Search

You may also like

D‘Kierch ass kee gudde Patron
Neiegkeeten

D‘Kierch ass kee gudde Patron

Wéi sech deen een oder aneren iwwerluecht hat Katechet ze

Den Dylan verpasst de Podium nëmme knapp
Neiegkeeten

Den Dylan verpasst de Podium nëmme knapp

Nodeems den Dylan Pereira e Samschdeg zu Mexiko regelrecht „ofgeschoss“

OPGEPASST: Eventuell Plastiksstécker bei Champignonen vu LIDL
Neiegkeeten

OPGEPASST: Eventuell Plastiksstécker bei Champignonen vu LIDL

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt d’Champignonen no

Homeoffice… eng Alternative mécht säi Wee

Homeoffice… eng Alternative mécht säi Wee

Haut de Moien huet de STATEC déi éischt Resultater vun enger kuerzfristeger Enquête zu de sozioekonomeschen Auswierkunge vum Confinement am Kontext vun der Covid19-Pandemie verëffentlecht. Et handelt sech ëm en éischten Entworf, méi detailléiert Analyse sinn an Aarbecht.

Interessant den éischte Constat: 69% vun den um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart aktive Mënschen hunn sech mat der Iddi „Homeoffice“ ugefrënnt. 2019 huet dësen Taux nach bei 20% geleeën. 48% vun den Leit (Employéeën an Independanten zesummegeholl) hu ganz vun doheem aus geschafft, 21% hunn tëscht Homeoffice an Büro alternéiert. Et huet awer Ënnerscheeder jee no Secteur ginn.

Besonnesch héich war den Taux am Enseignement (74%), dem Secteur vun der Administratioun a Finanzdéngschtleeschtungen (61%), a bei de Verwaltunge vum ëffentlechen Déngscht (47%). Bei den Independanten huet den Taux bei 66% geleeën. Naturgeméiss, hunn d‘Employéen aus der Stad an Ëmgéigend – wou méi administrativ geschafft gëtt – sech méi fir dës Opportunitéit entscheet.

D‘Grenzgänger (55%) hunn den Homeoffice méi genotzt wéi d‘Residenten (40%). Den Typ vu Logement (Haus oder Appartement) hat kee gréisseren Afloss. Allerdéngs Menage mat Kanner, hu méi op integralen Homeoffice gesat (52%). Op den Alter bezunn, sinn et déi 55+ wou sech staark fir den Télétravail interesséiert hunn. Op et ee Rapport zur Vulnerabilitéit gëtt, muss gekläert ginn.

Festgestallt ginn ass och, datt an deene Beräicher wou eng héijer Ausbildung gefuerdert ass, sech den Homeoffice besser ze eegne schéngt. Zudeem fält bei manuellen Aarbechten dës Optioun aus verständleche Grënn aus. Vill Leit sollen zudeem dës nei Aarbechtsform gutt opgeholl hunn a géifen sech wënschen, wann een dat esou kéint bäibehalen. Dat brauch dann awer e legale Kader.

Fir 15% vun de leit war den Homeoffice allerdéngs keng gutt Erfarung. Wat do speziell de Problem ass a wéi een dat léise kann, dat muss elo verdéift ginn. Et kann een awer schonn emol soen, datt et och mat den neien Technologien ze dinn, huet déi méiglecherweis op der Schaff méi „performant“ sinn. Do gëtt et also eng Rei Schrauwen, déi den Homeoffice méi attraktiv maache kënnen…

Illustratioun: Vun doheem aus schaffe schéngt sech duerchzesetzen. D‘Leeschtungen si vergläichbar mat deenen um Standuert, mee d‘Leit schéngen dee Plus u Liewensqualitéit ze begréissen. © Bruno Cervera / unsplash

Related topics Homeoffice, Liewensqualitéit, Statec, Teletravail
Next post Previous post