Search

You may also like

Regional a fair mat „Fleesch vun der Atert“
Neiegkeeten

Regional a fair mat „Fleesch vun der Atert“

Een néie Projet vun der „Kooperativ vun der Atert“ mam

Weider Rout-Luuchte-Radare wäerte kommen
Neiegkeeten

Weider Rout-Luuchte-Radare wäerte kommen

Nodeems am Oktober 2020 e Radar un de Roude Luuchten

FREYA RIDINGS den 27. Januar am Atelier!
Neiegkeeten

FREYA RIDINGS den 27. Januar am Atelier!

Fir Groussbritannien ass dës Sängerin ee vun de gréissten opbléienden

Home and Living – Alles zum Thema Wunnen an Ariichtung

Vum 13. bis den 21. Oktober kann een an der Luxexpo um Kierchbierg déi nei Trends an Iddie fir de Wunnberäich fannen. A fënnef Hale fënnt een alles vun der Wunneng, iwwert Bannenariichtung bis hin zum eegene Jaccuzzi.

D’Home and Living Expo zielt iwwert 300 Aussteller. An Zesummenaarbecht mat der Semaine Nationale du Logement sinn d’Hale vun der Luxexpo esou organiséiert, datt een an engem Beräich alles fënnt, fir säin Eegenheem ze kafen, nei Bauprojete virgestallt ze kréien an Informatiounen zu engem Appartement ze sammelen. Déi aner Fläche gi genotzt, fir Bannen- a Baussenariichtungen ze presentéieren.

Souwuel fir Persounen, déi just informéiere wëllen, wéi och fir Keefer ass eppes dobäi. Et sollt een awer bedenke genuch Sue matzehuelen. Trotz de spezielle Promoe vun der Foire fënnt een hei zimlech héich Präisser, wat awer och un der Exklusivitéit an héichwäerteger Qualitéit vun de Produite läit.

Fir jiddwereen, den un der Home and Living Expo interesséiert ass oder och just emol luusse well, kann um Site selwer gratis Ticketen erof lueden. Spontanentscheeder musse 5 € Entrée bezuelen, Kanner a Jugendlecher ënnert 18 Joer komme gratis eran.

D’Foire ass zu folgenden Zäiten op:

  • Méindes bis Freides vu 15:00 bis 21:00 Auer
  • Samschdes a Sonndes vun 10:00 bis 19:00 Auer

Weider Informatioune fannt Dir um Site homeandlivingexpo.lu

Related topics Ariichtung, Home and Living, LuxExpo, Miwwelen, Wunneng, Wunnengsmaart
Next post Previous post