Search

You may also like

„Back to the books“ um 31. Oktober an de Rotondes
Neiegkeeten

„Back to the books“ um 31. Oktober an de Rotondes

Fans vu Graffiti, Hip-Hop-Kultur a bildend Konscht treffen sech den

D’Pirate mat Zouversiicht um Wee an d’Gemengewahlen
Neiegkeeten

D’Pirate mat Zouversiicht um Wee an d’Gemengewahlen

De Landeskongress vun der Piratepartei Stong voll an ganz am

Dateschutz a Bannesécherheet hunn eng schwiereg Bezéiung
Neiegkeeten

Dateschutz a Bannesécherheet hunn eng schwiereg Bezéiung

Et ass net wéi wa kee méi géif duerchblécken, woubäi

Homeoffice: D‘DP besteet op e gesetzleche Kader

Homeoffice: D‘DP besteet op e gesetzleche Kader

Den Homeoffice – also vun doheem aus schaffen – wier am Zäitalter vun der Digitalisatioun eng gutt Optioun, heescht et säitens der DP. Si sinn dann och iwwerzeegt, datt d‘Digitalisatioun vun der Gesellschaft zu méi Liewensqualitéit ka bäidroen. Dat ganzt misst awer vun engem gesetzleche Kader gedroe ginn.

An déi Liberal hunn an dësem Dossier dann och esou eppes wéi eng „Längt Virsprong“, zumindest wann een der Argumentatioun vum DP-Fraktiounschef, Eugène Berger, déi néideg Opmierksamkeet schenkt. Hien ass sech sécher, datt déi Demokratesch Partei eng Virreiderroll an der digitaler Transitioun ze spillen huet. D‘Politik misst sech an dësem Dossier dann hirer Verantwortung bewosst ginn, an den Terrain virbereeden.

Den Eugène Berger beweist dann och Wäitsiicht, en erkennt un, datt mat der digitaler Transitioun och verschidde Beruffer an Aarbechtsplaze wäerte verluer goen. Dofir géifen awer neier geschafe, firwat ee bei der DP d‘Meenung vertrëtt, datt déi „digital Zukunft“ net gläichbedeitend ass mat „manner Aarbechtsplazen“. Si hunn sech dann och virgeholl, sech fir den Homeoffice staark ze maachen, ënnert der Konditioun, datt dësen e klore gesetzleche Kader kritt.

Méi Liewensqualitéit duerch manner Stress

An den engagéierte Politiker setzt dann och op déi ëffentlech Meenung, déi hien aus engem Sondage wëll erausgelies hunn. Dëse Sondage aus dem Joer 2017 huet erginn, datt sech 88% vun der aktiver Bevëlkerung méi Flexibilitéit op der Aarbechtsplaz wënschen. Dat, esou den Eugène Berger, hätt ee bei der DP mat grousser Opmierksamkeet zur Kenntnis geholl.

Et wier dann elo och un der Zäit sech politesch fir den Homeoffice anzesetzen. Dat féiert dozou, datt d‘DP gewëllt ass esou wäit ze goen, an e Recht op „Homeoffice“ ze revendiquéieren, och wann een agesäit, datt den Homeoffice als Vollzäitbeschäftegung net d‘Léisung ka sinn. De Salarié misst sech egal wéi, awer wéinstens emol an der Woch „physesch“ a senger Entreprise weisen, esou den Eugène Berger, fir de soziale Kontakt zu deenen anere Mataarbechter oprecht ze erhalen.

Am Kontext vun der Digitalisatioun leet d‘DP dann och grousse Wäert drop, datt dem Salarié muss d‘Recht hunn „Offline“ ze goen. E Recht dat den Eugène Berger wëll am Gesetz verankert gesinn. Gläichfalls missten am Gesetz déi sozial Errongenschafte garantéiert ginn.

Eng gutt Ausbildung muss d‘Grondlag sinn

Fir datt dat ganzt och gutt ka funktionéieren, setzt d‘DP op „Ausbildung“. D‘Educatioun zur Digitalisatioun soll iwwert de Wee vun der politescher Aktioun an begleedende Reformen duerch den Educatiounsminister séchergestallt ginn. Déi kommend Generatioune mussen elo op déi nei Aarbechtswelt an déi sougenannten „Industrie 4.0“ virbereet ginn. Eng Evolutioun déi een als Chance sollt gesinn, well och wann een de Leit Angscht mécht, hält een déi net méi op.

Bei der DP hunn sech also virgeholl, déi sëllechen Erausfuerderungen deenen ee sech stelle muss, matenaner ze verbannen. D‘Digitalisatioun géif dann och eng reell Chance duerstellen, fir dem verlaangten „qualitative“ Wirtschaftswuesstem gerecht ze ginn.

Lëtzebuerg huet dann och tatsächlech, scho wéinst senger Gréisst, d‘Méiglechkeet Pionéieraarbecht bei beim „Rennen ëm déi nei Technologien“ ze leeschten. Virdeeler déi e notze soll, firwat den Eugène Berger och d‘Meenung vertrëtt, datt et dofir e Ministère, oder zumindest e Staatssekretär misst ginn, deen sech ganz gezillt an exklusiv mat der Koordinatioun vun allen Aufgaben déi fir d‘Digitalisatioun noutwenneg sinn, befaasst.

Related topics Digitaliséierung, DP, Eugène Berger, Homeoffice
Next post Previous post