ëffentleche Raum sinn Usammlunge vu méi wéi zwou Persoune verbueden – ausser bei enger Policekontroll, wou d‘Beamten net matgezielt ginn. Datt ass net cool.
Och iwwer Silvester gi keng Ausname gemaach, an et ass keng gutt Iddi sech iwwert dës Mesuren ewechzesetzen. D‘Strofe sinn der Situatioun ugemooss, well d‘Regierung elo Léisungsorientéiert am Problem ëmgoe muss. Säit Mëtt November klammen d‘Infektiounszuelen exponentiell. Et goufe kierzlech ronn 8.500 Neiinfektioune bannent 24 Stonne gemellt, an de Fleegesecteur ass um Limitt.
De Problem an Holland ass dee selwechte wéi zu Lëtzebuerg: Vernënfteg Politiker an Acteure vun der Zivilgesellschaft ënnerstëtzen den Appell vun de Medeziner an Experten, méiglechst doheem ze bleiwen a seng Kontakter op ee minimum ze begrenzen. Onvernënfteg Politiker an Acteuren aus der Wirtschaft ruffen zum maximale Konsum op, well et ass Chrëschtdag an et muss einfach sinn…
Esou war et an Holland en änlecht Bild wéi bei eis: Ab dem „schwaarze Freideg“ (nach esou eng amerikanesch Ignonimie) a bis ee Méindeg waren d‘Shopping Zenter an d‘Akafsstroosse schlicht iwwerlaf. Sech u Reegelen halen? Nëmme wann et passt. A genee do schléit den Toast op senger gebotterter Säit op. Den eenzelen ass jo ëmmer vernënfteg, firwat dann all déi aner Schold hunn.
Wann elo déi „Erwuessen“ sech net den Appeller vu Politik a Wëssenschaft, dach ëm Gotteswëllen doheem ze bleiwen, well et einfach keng Plaz huet, uschléissen… wéi der Däiwel soll d‘Message bei de Jonken ukommen? An esou huet och an Holland (wéi bei eis zu Rodange, an der Belsch zu Virton oder zu Marseille/Frankräich) iwwer de Weekend ee sëllegen illegal Feieren an Partye ginn.
Bei dësen Events ginn natierlech Alkohol an Droge konsuméiert, firwat dat war sech „Reegele“ virgeholl ginn ass, séier an d‘Hannertreffe geréit. Masken huet do keen un, Distanz widdersprécht vollkommen dem Zweck vun esou enger „Versammlung“ an et ass jo erwisen, datt een an dësem Alter onstierflech ass. Hei mengt ee wuel, datt d‘Natur seng natierlech Selektioun wäert maachen.
Esou ganz vun eleng ass den hollännesche Premierminister awer net zu dëser Decisioun gelaangt. Hien hat an de leschten Deeg a virun déi leescht Woch widderholl Kontakt mat der Bundeskanzlerin Angela Merkel. Vill Buergermeeschter aus der hollännesch-däitscher Grenzregioun haten de Mark Rutte virun engem däitsche „Konsum-Iwwerfall“ gewarnt, well jo Däitschland am Lockdown ass.
Mam totale Shutdown dierft eng vun de Suerge vun de Buergermeeschter an Holland bäigeluecht sinn. Besser wier et natierlech, zumindest op groussem regionalen Niveau, Mesuren ënnertenaner, also quasi als Partner vun enger Famill, oder Unioun, ofzestëmmen. Dat awer ka Politik natierlech net leeschten. An der Politik gi jo Kooperatioun a Solidaritéit séier als Schwächt ausgemaach…
Déi nächst wou elo dierften duerch dës „Decisiounen a Kaskad“ (jo Frankräich huet wuel op där enger Säit de Lockdown géint d‘Spärstonn – vun 20 bis 6 Auer – agetosch) sinn eis Belsch Noperen. Wann d‘Geschäfter an Däitschland an Holland zou hunn, sech awer nach dierf fräi beweegt ginn, kann et zum Konsum-Rush op déi Belsch Geschäftsstroossen an Akafszenter kommen.
Wéi dat kann ausgesinn, léisst sech unhand eisen op der grénger Wiss etabléierte Konsumtempel mee och de groussen Akafsstroossen – déi politesch korrekt musse Foussgängerzon genannt ginn – mat Liichtegkeet demonstréieren. Dat werft schonn eppes Froen op, a sollt och bei eis mat gudden Äntwerte beduecht ginn. Eise Gesondheetssystem ass jo bekanntlech am roude Beräich ukomm.
mat indymedia/ams/ber/bru/par