Search

You may also like

SREL-Affär: Dat wier gekläert!
Neiegkeeten

SREL-Affär: Dat wier gekläert!

De Prozess um Geriicht zu Lëtzebuerg, wou de fréiere SREL-Direkter

Eng Zockersteier fir Lëtzebuerg?
Neiegkeeten

Eng Zockersteier fir Lëtzebuerg?

De Gedanke vun enger Zockersteier ass net nei. Datt d‘Gesondheetsministesch

Wat bréngt Netflix eis am Januar?
Neiegkeeten

Wat bréngt Netflix eis am Januar?

En neie Mount ass ugebrach! Dat heescht, datt mer eis

Aarbechten an der Hollerecher Strooss (29.11.2020)

Aarbechten an der Hollerecher Strooss (29.11.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt e Sonndeg, den 29. November 2020 vu 7:00 bis 15:00 Auer un der Kanalisatioun vun der Hollerecher Strooss geschafft gëtt.

Aus dësem Grond wäert d’Hollerecher Strooss ab der Hausnummer 94 bis zur Rue Jean Baptiste Merkels zur Eebunnsstrooss ginn. Den Zirkulatiounsservice këmmert sech ëm eng adequat Beschëlderung.

Dës weidere wäert et folgend Ännerungen am ëffentlechen Transport ginn:

Linn 1/125, 4 a 27: A Richtung Gare ginn dës Buslinnen ab der Route d’Esch iwwert d’Rue de la Déportation an d’Rue d’Alsace bei d’Gare ëmgeleet. D’Haltestellen Assurances Sociales Quai 2 (Linn 4), Jean-Pierre Merkels a Fonderie (Linnen 1/125, 4 a 27 a Richtung Gare entfalen. Ersatz bidden d’Haltestellen Assurances Sociales Quai 3 (154 Route d’Esch – Linn 1/125 a 27), sou wéi Hollerich-Gare (Rue de la Déportation – Linn 4).

Hollerecher Strooss

Bei schlechte Wiederkonditiounen ginn d’Aarbechten op e spéideren Zäitpunkt verréckelt.

D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Related topics Ännerungen, Chantier, Deviatioun, Ëffentlechen Transport, Ëmleedung, Hollerecher Strooss, Kanalisatiounsaarbechten, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post