Search

You may also like

Weider 4 Joer Partnerschaft tëscht der WHO a Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Weider 4 Joer Partnerschaft tëscht der WHO a Lëtzebuerg

En Donneschdeg hunn de Franz Fayot, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an

Wunneng verlount: Halloween zu Lëtzebuerg…? (Lieserbréif)
International Neiegkeeten

Wunneng verlount: Halloween zu Lëtzebuerg…? (Lieserbréif)

Wann een e Problem mat Locatairen huet, déi sech net

Nashville am Noutstand
International Neiegkeeten

Nashville am Noutstand

No der Explosioun vun engem Camper zu Nashville ass de

No Blamage… hollännesch Regierung trëtt zréck

Am Mäerz sinn an Holland Parlamentswalen, do kann ee „mea culpa“, inklusiv „mir iwwerhuele Verantwortung, säitens de Rutte Regierung schonn als politesche Schachzuch bewäert ginn

No Blamage… hollännesch Regierung trëtt zréck

D‘Regierung vum hollännesche Premierminister Mark Rutte zitt d‘Konsequenzen aus enger Affär ëm Kannerzoulagen, bei där eng 20.000 Famillje fälschlecherweis kriminaliséiert goufen an esou a grouss finanziell Nout gerode sinn. Eng Enquêtëkommissioun war am Dezember zum Schluss komm, datt d‘Steierverwaltung an héchstem Moss versot huet. Dofir dann elo de Récktrëtt.

Tëscht 2013 an 2019 ware ronn 20.000 Famillje vun der Steierverwaltung dem Bedruch bezichtegt ginn. Ausgangspunkt dofir: zum engen hat d‘Parlament Reegele geschafen déi kaum anzehale sinn, zum aneren hu sech déi zoustänneg Verwaltunge geweigert Feeler anzegestoen. Esou fir d‘Sozial- wéi d‘Steierverwaltung huet ausser Fro gestanen, datt dës Leit sech e Virdeel erschläiche wollten.

D‘Virgoensweis vun de Verwaltunge war, wéi sech dat vu Beamten net anescht erwaart „stramm“, firwat vill Eltere bis haut traumatiséiert sinn. Wann et berechtegt – an d‘Enquête léist dorunner keng Zweiwel – Virwërf géint d‘Regierung an déi genannte Verwaltunge gëtt, esou huet sech och d‘Justiz net vun hirer beschter Säit gewisen. Riichtergremien hunn d‘Kloe vun den Elteren ofgewisen…

Vill vun dëse geschiedegten an zu onrecht als Bedréier duergestallte Familljen hunn allerdéngs keng Rou ginn. Et gouf eng Enquêtëkommissioun agesat an déi huet am Dezember d‘Prozeduren déi vun de Politiker, de Verwaltungen an der Justiz ageleet an ëmgesat goufen, schaarf denoncéiert. Déi geschiedegt Famillje sollen elo dann och eng Entschiedegung an héicht vun 30.000 Euro erhalen.

Regierung

Esou jiddefalls huet et d‘Regierung zu Den Haag dëse Freideg no enger längerer Sëtzung vum Ministerrot decidéiert. No der Sëtzung sot de Premierminister Mark Rutte: „De Rechtsstaat huet op der ganzer Linn versot, an d‘Bierger net géint den iwwermächtege Staat geschützt“. Fir d‘Vertrauen an de Rechtsstaat nees hierzestellen, huet sech d‘Regierung fir de Récktrëtt entscheet.

Vun den hollännesche Medie gëtt dëse Schratt als „symbolesch Aktioun“ duergestallt. Am Mäerz si Parlamentswalen, an et misst een en Zeeche setzen. D‘Leit solle jo der Politik, hiren Deputéierten an der Regierung vertraue kënnen. Op a wéi en Afloss dëse „Récktrëtt“ op d‘Wale vum 17. Mäerz wäert hunn, ass am Kontext vun der Covid19-Kris nach net ersiichtlech. Mee et wäert een hunn.

mat indymedia/ams

Illustratioun: © Michal Soukup / unsplash

Related topics Holland, Mark Rutte, Parlamentswalen, Rechtsstaat, Récktrëtt, Regierung
Next post Previous post