Hollännesche Premier reagéiert op d‘Onrouen

De Mark Rutte huet um Méindeg d‘Ausschreidunge vum Weekend als Explosioun vun der Gewalt verurteelt an d‘Acteure vun dëser als Idiote bezeechent

Et kann ee mat der Politik onzefridde sinn, der Meenung sinn datt d‘Impfung eng Machenschaft vun der zionistescher Weltherrschaftsbeweegung ass an et dierf een esouguer gleewen datt eise Planéit eng Scheif ass… Wann een dann allerdéngs seng „philosophesch“ Gedanke mëttels Gewalt an der Zäitgeschicht verankere muss, iwwerschreit een d‘Grenze vum gesellschaftlechen Zesummeliewen.

Ob et sech fir e Regierungschef schéckt, eng Minoritéit als „Idioten“ ze bezeechnen? No dräi Deeg bëlleger Gewalt ënnert dem Virwand vum Protest an der Festnam vun engen 140 brandgeféierleche Klatzkäpp, ass den Ausdrock u sech wuel wäit ewech vu „politesch korrekt“, trëfft an der Essenz awer den Toun. Wie Feier leet a mat Feierwierkskierper op Poliziste schéisst, ass faktesch en Idiot.

En ass och dann en Idiot, wann een héich kriminell a Gewaltbereet ass. Dat eent schléisst dat anert bekanntlech net aus. Vun ee Freideg bis an d‘Mueresstonne vum Méindeg hu sech d‘Poliziste mat esou Mënsche missen ausenanerzesetzen, dobäi huet et iwwerall mat friddleche Protester géint déi neierlech nees agesate Covid19-Mesuren ugefaangen. An et dierf an Holland demonstréiert ginn.

Och fir de Mark Rutte (an et ass ganz onerhieflech ob ee Fan ass) ass d‘Demonstratiounsrecht eng Sail vun der Demokratie. Wien dëst Recht schänterlech mëssbraucht, ass ee Feind vun eben dëser Demokratie, déi wéi jo gewosst ass, all Dag op en Neits muss verdeedegt ginn. Dat geet am beschte wann ee mat enaner Schwätzt… Richteg ass wuel, datt d‘Politik den Dialog eppes eesäiteg féiert.

Mee esouguer dann dierf een et als Communautéit/Gesellschaft net zouloossen, datt Randaléierer a Casseuren, déi zu allem Iwwerfloss och just eng Minoritéit bannent der scho minoritärer Protest-Beweegung sinn, sech als Helden an „Nei Weltuerdnung“ wëlle feiere loossen. Fir déi wou vun den Autoritéite „gepëtzt“ goufen, dierft sech elo juristesch ee däischtere Liewensofschnëtt opdoen…

mam Julie van het Winkel, indymedia (ams)

Dernières nouvelles