Search

You may also like

Keng ëffentlech Griewerseenungen op Allerhellegen an Allerséilen
Neiegkeeten

Keng ëffentlech Griewerseenungen op Allerhellegen an Allerséilen

Déi sanitär Situatioun erfuerdert ëmmer erëm eng nei Evaluatioun a

FLASS: Méi Beweegung fir Persoune mat kierperlechen a psychesche Problemer
Neiegkeeten

FLASS: Méi Beweegung fir Persoune mat kierperlechen a psychesche Problemer

Um vergaangene Freideg huet de Romain Schneider, Minister fir sozial

Transsexualitéit – de couragéierten Emgang mat der Realitéit
Neiegkeeten

Transsexualitéit – de couragéierten Emgang mat der Realitéit

Wien mengt, datt Transsexualitéit zu Lëtzebuerg kee grousst Thema ass

Homeoffice bréngt den Horesca-Secteur duerchenaner

Homeoffice bréngt den Horesca-Secteur duerchenaner

Fir de Generalsekretär vum Beruffsverband vun der Gastronomie, François Koepp, ass déi duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste sanitär Kris, och nom Deconfinement an der Reprise vun den Aktivitéiten nach ëmmer ee grousse Grond zur Suerg. Sécher, et hätt sech nees villes verbessert, et ass allerdéngs och nach net iwwerstanen.

Duerch de Lockdown si vill Entreprisen, vum Bistro iwwer de Restaurant hin zum Hotel, a ganz geféierlech Gewässer geroden. Hei gëtt den ament op ville Plazen ëm d‘Iwwerliewe gekämpft an d‘Zäite bleiwen haart. Et wier wuel richteg drop hinzeweisen, datt d‘Kris sech net gläichermoosse verdeelt an datt am ländleche Raum, d‘Hotellerie sech lues a lues nees eppes erhëlt.

Anescht géif et dogéint an de groussen Agglomeratiounen a besonnesch an der Haaptstad ausgesinn, wou d‘Auslaaschtung vun de gastronomesche Betriber nach ëmmer ënner 30% leie géif. E Problem, esou de François Koepp, deen nëmmen indirekt der Covid19-Pandemie geschëlt ass. Wa wärend dem Lockdown d‘Situatioun kloer war, an et dofir och zolidd Ënnerstëtzung ginn huet, esou ass et aktuell eppes anescht, wat dem Horesca-Secteur richteg Problemer bereet.

Wärend vill Salariéeën an och d‘Patronen sech ëmmer méi mam Gedanken ufrënne vun doheem aus ze schaffen, an sech an der tëscht esouguer de Wirtschafts- a Sozialrot (CES) mat sengem Avis kloer fir den Homeoffice/Télétravail ausgeschwat huet, mussen d‘Restauranten ëm all Client kämpfen. Et géifen dem Secteur nach ëmmer eng honnertdausend potentiell Cliente feelen, esou d‘Ausso.

An der Emissioun „Story“ op l‘Essentiel Radio huet den Horesca-Generalsekretär also festgestallt: „Wann d‘Leit net méi op de Büro schaffe ginn, geet och keen an der Mëttegpaus an de Restaurant“. Dat ass jo wuel och éischter logesch, mee et sollt een net dovunner ausgoen dierfen, datt nëmmen aus gastro-ekonomesche Grënn, den Homeoffice wäert ofgeschaaft ginn. Wann et sécher net fir all d‘Salariéeën „eng flott Saach“ ass, groussen Interessi besteet schonn.

Et wäerte vill Jobs verluer goen

Richteg ass awer och, datt dat eng ganz schlecht Saach fir eng rei Restauranten ass. D‘Loyere sinn an de leschte Joren ëmmer méi an d‘Luucht gaangen, an net alles léisst sech iwwert de Präis fir de Client ausgläichen. Laut dem François Koepp kéinten, wann sech den Homeoffice duerchgesat kritt, dat nächst Joer bis zu 7.000 Aarbechtsplaze verluer goen. Dat nennt ee wuel „Transitioun“…

Elo ass d‘Gejéimers vum Horesca-Generalsekretär verständlech an novollzéibar, mee datt hien sech elo ëm d‘Salariéeë géif suerge stëmmt esou net. Hie vertrëtt d‘Patronnen an do och därer, déi net esou gutt op „Personal“ am grousse Ganzen ze sprieche sinn. Et ass een Niddreglounsecteur, mat éischter bedenklechen Aarbechtszäiten a –konditiounen. Jee no Source schaffen an dësem Secteur bis zu 75% Grenzgänger, zweedrëttel vun hinnen si Fraen.

An datt sech net nëmme wéinst Covid19 eppes op der Welt ännere muss, mee et wierklech seriéis Zäit gëtt d‘Klimakris als dat ze erkenne wat se ass, sollt och dem François Koepp mëttlerweil bekannt sinn. Et ass sécher richteg datt den Télétravail eleng de Klimawandel net ophale wäert, mee och mat klenge Schrëtt kënnt ee weider. Den Homeoffice léisst sech folgerichteg och net ophalen.

Wéi scho gesot, et ass net jidderengem senges, mee fir déi meescht schéngt et eng gutt Alternativ ze sinn. Et betrëfft natierlech Beruffsgruppen déi verhältnesméisseg gutt verdéngen, an doheem och entspriechend „organiséiert“ sinn. Si wëssen dëse „plus“ u Liewensqualitéit ze schätzen, firwat si net wäerte wëllen drop verzichten. Leider sinn et dës gutt bezuelte Leit, déi de François Koepp an de Restaurante brauch. Si loossen am Schnëtt 40 Euro op de Kapp hänken…

Illustratioun: Mam Télétravail hu besonnesch all déi Restauranten e Problem, déi hir Haiser an de sougenannten „administrativen Zonen“ hunn, an eigentlech hiren Ëmsaz an der Mëttegstonn mat de Salariéeën aus den ëmleiende Büroe maachen. Dësen Trend wäert sech halen an net all Restaurant wäert eis erhale bleiwen. Utopesch Loyeren, ee vill ze héije Mindestloun an eegen Uspréch maache vill Restaurateure d‘Liewe schwéier. Ouni Cliente geet et folglech net. © Alexander Kovacs / unsplash

Related topics François Koepp, Frontalieren, Homeoffice, HORESCA, Teletravail, Wirtschaftskris
Next post Previous post